Haut geet se un, déi geckeg Zäit
Mat där net jiddereen ass gehäit.
Ech selwer hunn si awer gär,
Puer Deeg laang sinn dann d'Gecken Här.

Ob Fuesent, Fasching, Karneval,
Beim Rhäin oder am Sauerdall;
Et sinn normalerweis déi Deeg,
An deenen Paus huet mol den Eescht.

Op Fetten-Donneschdeg geet et lass,
Fuessonndeg reimt den Abbé d'Mass.
Bis Äschermëttwoch hält et un.
Ab dann geet rëm den Alldaag un...

Verkleeden ass déi Deeg erwënscht,
Zum Deel erkennt een esou kee Mënsch.
't erkennt ee knapps déi eege Fra,
En Iertum kann do goen an d'Ae...

An dëser Zäit ass d'Musek TOP!
Marsch, Polka, Waltz bréngt Stëmmung op.
Wann d'Danzpist ass genuch gestreet,
Dann geet et rond voll Gléck a Freed.

Fir d'Danzschong sinn des Deeg e Fest.
Sie bleiwe meeschtens bis zum Rescht
A sinn dono dacks Huddel a Fatz.
Och munche Geck huet eng déck Klatz.

Sou stellen ech mir d'Fuesent vir:
Mat feieren, danzen, Schweess op der Stier...
Mee dëst Joer huet den Eescht gewonn,
De Fuesgeck kuckt dëst Joer ganz domm.

Et ass kee Bal, keng Kavalkad
Nach ni war d'Fuesent esou fad.
Blo Masken gëtt et iwwerall,
E Fuesbok hätt mir besser gefall.

Mee ännere kann och ech et net
Just hoffen dass et besser gëtt.
Ech wënschen de Gecken trotz alledem
Puer schéiner Fuesdeeg brav doheem.

Dofir dir Gecken queesch duerch d'Land:
Huelt Eech doheem elo Hand an Hand,
Dréint Musek op, sangt La la la
Danzt "Cha Cha Cha am Pyjama"!

J-M Glodé