De 26. Abrëll, um Joresdag vum Accident zu Tschernobyl, koum op RTL folgend positiv Nouvelle : „Enger Etüd no géifen d'Luuchten ouni Cattenom net ausgoen". D'Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an den Här Minister fir Energie a fir Landesplang hunn dëst erfreelecht Resultat vun hirer eegener Etüd iwwer d'Versuergungssécherheet vum Stroumsystem virgestallt. Just eng Virbemierkung : reng „zoufälleg" um Joresdag vun engem Reakteraccident gëtt hei en emotionale Link gemaach tëschent engem fréiere Kraaftwierkstyp an der Ukrain, an den aktuelle franséische Kraaftwierker bei deenen permanent an d'Sécherheet investéiert gëtt, an déi domat och no 30 Betribsjoer streng technesch Oplagen erfëllen fir eng Betribsgeneemegung ze kréien. Eis Ministeren hunn awer offensichtlech eng besser Kenntnes iwwer de Betribszoustand vu Cattenom ewéi d'Autorité de sûreté nucléaire, déi a Frankräich d'Anlage fir de Betrib fräigëtt. Et däerf een elo gespaant sinn ob déi selwecht Ministeren den 8. August um Joresdag vum Dammbroch zu Banqiao (China) och eng Pressekonferenz ofhalen. Schliisslech ware bei deem Accident am Joer 1975 ronn 200.000 Mënschen ëm d'Liewe komm a Millioune Mënschen hunn aus der sinistréierter Regioun missen evakuéiert ginn. Et däerf ee weider gespaant sinn ob bei där Pressekonferenz da gefuerdert gëtt dat d'Staumaueren zu Veianen an Esch-Sauer, déi duebel esou al wéi Cattenom sinn, och elo mussen ofgerappt ginn fir eng potenziell Katastroph ze verhënneren.

Wier et elo ganz absurd fir auszeschléissen, dat bei dëser bestallter Etüd d'Resultat mat de néidegen Aarbechtshypotheesen dach e wéineg virgezeechent war ? Et wier derwäert de Leit déi postuléiert Aarbechtshypotheesen aus dëser Etüd méi am Detail ze erläuteren, fir dat ee gesäit wat plausibel ass, a wat eventuell just zukünftegt Wonschdenken ass am Kontext vun dem privilegiéierten alternativen Energiemodell (néideg Flexibilitéit vum Verbrauch, postuléiert geographesch Ausgläichspotenzialer, Energiesuffizienz, Zuel vu Wand- a Solaranlagen déi missten opgeriicht ginn, noutwendegen Ausbau vum Stroumnetz, noutwendeg Kapazitéite vun Elektrolyseuren a saisonalen Energiespäicher, global Käschten, globale Flächen- a Ressourcëverbrauch, wirtschaftlech a sozial Konsequenzen, zäitlech Ëmsetzung,...asw.).

Et gëtt ee just gewuer, dat een an der Etüd dovun ausgeet, dat déi geséchert a pilotabel Leeschtung vu Cattenom ersat gëtt duerch Gaskraaftwierker − also méi CO2-Emissiounen − duerch zousätzlech Wandanlagen − also eng net pilotabel Leeschtung ouni Versuergungssécherheet − an duerch Stroumimporter − also de Prinzip Hoffnung, jee nodeem wéi vill pilotabel Kraaftwierksleeschtung am Ausland zukünfteg nach oprecht erhale gëtt.

Wat ass doriwwer eraus déi physikalesch an ekonomesch Realitéit vun dem alternativen Energiemodell, iwwer déi de Minister-Duo NET kommunizéiert ?

