Natierlech ass en Impf-Ziedel/Pass fir déi Leit formidabel, déi hir ‘Picki/e’ kritt hunn.  Am Fong kënnten déi jo da wéinstens  bannen an engem Café, Restaurant oder soss enzwousch zervéiert ginn, déi esou en Dokument bei sech hunn. Dat sinn der –ee Gléck – ëmmer méi. Ower!!!

Huet dir iech déi Saach fir eng Demande ewell um > http://guichet.lu/certificat-vaccination < op de Schierm geholl? Dat ass fir 95% vun alle Leit eppes Onméigleches! Hei denkt ee mat Recht un d’Witzerei: Firwat eppes einfach maachen, wann et och komplizéiert geet?

D‘ Impf-Administratioun gëtt dach Ziedele mat allméiglechen Code-Elementer eraus. Firwat et net automatesch dann och esou no den Impfunge fir déi Leit déi se kruten an ENREGISTRÉIERT guffen.

Wat elo vun äis gefrot gëtt ass, pardon, Zinglabumm!

Lex Roth (voll geimpft)