E puer Gedanken nom couragéierte Commentaire vun der Madame Camposeo vum 13. Abrëll

Lëtzebuerger Politiker weise gären op internationaler Bühn mam moralesche Fanger op Politiker, déi et net esou mat Demokratie an Transparenz hunn – ob dat an Ungarn, a Russland, an der Tierkei oder soss anzwousch ass. Riichte mer mol voll Bescheidenheet dee selweschte moralesche Fanger fir e puer Ablécker op Lëtzebuerg. – Ëmmerhin hunn d’Vertrieder vun dëser Regierung 2013 ugekënnegt, si géifen d’Fënsteren vun der Regierung a vum Staat grouss oprappen : mat Gambia kéim Transparenz pur.

Hei fënnef kleng (Géige-)Beispiller, déi ze denke ginn.

1.

Et huet net laang nom Regierungswiessel 2013 gedauert, do huet deen neie Premier Minister mat enger laangjäereger lëtzebuerger Traditioun gebrach : hien huet sengem Virgänger seng wëchentlech Pressebriefingen nom Conseil de gouvernement ofgeschaf – bis dohinner ware mir gewinnt, quasi all Freides Owes den Premier op RTL ze gesinn, wou en un engem laangen Dësch de Journalisten op all hier Froen geäntwert huet, an enger entspaanter Atmosphär. Esou si si, an domat d’Land, gewuer ginn, wourunner d’Regierung schafft a wéi et am Land leeft – esou, wéi een sech dat an enger liberaler Demokratie erwaarde kann.

Dobäi huet dee momentane Premier als ee vu sengen engste Mataarbechter en ehemolegen Journalist (M. Paul Konsbruck, säin aktuellen Chef de Cabinet) a kommunizéiert dach gären – mä an de soziale Medien (elo och nach op TikTok – bravissimo...), ouni journalisteschen Tëschenfilter.

Firwat ass dee wëchentleche Q&A Freides nom Regierungsrot mat Vertrieder vun alle Medien ofgeschaf ginn ?

2.

Wéi d’lescht Joer am Mäerz d’Kris ausgebrach ass, hunn den Här Bettel a seng « Matministeren » um Ufank een eenzegen Journalist (deen eng Partie gesammelt Froen virdroe kount) an de Raum gelooss, aus « sanitären Grënn », wéi et geheescht huet.

Hätten Transparenz an Demokratie net suggéréiert, dass een e riesege Raum kéint huelen – z.B. d’Philharmonie oder d’Coque (déi dem Staat gehéieren) –, fir dass all d’Journalisten kommen an all hier Froe stelle kéinten ?

3.

D’Allgemengheet gëtt laang näischt iwwert d’Clusteren an den Altersheimer gewuer. D’Familjeministesch (déi an der Vergaangenheet schon duerch Kommunikatiounsdebakel opgefall ass – vgl. z.B. https://5minutes.rtl.lu/actu/luxembourg/a/1426948.html) verschweigt, dass iwwer 20 Leit zu Nidderkuer an engem Altersheim u COVID19 gestuerwe sinn. « Et wär och e bewosste Choix gewiescht, fir d’Clusteren net ze kommunizéiren », liest een als Erklärung vun der Ministesch op RTL (https://www.rtl.lu/news/national/a/1699068.html).

Den Dout vun iwwer 20 Matbierger gëtt elo scho vun engem Minister bewosst verschwiegen.

Wou si mer ukomm ?!

4.

Generatiounen vun Staatsbeamten hunn fir den Staatsexamen missten léiren, dass et zu Lëtzebuerg demokrateschen Usus wier, dass e Minister zrécktriede géif, ier et zum Mësstrauensvote an der Chamber géint hie kéim.

D’Familjeministesch ass net virun deem Mësstrauensvote Ufanks des Mounts zréckgetrueden. Och net, nodeems 29 vu 60 Deputéierte hier hiert Mësstrauen ausgesprach hunn.

Verlaangt Demokratie kee Minimum un Anstand méi vun eise Politiker ? Hätt en Orban, Putin oder Erdogan den Dout vun enger 20 Leit verschwiegen an hätt hien dorops op 2 Stëmmen am Parlament e Mësstrauensvote iwwerlieft, hätt Lëtzebuerg ganz schnell mam moralesche Fanger gewisen a nom Récktrëtt verlaangt.

Hei net.

Loin de là: et fiert ee weider, wie war nie eppes gewiescht wier.

5.

D’Ried zur Lag vun der Natioun ass en zentrale Moment am Kalennerjoer vun der parlamentarescher Demokratie. Grad an dësen Zäiten mat Beschränkung vun eise Grondrechter säit Méint ass et wichteg, dass eng Regierung dem Parlament an der Ëffentlechkeet Ried an Äntwert steet doriwwer, wéi et ëm d’Land a seng Bierger steet. Besonnesch, fir en Tëschenbilan ze zéien an ze soen, wou een hi wëll goen. D’Ried zur Lag vun der Natioun ass e Moment, wou eng Regierung e Schratt zrécktrëtt, fir a sech ze goen, ze iwwerleeën an net einfach « drop lass » ze regéieren.

Dës Ried hätt en Débat an der Chamber an op der Place publique mat sech bruecht. De Premier Minister a seng Regierung hätte kritesch Froen gestallt kritt. Do ass et méi agréabel, sech hannert engem Riednerpult an engem Konferenzraum ze verstoppen an kritesch Froen méiglechst ze vermeiden.

Ergo gëtt d’Ried zur Lag vun der Natioun kuerzerhand op Dezember verluecht (https://www.rtl.lu/news/national/a/1699254.html), obwuel an de kommende Wochen a Méint ganz wichteg Décisiounen ustinn, déi debattéiert solle – musse – ginn.

Gesäit zu Lëtzebuerg esou Transparenz an Demokratie mëttlerweil aus ?

Dës 5 Beispiller weisen, a wéi eng Richtung et an eiser Politik geet.

Dës Kritiken riichten sech net just un d’Regierung, mä och un all eenzelnen vun deenen 31 Deputéierten, déi hier esou een Ëmgang mat Transparenz an Demokratie erméiglecht. (Der gréisster Oppositiounspartei kann een och keng Blummen streeën fir hieren Ëmgang mat Transparenz – Stechwuert: Parteipresident.)

Den Artikel 78 vun eiser Verfaassung seet, dass d’Regierungsmemberen « responsabel » sinn.

Fir dass dësen Artikel iwwerhaapt Sënn mecht, muss eng Regierung transparent sinn. (Wéi kann d’Parlament aanescht senger Aufgab als Kontrollorgan vun der Regierung nokommen?)

Soss solle mer de Courage hunn, den Artikel 1 vun der Verfaassung ze sträichen, an deem dësen Text feierlech déclaréiert : « Le Grand-Duché de Luxembourg est un Etat démocratique (…) ». – Illiberal Regimer schreiwe sech esou eppes och gären op d’Façade.

Mä op déi weise mir mam Fanger.

Vic Dupont