En Dogma an der Lëtzebuerger Integratiouns-, mä och Sproochepolitik ass, datt d‘Kanner als éischt d‘Landessprooch erléieren, also ‚eist Lëtzebuergescht‘, fir dat mir géif heinidden alles won an dat mir sou déif an onsen Hierzer dron, fir eng – wéi mir et bis ewell jugéieren – maximal homogen soziolinguistesch Constellatioun hei am Land ze hunn. Dunn awer sollen d‘Kanner selwsverständlech op Däitsch alphabetiséiert ginn am Hibléck dann eventuell op hirer Première sech mat den dichtegen a wichtegen Auteuren vun der Germanophonie kënnen ze beschäftegen. Mä et dierf een net vergiessen, datt nodeems mir d‘Kanner erfollegräich an ouni Problemer op Däitsch am éischte Schouljoer ënnerhalb vun néng Méint alphabetiséiert hunn an zwar esou datt déi Däitsch selwer jo bal neideg kënne ginn, mir den Kanner am zweete Schuljoer nach dat Franséischt an den ‚Bagage éducatif‘ bäiginn, wat bekanntlech en Erfolleg ass, deen senges Gläichen nach bis haut sicht. Hernoer am Lycée additionéieren sech nach eng Rëtsch aner Sproochen, wéi Englesch, Italienesch, Spuenesch, Chinesesch oder fir déi ganz geckeg Latäin. Mä mir kënnen eis eenz ginn, datt reng theoretesch – an hei schwätze mer wierklech vun der theoretescher Theorie – d‘Lëtzebuergescht, d‘Däitscht an d‘Franséischt ‚duerginn‘ fir hei am Ländchen kënnen ze liewen.

Komm mir huelen eis eng Sekënnchen, guer zwou, fir d‘Alphabetisatioun méi ënnert Lupp ze huelen. Woufir alphabetiséiert ee Kanner? Wat fir eng topeg Fro, gell? Natierlech, fir datt si liesen a schreiwe léieren. Très bien, nächst Fro : a wéi enger Sprooch solle mer d‘Kanner alphabetiséieren? Wa mir an d‘Ausland luusse ginn, stelle mer séier fest, datt déi Däitsch op Däitsch alphabetiséieren, d‘Fransousen op Franséisch, d‘Hollänner op Hollännesch, jo souguer d‘Islänner op Islännesch, obwuel se knaps zu 300.000 sinn, déi dëst verstinn. An op wéienger Sprooch alphabetiséiere mir dann? Op Däitsch! Logesch oder? Vu datt hei der 1.96% Däitscher liewen, déi dës Sprooch als Mammesprooch beherrschen… Et brauch een net sech immens vill mat Logik ausernanerzesetzen, ëm festzestellen, datt den vireschte Saz sënnfräi ass. Wa mir sënnfräi operéieren, da kéint ech jo mäin Traité domadder ofschléissen, datt ech der Meenung wier, et géing besser sinn op Hollännesch z‘alphabetiséieren, well firwat net? Souwisou et mag een d‘Gefill kréien, datt hautzedaags Iddien, déi oniwwerluecht wéi aus der Hëft geschoss kommen, méi Zoulaf kréien, wéi gutt fondéiert Proposen. Mä loosst eis weiderfueren an dës vu menger Säit opgemaachte Klammer nees schléissen.