An deem Kontext kéint een effektiv eng ganz Rei vun offiziellen an iwwerpréifbare Referenzen opzielen aus deene ganz kloer ervir geet, wat et konkret mat dësem Energiemodell op sech huet :

Thomas Linnemann u. Guido S. Vallana (VGB) : Windenergie in Deutschland und Europa, Teil 1 2017/Teil 2 2018 ; dës Expertis analyséiert d'Volatilitéit vun de Leeschtungen vun der däitscher an europäescher Wandenergie, eng Volatilitéit déi am Laf vum Ausbau ëmmer weider wiisst amplaz reduzéiert ze ginn ;

Hans-Werner Sinn (CESifo) : Buffering volatility : A study on the limits of Germany's energy revolution ; dës Expertis weist onofhängeg vun der éischtgenannter dat d'Wandanlagen am gesamte Kollektiv hir Leeschtung quasi synchron aspeisen ouni geographesch Ausgläichseffekter, dat hir geséchert Leeschtung och am Kollektiv quasi negligeabel ass, an dat eng saisonal Späicherkapazitéit gefuerdert wier déi an engem adequate Mooss awer weder technesch nach wirtschaftlech duerstellbar ass ;

Fraunhofer-Institut für Solare Energiesysteme ISE : Wege zu einem klimaneutralen Energiesystem, Februar 2020 ; an dëser Etüd gëtt berechent, dat déi haiteg Wand- a Solarenergie an Däitschland jee no Verbrauchszenario nach eng Gréisstenuerdnung ënner dem zukünfteg noutwendegen Ausbau feststécht (just ronn 5% vum Primärenergiebedarf konnte bis haut duerch d'Wand- a Solarenergie theoretesch ersat ginn), an dat een am Kader vun enger secteuriwwergräifender Energiewend deemno vun enger sechsstelleger Zuel vu Wandanlage muss ausgoen. Wann ee bedenkt dat déi däitsch Wandenergie mat ronn 31.000 Wandanlagen an enger iwwerlaaschter Landschaft (weltwäit héchsten Densitéit vu Wandanlagen) haut quasi en Ausbaustopp muss erleiden, kann dee berechenten Zenario objektiv gesinn net als realistesch bewäert ginn a stellt ënner den Aspekter Flächen- a Ressourcëverbrauch, Käschten, an Drock op d'Biodiversitéit sécherlech och keen erstriewenswäert Zil fir eng nohalteger Energiepolitik duer ;

Sachverständigenrat zur Begutachtung der gesamtwirtschaftlichen Entwicklung : Aufbruch zu einer neuen Klimapolitik ; d'Sondergutachten vun 2019 stellt fest, dat Industrie- a regionalpolitesch Ziler net mat klimapoliteschen Instrumenter solle vermëscht ginn, dat eng Energiestrategie déi op engem nationale Klimaschutz baséiert nëmmen zu enger Verlagerung vun den Emissiounen féiert, dat den däitschen Energiemodell, deen op der Subventionéierung vu politesch privilegiéierten Stroumproduktiounstechnike baséiert, ze héich Käschte provozéiert, ineffizient ass, an dat op dëser Basis Klimaziler net erreecht kënne ginn. Hei gëtt kloer dat no 20 Joer laangem exzessiven Ausbau d'Wandenergie an hirer vermeintlecher Roll fir de Klimaschutz kloer versot huet ;

The TIR Consulting Group LLC : The 3rd Industrial Revolution Strategy Study for the Grand Duchy of Luxembourg ; am Berechnungsmodell, op deem de Noweis fir d'technescher Machbarkeet vun enger Energiewend zu Lëtzebuerg baséiert (graphesch duergestallt am Bild 5 Säit 34), gëtt der Wandenergie e Potenzial vu ronn 3,2 TWh ënnerstallt. Dat stellt rechneresch ronn 6% vum aktuellen Endenergiebedarf duer. An dësem Berechnungsmodell gëtt et weder saisonal Energiespäicher nach Backup Kraaftwierker. Et gëtt offensichtlech ugeholl, dat d'Volatilitéit vun der Wandenergie negligeabel ass. Wéi z.B. an de wëssenschaftleche Modellrechnungen vum Fraunhofer-Institut ISE gewisen, géing am Kader vun enger Sektorkopplung duerch déi prozessbedéngte Wierkungsgradverloschter vun dëse 6% Undeel nëmmen e Brochdeel iwwereg bleiwen ;

Integrierter nationaler Energie- und Klimaplan Luxemburgs für den Zeitraum 2021-2030 : déi der Wandenergie zouerkannte Potenzialer stelle fir d'Zäithorizonter 2030 an 2040 eng Stroumproduktioun vun 0,674 TWh respektiv 1,166 TWh duer. Dat entsprécht ronn 1,3% respektiv 2,2% vum haitegen Endenergieverbrauch a confirméiert d'Feststellung déi hei driwwer zum Modell vum TIR gemaach gouf. Ee mat héijem Opwand erreechte potenziellen Undeel an der Gréisstenuerdnung vun e puer Prozent (och mat enger verbesserter Energieeffizienz), manner ewéi 10 Joer virun dem Zil vun enger Lëtzebuerger an europäescher Klimaneutralitéit am Energiesecteur erschéngt objektiv gesinn dach als zimmlech bescheiden.

