...Automobilisten an Velosfuerer schloen sech d’Käpp an!

An dësem Krich em d’Virherrschaft spillen Foussgänger beschtefalls eng Statisteroll a gerode wuertwiertlech enner d’Rieder.

Déi selwecht Feeler wéi bei der autogerechter Staad gin lo fir eng velogerecht Staad widderholl.

Deemno geseit et elo och an onser Staad aus.

Ennerbriecht endlech den Transitverkéier vun der Uewerstaad op d’Gare!!! Mat Ausnahm fir Livreuren, Handwierker, Leit mat mobllité réduite ... . Bei aller Bescheidenheet, mee waat zu Pareis méiglech ass
(“ La traversée de Paris d’est en ouest en voiture ... c’est quelque chose qu’il faut oublier” Anne Hidalgo, maire de Paris) misst dach och hei kenne goen...

Da kéim d’Staad an och de commerce nees zum Opotmen.

Da wär och nees Plaaz fir Grengs a Beem a flott Plaazen.

Da wär och vielleicht Plaaz do fir endlech en direkten , sëcheren a “soften” Veloswee vun der Gare op de Kierchbierg, ouni

Durchkreizen vun Busarrêten oder Trottoiren virun Foussgängerstreifen, ouni Ofholzen vu Beem (eng ganz Seit an der Aaler avenue !!!) an ouni onsenneg Emweer.

Velosschneisen queesch duerch beliewten Foussgängerplaazen (Aal avenue, enneschten Deel vun der Neier Avenue, Place de la gare, Place de Paris) sin een absoluten No-Go. Do sollen shared space hin mat Schretttempo fir Velo, Auto, Bus an Tram.

Nach eng lescht Saach: “...innerorts ist dabei das Auto nur ein Gast, und soll sich auch als solcher benehmen” huet eng Veloslobbyisten lo gemengt (Woxx 15.4.). Ech stemmen deem zu 100% zou, well awer nach beifügen datt Daat och fir de Velo soll gellen.

Mir brauchen fir d’alleréischt eng foussgängergerecht Staad!

Victor Mertens

Luxembourg