Un der « Wunnproblematik » gëtt hei am Land naischt geännert, well ët politësch net gewollt ass. Dat gëtt awer kee Politiker öffentlëch zou.  Ob ët elo “Chefsaach” ënnert engem JCJ an enger CSV war, iwwert e kuurzen Ëmwee iwwert DP, wou e prominenten Kapp gerullt ass, éier d’Madame sëch ëm eng Weltausstellung bekëmmert huet, bis hin zu dene Gringen, wou d’Mme. Tanson nëtt gezéckt huet de Ministère un den M. Kox ofzeginn….villaicht well ee mat dem Ministère kee Blummendëppen ka gewannen. Am Géigesaatz zu onseren Nopeschlänner sinn zu Lëtzebuerg iwwer 70 % vun den Résident’en Propriétaire vun hirer Wunnéng (https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/regards/2014/PDF-26-2014.pdf) . Vun denen 70%, sinn di Meescht Lëtzebuerger, dat heescht Wielervollék! Ob déi elo d’accord wieren, wann hir Haiser oder Appartementer nach just d’Halschent wart wären ????...ëch mengen nëtt.  Dat ass vergleichbar mat enger Partei an Daitschland di fir 130 km/h Maximalvitess op den Autobunnen ass. Déi gëtt esoubal nëtt méi gewielt. Dat ass esou sëcher wi den “Amen” an der Kiirch.

Wat mer allerdéngs opfällt, ass dass ëmmer méi Leit mat « Migratiounshannergrond » (fir politësch korrekt ze bleiwen) ët awer färdegbréngen hei zu Lëtzebuerg Haiser ze kaafen, obwuel se dacks nëtt di décksten Pai’en hun. Mee, si schaffen meeschtens um Bau, sinn also handwierklëch begabt, kréien och nach den Weekend d’Maschinnen an d’Geschier vun hirem Patron geléint, a sinn “solidarësch”, wann ët drëms geet fir en Haus an d’Rei ze setzen. Jo, si mussen villaicht 6 Haiser an d’Rei setzen, mee dofir kommen awer och 5 Kollégen hinnen hëllefen. Virun 50 Joer hun d’Lëtzebuerger, zesummen mat hiren italienschen Frënn, dat och nach färdegbruecht. Vill vun hinnen waren och Handwierker a sinn all Dag no der Schicht op den “Bau” schaffe gaangen. Ët ass een dunn och di éischt 10 joer nëtt an d’Vakanz gefuer, an ët hat een eng aal Occasioun, als Auto, doheem. No denen éischten 10 Joer Prêt, ass ët dunn biergop gaangen, an da konnt ee sëch mol dëst oder dat leeschten. Haut herrscht di Devise vir: “I want it all, and I want it now”! Alles beieneen ze hun ass awer nëtt ëmmer méiglëch.

A wann dann d’Wunnéngen géifen nach just den halwen Prais kaschten, wee seet dann dass  déi Wunnéngen nëmmen fir Lëtzebuerger reservéiert sinn?  De Paul Vandermoortele, de Jean Dupont an den Karl-Heinz Eberhard kommen dann och villaicht op déi Iddi fir zu Lëtzebuerg ze kaafen, amplaaz all Dag vun Namur, Metz oder Wittlich op Lëtzebuerg mussen ze fueren. Lëtzebuerg huet 200.000 Frontalier’en. Déi sollen all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, awer Owes erëm heemfueren. Mee dat seet awer keen vun onsen Politiker haart a riicht eraus. Well déi Leit si jo keng Lëtzebuerger, bréngen also och keng Stëmmen fir eis Politiker. Bei 200.000 Mënschen méi am Land, kéimen dann och nach grouss infrastrukturell Problemer op eis zou. De Staat misst zousätzlëch Schoulen, Spideeler, Altersheimer, Crêchen, Kultur a Sportzentren bauen. Da wär ët séier eriwwer mat Prestigebauten wi Pei Musée, Tram a Futtballstadion… Dann héieren eis Politiker nach léiwer dat “sporadëscht” Gemeckers , vun den Lëtzebuerger ouni eegenen Wunnraum.

Villaicht solle mer eis emol besënnen, wéi di Eeler vun eis oder eis Elteren grouss gi sinn, an engem Haus ouni 2 Garagen, nëtt ugebaut, ouni vill Terrain ronderëm a wou Bridder a Schwësteren sëch ocxh mol en Zëmmer gedeelt hun. An awer ass ët gaangen. Kloe mer nëtt heiansdo op engem ganz héigem Niveau?