No engem Bericht vum Dezember 2016 an engem weidere Sonderbericht vum September 2018 an deenen de Bundesrechnungshof d'Ëmsetzung vun der däitscher Energiewend kritiséiert a puncto Bezuelbarkeet a Versuergungssécherheet ouni awer d'Klimaschutzziler erreechen ze kënnen, warnt de Bundesrechnungshof elo nees op e Neits an engem ganz rezente Rapport (Bericht nach § 99 BHO zur Umsetzung der Energiewende im Hinblick auf die Versorgungssicherheit und Bezahlbarkeit bei Elektrizität, Mäerz 2021).

Wann de Minister-Duo Kenntnes iwwer dës héich aktuell Evaluatioun vun hirem Energiemodell huet, da war hinnen dat op alle Fall keng Ausso an der Pressekonferenz wäert.

Soss wier Der do Folgendes gewuer ginn, wat och zu Lëtzebuerg hätt misse wéi eng Bomm aschloen :

Den däitsche Bundesrechnungshof formuléiert eng oppe Kritik un de verantwortleche Minister Altmaier, a stellt fest dat amplaz dat gesetzlech verankert energiepolitescht Zil fir Klima- an Ëmweltverdréiglechkeet, Versuergungssécherheet a Bezuelbarkeet an Aklang ze bréngen, bei der däitscher Energiewend op onrealistesch Ëmsetzungszenarien a Verbrauchsprognose gesat gëtt, wou sech elo schonn awer an de nächste Joren eng héich Versuergungslück virzeechent, a wou aktuell déi héchste Stroumkäschten an Europa generéiert ginn, woubäi d'Käschten vun der Energiewend tëschent 2000 an 2025 insgesamt op iwwer eng hallef Billioun Euro beziffert ginn. Fir de Bundesrechnungshof besteet keng kloer Perspektiv wéi den ëmmer méi „bedarfsonofhängeg" produzéierte Stroum versuergungssécher kann integréiert ginn, reprochéiert dat d'Blackout Gefor ënnerschat gëtt, an dat d'Risiken déi duerch Versuergungsdefiziter entstinn emol guer net richteg erfaasst sinn. De Bundesrechnungshof fuerdert dann eng Reform vun dem ineffiziente Fërderungssystem. En héich offizielle Rapport dee kloer ausseet, dat awer och net eng eenzeg Komponent an dësem Modell funktionnéiert − dovun héiert een awer net ee Wuert vum Minister-Duo.

Well och zu Lëtzebuerg gëtt et kee klore Plang wéi d'Energiewend laangfristeg technesch konkret ëmgesat gëtt, wéi de Minister fir Energie a senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro N°3206 vum Max Hahn indirekt huet missen zouginn. Mir vertrauen also esou e komplexe System ewéi dee vun der Energie, op deem de ganze Fonctionnement vun eiser Gesellschaft baséiert, engem politesche Weltbild un, dat d'Navigation à vue als eenzeg Strategie zur Verfügung huet. Wat kënnt da lo ganz konkret op eis duer ?

Ganz konkret ginn an Däitschland bis Enn nächst Joer sämtlech AKW mat 8 GW vum Netz, an de Kohleausstieg limitéiert déi haiteg 44 GW Kuelekraaftwierker bis dohin op 30 GW. Hei ginn also ganz kuerzfristeg iwwer 20 GW vum Netz. Dee Moment läit déi geséchert Kraaftwierkleeschtung bei eisem däitsche Noper ënner 80 GW, dat heescht ënner der maximaler Laascht vun de Verbraucher.