Statistik ass immens flott, well Statistik eis villes verréit; och puermools d‘Wouerrechten, déi mir am beschten net héiere wéilten. No der Alphabetisatioun op Däitsch – déi, wéi ech scho virdrunner erwäänt hat, nëmme zockerséiss Friichten dréit – erreechen 42% vun den Schüler nom Ofschléissen vum Cycle 2, also nom zweete Schouljoer, am Däitschen den Niveau ‚avancé‘, 17% den Socle an 41% leien ënnert dem Socle, also ënnert dem erwënschte Niveau. Wann den Lieser elo erschreckt ass, dann muss ech leider Gottes vermëttelen, datt dat Schockéierndst lo réischt nokënnt. Bei de Kanner, déi Franséisch doheem schwätzen, leien 53% ënnert dem Niveau, bei de Kanner, déi Portugisesch am Stot schwätzen, leien ‚sage-und-schreibe‘ 71% drënner, an bei de Kanner südslawescher an osteuropäescher Hierkonft sinn et 53%. Ee Landespolitiker, deem säin Numm am beschte net ernimmt soll ginn, well en ze oft schonn ernimmt gouf, hat mol vum ‚Lëtzebuerger Dram‘ geschwat. Ass dat wéi de Lëtzebuerger Dram ausgesäit? Och bei den sozioekonomesch benodeelegte Kanner leien 55% ënnert dem Niveau. Ass dat de Lëtzebuerger Dram? Fir mech gesäit dat éischter aus, wéi en Albdram, aus deem een erweche wéilt, mä net kann. All gudden Pedagog géif zu déier Situatioun just véier Wierder benotzen, déi alles erklären, wat ech hei laang a breet periphraséieren : et ass zëm Kräischen. Obwuel, wou ech déi éischter Kéier mech mat deenen Zuelen beschäftegt hunn, ech och entsat war, kann ech net vu mer selwer behaapten, datt ech an iergendenger Form iwwerrascht war. Entschëllegt et esou mussen ze formuléieren, mä et gläicht enger bal blödsënneger Zoumuddung ze mengen, datt déi net-Lëtzebuerger Kanner, déi sech am Cycle 1 mam Erléieren vun der Integratiounssprooch, der Lëtzebuerger Sprooch, fokusséiere sollen, dann zwee Joer drop op Däitsch impecabel alphabetiséiert solle ginn an dunn nach mam Franséischen sollen ufänken. Mir mussen vum grondfalsche Gedanken ewegkommen, datt dat Lëtzebuergescht genuch no um Däitsche wier fir kënnen dat Däitscht mat engem zweejäregen Lëtzebuergesch-Wëssen opzebauen. Mir mussen och ophalen a munche Kreeser ze repetéieren, datt dat Däitscht méi einfach wier ze schreiwen, wéi dat Lëtzebuergescht. Ech verspriechen Iech, datt alles schwéier erschéngt, wann een sech net domadder befaasst. Dierf ech och nach bäifügen, datt eng ronn zeng Milliounen Leit Hebräesch op alldeeglecher Basis schreiwen, wou d‘Vokaler net geschriwwe ginn, mä awer mussen ran interpréiert ginn fir et kënnen richteg ze liesen? Mir mussen och ophalen ze mengen, dat Lëtzebuergescht hätt net de Poids vun enger Sprooch. D‘Lëtzebuergescht ass eng Sprooch, sou wéi dat Islännescht, wat an Island an de Schoulen gebrauch gëtt, oder dat Katalanescht, wat an Katalonien an an Andorra – jo an Andorra – erléiert gëtt an an alle Schoulfächer gebrauch gëtt. Déi eenzeg Hürd vum Duerchbroch vun eiser Sprooch si mir selwer.

Mir hunn op den gemeinsamen Nenner opzebauen a mir hunn eis entscheet – an dat net rezent, mä schonns an den 70er an 80er – datt de gemeinsamen Nenner fir d‘Erfolleggeschicht vun der Lëtzebuerger Integratioun d‘Lëtzebuerger Sprooch soll sinn. Ech bieden Iech mech net falsch ze verstoen, mir geet et net ëm nationalistesch Bestriewungen, mir geet et ëm d‘Chancëgläichheet an eisem Educatiounssystem, deen amgaangen ass eng Parallelgesellschaft ze schafen, an engem Land, wat knaps 2500km2 grouss ass, an eisem Land, wou mer dra liewe wëllen. De gemeinsamen Nenner erméiglecht eis ze vermeiden vun Ufank un en artifiziellen Echec ze crééieren. De gemeinsamen Nenner ass eis natierlech an eenzeg Alphabetisatiounssprooch. De gemeinsamen Nenner ass scho fonnt, mer mussen en just nach wëllen. Loosst eis en wëllen!