An der Belsch ass ënner enger grénger Energieministesch och eng substanziell Reduzéierung vun der Kärkraaft programméiert, an et ass elo scho gewosst dat een hei eng parallel Struktur mat Gaskraaftwierker muss developpéieren déi awer net zäitgerecht realisabel ass.

Wéi d'lescht Joer bei eisem franséische Noper d'AKW vu Fessenheim vum Netz goung, huet onverhofft d'Kuelekraaftwierk vu Saint-Avold nees missen asprangen, wat bis elo ëmmer nëmmen eng Reserve war fir méi laang Kälteperioden. Dës Realitéiten vum Stroumsystem sinn awer sécher net interessant genuch fir se an enger Pressekonferenz ze ernimmen.

Et ass gewosst, dat wann d'Kraaftwierker wéi politesch programméiert ofgeschalt ginn, eis dräi Noperen, vun deene mer ofhängeg sinn a bleiwen, schonn an de nächste Joren global Leeschtungsdefiziter am Stroumnetz hunn, an awer hofft jiddereen drop vun deem aneren nach ëmmer kënnen ënnerstëtzt ze ginn fir seng eegen irrational Energiepolitik ëmzesetzen.

An de nächsten zéng bis fofzéng Joer sollen doriwwer eraus iwwer 100 GW pilotabel Kraaftwierksleeschtung – haaptsächlech aus Kuelen- an Atomkraaftwierker – a ganz Europa vum Netz goen, wouduerch op deem Zäithorizont e gesamten europäesche Leeschtungsdefizit entsteet. D'Iwwerdroungsnetzbedreiwer (ENTSOE) warne scho säit Joren. Well – wéi d'Praxis elo confirméiert – d'Wandanlagen a gesamt Europa hir Leeschtung quasi zäitgläich aspeisen, respektiv net, a well et keng konkret technesch a wirtschaftlech Perspektiv fir déi noutwendeg saisonal Späicherkapazitéite gëtt, hu mer also e Problem ouni Léisung.

Am Reportage seet d'Madamm Ministesch dat d'Atomenergie eng deier Risikoenergie ass déi ee net fir d'Anhale vu Klimaziler bräicht. Och wann engem de Betrib vun AKW net an d'Weltbild passt, misst een als Minister jo bal der Wourecht verpflicht sinn. Gi mer emol dovunner aus, soss wier et jo e Mensonge d'Etat.

Et schued trotzdeem näischt fir déi gemaachen Ausso ze iwwerpréiwen : vergläiche mer dofir emol de regenerativen Energiemodell mat deem diskriminéierte franséische Modell op den dräi vun der Ministesch genannte Punkten „Käschten", „Risiko" a „Klimaschutz".

Dobäi geet et selbstverständlech net drëm fir eng Atomenergie schéinzerieden − et wier jo schéin wa mer an enger Null-Risiko Gesellschaft kéinte liewen, an de Stroum kéim einfach aus der Mauer. Leider gëtt et an der Praxis awer wéineg alternativ Systemer déi gläichzäiteg versuergungssécher an CO2-aarm sinn, an och nach eng héich Energiedicht hunn.

Et geet éischter drëm ze iwwerpréiwen ob elo net nach onnëtz zousätzlech negativ Effekter generéiert ginn duerch den zousätzlechen héije Flächen- a Ressourcëverbrauch, déi zousätzlech Impakter op Landschaft, Natur a Liewensqualitéit, an déi zousätzlech héich Käschten déi duerch déi promouvéiert Energiepolitik noweislech provozéiert ginn.

Faktencheck a puncto Reduzéierung vun Zäregasemissiounen :

An Däitschland mat der weltwäit héchster Densitéit vu Wandanlagen ass den CO2-Gehalt vum Stroum mat ronn 400 gCO2/KWh ee vun den héchsten an Europa. Den CO2-Gehalt vun der gesamter däitscher Primärenergie goung ab de 60er Jore linear erof, awer ouni spierbaren zousätzlechen Effekt duerch d'Energiewend déi lescht 20 Joer.

Dogéint läit den CO2-Gehalt vum franséische Stroum eng ganz Gréisstenuerdnung ënner deem däitschen, a bei der franséischer Primärenergie ass den CO2-Gehalt an den 80er Jore parallel zu dem Ausbau vun der Kärenergie ëm ronn en Drëttel gefall.

Däitschland, wat sech als Land vun der Energiewend feiere léisst, huet ëmmer nach ronn 80% fossil Energie, a Frankräich huet et haut fäerdeg bruecht d'Hallschent vu senger Primärenergie ze dekarboniséieren.

Dës onbequem Wourecht gëtt net un déi grouss Klack gehaangen, dat wier schlecht Publicitéit fir de grénge Geschäftsmodell an d'Green Finance.

Faktencheck a puncto Käschten :

Den Energieminister mécht an ëffentlechen Aussoen systematesch en Amalgam bei de Stroumproduktiounskäschten, tëschent de konventionelle Stroumquellen déi pilotabel sinn, an op der anerer Säit de NET pilotabele Stroumquellen aus Wand a Sonn. Hei gëtt et effektiv e grousse Qualitéitsënnerscheed, well e Stroumnetz just mat pilotabele Leeschtungen ka stabil gehale ginn. Grad dowéinst huet Däitschland jo haut en duebele Kraaftwierkspark, wat vollekswirtschaftlech enorm deier ass.

AKW hu niddereg Betribskäschten well de Brennstoff just e puer Euro pro MWh kascht. Dogéint hu se haut an Europa awer héich Baukäschten, déi zu engem gudden Deel aus relativ héije Kapitalkäschten resultéieren déi wéinst dem politeschen Ëmfeld awer gréisstendeels hausgemaach sinn. A China gi baugläich AKW an engem politesch méi planungssécheren Ëmfeld zu engem Brochdeel vun de Käschten opgeriicht.

D'Stroumproduktiounskäschte vu Wand- a Solaranlage si fir d'Bedreiwer an de leschte Joren op e vergläichbare Niveau wéi dee vu konventionelle Kraaftwierker erofgaangen. De Präis vu Solarpanneauen z.B. ass effektiv déi lescht Joren enorm gefall, an dacks gëtt ënnerstallt dat et esou weidergeet.

Wéi plausibel ass dann eng weider degressiv Entwécklung vun de Materialkäschten bei „grénge" Stroumquellen, eng Entwécklung déi bis elo jo vun engem fossille System bestëmmt gouf ?

Dozou folgend Iwwerleeung :

Rohstoffer gi gefërdert an transportéiert mat Maschinnen déi mat Pëtrol lafen, Rohstoffer gi raffinéiert a weiderverschafft mat fossillen Energien, Baudeeler fir Wand- a Solarenergie ginn hiergestallt mat fossillen Energien, Baudeeler ginn transportéiert mat Gefierer déi mat Pëtrol lafen, Wand- a Solarparke ginn opgeriicht mat Baumaschinnen déi mat Pëtrol fueren ; de System baséiert also op enger Energie déi bis elo relativ bëlleg war.

Solarpanneauen z.B. komme quasi exklusiv aus China mat chineesesche Lounkäschten, mat chineeseschen Ëmweltkäschten, mat chineeseschen Energiekäschten (86% fossil, 63% bëlleg Kuel) a mat chineesesche Rohstoffkäschten (z.B. hir eegen Seltene Erden, Silizium, Kadmium, Selen,...).

Am Kontext vum europäesche Green Deal solle volatil Stroumquellen awer an Europa hiergestallt ginn, dee Moment mat europäesche Lounkäschten, mat europäeschen Ëmweltkäschten, mat europäeschen Energiekäschten, mat Käschten fir Rohstoffer aus China wou mer den Exportmaart fir Solarpanneaue konkurrenzéieren (do gëtt et da kee Frëndschaftspräis fir importéiert Seltene Erden, Silizium, Kadmium, Selen,...asw. !).

Et ass also virauszegesinn dat an deem uviséierte Modell d'Käschte fir d'technesch Komponenten zukünfteg nees wäerte wuessen − also och d'Energiekäschten déi nees doraus entstinn. En Däiwelskrees ?

Wat awer elo nach méi relevant ass : fir dat déi volatil Wand- a Solarenergie ka notzbar gemaach ginn, entstinn komplett nei Käschten duerch déi noutwendeg Späichertechnologien, duerch héich Prozessverloschter (z.B. beim Power-to-Gas) déi den zousätzleche Bau vu Wand- a Solaranlagen induzéieren fir d'Verloschter ze kompenséieren, duerch de massiven Ausbau vun de Stroumnetzer fir déi diffus Energie an der Ëmwelt anzesammelen a weiderzeleeden, den Ausbau vun „intelligente" Stroumnetzer fir d'kuerzzäiteg Volatilitéit vum Verbrauch op d'Volatilitéit vun der Produktioun ofzestëmmen, ...asw.

Wann een dës zousätzlech Systemkäschten – déi an engem konventionelle System guer net noutwendeg sinn – mat integréiert, da multiplizéiere sech d'Stroumproduktiounskäschten ëm e Villfaches par rapport zu konventionelle Léisungen (esouguer wann d'Aspuere vu fossille Brennstoffer, de Réckbau vun AKW an d'Endlagerung vun Atomoffäll mat agerechent sinn).

Doraus resultéiere potenziell CO2 Vermeidungskäschten, déi pro Tonn CO2 an engem dräistellege Beräich leien, also op alle Fall e gutt Stéck iwwer de méigleche Präisser vun CO2 Zertifikater, a warscheinlech och iwwer de Klimafolgekäschten. Déi Rechnung geet vollekswirtschaftlech kaum op.

Faktencheck a puncto Risiko :

Et soll bei der Kärenergie wéi scho gesot näischt schéigeriet ginn, mä d'Realitéit tranchéiert dach zimmlech mat der gängeger medialer a politescher Duerstellung − sensibel Gemidder siewen also virgewarnt.

An offizielle Statistiken gëtt der Kärenergie bescheinegt, dat am Verglach zu aneren Energieformen mat déi wéinegst Doudeger pro produzéierter Energie ze bekloe sinn. D'Perceptioun vum potenzielle Risiko ënnerläit hei sécher engem vergläichbare psychologeschen Effekt ewéi beim Risiko vum Fluch- an Automobilverkéier pro zeréckgeluechter Streck.

De wëssenschaftleche Comité vun de Vereente Natiounen UNSCEAR, deen d'Auswierkunge vun atomarer Stralung ënnersicht (analog zum IPCC fir Klimafroen), huet zum Beispill och ganz kloer de Risiko vun dem Accident vu Fukushima relativiséiert. Offiziell Rapporten iwwer déi reell Konsequenzen vun deem Accident mat hire rationale Fakten, déi net esou richteg an d'Feindbild passen, hunn et awer net bis an eng Pressekonferenz gepackt.

D'Technologie entwéckelt sech weider : nei AKW hu Core catcher, a bei der mëttelfristeg verfügbarer a weltwäit developpéierter véierter Generatioun sinn déi fréier Accidenter iwwerhaapt keen Thema méi.

Wat den Traitement vum Atomoffall ubelaangt muss ee sech froen, ob d'Endlagerung an ënnerierdeschen Dechargen respektiv de Recyclage vun den Offäll, fir déi et also technesch Léisunge gëtt, net éischter e politesche Problem duerstellen, e Problem deen dacks duerch schlecht Informatioun natierlech och hausgemaach ass.

Vun de Quantitéiten hier huet een z.B. a Frankräich, wat jo vill Atomenergie bedreift, manner ewéi 1 Kg Atomoffäll pro Joer an Awunner. Bei dem héichaktiven Offall sinn et just e puer Gramm pro Joer an Awunner. Dogéint läit de „normalen" Industrieoffall bei ronn 2,5 Tonnen pro Joer an Awunner, dovun de Gëftmüll bei ronn 100 Kg pro Joer an Awunner. Dëse Gëftmüll läit also vun der Quantitéit hier ganzer 4 bis 5 Gréisstenuerdnungen iwwer dem héichaktiven Atomoffall.

De Gëftmüll huet awer keng Halbwäertszäit a bleift de nächste Generatiounen ad aeternam erhalen. De Gëftmüll däerf dobäi och ni méi an de Kontakt mat der Biosphär kommen, an heifir brauch ee grad esou gutt Deponien an déiwe geologesche Schichten, mä ass dat en Thema ?

Am Bundesland Hessen, op 270 Km vu Lëtzebuerg, läit esou eng ënnerierdesch Decharge fir Gëftmüll. Hei ginn iwwer 3 Milliounen Tonnen Gëftmüll an iwwer 700 Meter Déift gelagert. All Joer kënne ronn 200.000 Tonnen dobäi kommen. Donnéeën iwwer dëse Gëftmüll mussen onbefristet archivéiert ginn. Dogéint ass den Traitement vun Atomoffäll dach zimmlech iwwerschaubar, mä ass dat en Thema ?

Wat si par rapport zu der Kärenergie dann elo d'Risiken bei deem vum Minister-Duo promouvéierten Energiemodell, wann een z.B. den alarmante Rapport vum Bundesrechnungshof iwwer d'Versuergungssécherheet liest, a gesäit mat wéi enger Vitess déi absolut noutwendeg geséchert Kraaftwierksleeschtung an Europa elo aus reng politesche Grënn soll ofgebaut ginn ?

Wéi eng Auswierkungen bei engem groussflächegen a laangen Energieausfall ze erwaarde sinn, kann een z.B. noliesen am Bericht des Ausschusses für Bildung, Forschung und Technikfolgenabschätzung (18. Ausschuss) gemäß § 56a der Geschäftsordnung : Technikfolgenabschätzung (TA) / TA-Projekt: Gefährdung und Verletzbarkeit moderner Gesellschaften – am Beispiel eines großräumigen und langandauernden Ausfalls der Stromversorgung.

An de Risikoanalysen vum schwäizer Bundesamt für Bevölkerungsschutz kann ee gesinn, dat esouwuel d'Antrëttswarscheinlechkeet wéi och de finanzielle Schued duerch e Blackout wäitaus méi héich ageschat ginn ewéi z.B. bei enger Pandemie oder engem Reakteraccident.

Gëtt et fir dësen am héchsten agestuufte Schued, also bei engem Blackout, dann elo zu Lëtzebuerg och en Haftungsgesetz oder e Noutfallplang wann dee vum Minister-Duo promouvéierten Energiemodell duerchgesat gëtt a pilotabel Kraaftwierker op hir Initiativ hin ofgeschalt ginn ?

Et gesäit een also dat déi ganz Problematik net esou „evident" ass wéi se vum Minister-Duo duergestallt gëtt − oder si se éieren a puncto Käschten, Risiko a Klimaschutz just nëmme „falsch verstane" ginn ?

Si Ministeren berechtegt fir eesäiteg enger Industrielobby nozestoen an eng aner ze verdäiwelen, oder sti se am Déngscht vun der gesamter Gesellschaft wou eng méi neutral a wëssenschaftlech Approche ubruecht wier ?

Sollt eis Politik net eng méi technologieoppen Innovatiounsstrategie uviséieren, wou sech dee Moment dat duerchsetze kann wat technesch an ekonomesch machbar ass, amplaz eng deier a restriktiv Plangwirtschaft ze bedreiwen déi haut néierens op der Welt funktionéiert an déi de Ressourcëverbrauch op eisem begrenzte Planéit nach weider undreift ?

A manner wéi 30 Joer soll eise System klimaneutral sinn an de Minister-Duo experimentéiert ëmmer nach mat wiederofhängege Probelleren, amplaz ze hëllefen fir esou schnell et geet e secteuriwwergräifenden a méiglechst weltwäiten Emissiounshandel op d'Been ze setzen an esou d'Verlagerungseffekter ze verhënneren, an dann technologesch Innovatiounen zouzeloossen déi et erméiglechen fir bei engem forcement begrenzte Budget d'CO2 Vermeidungskäschten ze minimiséieren an esou e maximale positiven Effekt ze erreechen.

Bräicht Lëtzebuerg also net eng komplett nei Ausriichtung vun der Klima- an Energiepolitik ? Et huet een den Androck dat d'Problematik ëmmer nach net eescht geholl gëtt. Mir wäerten eis Klimaziler bei wäitem verfeelen, a no der Pandemie mussen eis Kanner nach fir laang Jore Freides Nomëttes op d'Strooss.