Den effizienten a virun allem nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen ass eng vun de primordialen Erausfuerderunge vun dësem 21. Joerhonnert.

Uechtert d’Welt an och hei am klenge Lëtzebuerger Ländche ginn déi Jonk zënter e puer Joer reegelméisseg op d’Stroosse fir géint der Klimawandel, an domadder och fir e méi nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen, ze demonstréieren. MA SI HU RECHT! Dat kann een ugesiichts vun all Deenen déi nach ëmmer mengen, dass et de Klimawandel net géif ginn oder, dass mir als klengt Lëtzebuerg näischt géint Dëse maache kéinten, net dacks an net haart genuch soen.

D’Usiicht, dass mir als Lëtzebuerg näischt géint de Klimawandel maache kënnen an, dass eisen Undeel un der globaler Erwiermung jo souwisou kaum der Wäert ass ernimmt ze ginn, ass wuelgemierkt vum Recht op Meenungsfräiheet gedeckt. Dat ännert allerdéngs näischt un der Tatsaach, dass dës Usiicht enger empirescher Iwwerpréiwung net standhält. Dëst aus verschiddene Grënn. Engersäits ka keen industrialiséiert Land – an esou eent ass de Grand Duché nu mol – sech vu senger Responsabilitéit a Saache Klimawandel an Déifstall un der Natur fräischwätzen. Anerersäits si mir hei zu Lëtzebuerg tatsächlech e sougenannte Global Player. Déi Entscheedungen, déi hei op eiser Finanzplaz an Notamment an der Fongenindustrie falen, hunn nämlech Repercussiounen op d’Realwirtschaft ronderëm de Globus. Dat bréngt mech dann och zum zentrale Punkt vun dësem Bréif. Nämlech der Responsabilitéit déi d’Privatwirtschaft an d’Konsumenten an der Lutte géint de Klimawandel a fir méi Nohaltegkeet huele mussen.

Selbstverständlech spille politesch Decisiounen eng zentral Roll wann et ëm den Erhalt vun eisem Planéit geet. An dësem Zesummenhang sinn dann och eng Partie Decisioune vun onser aktueller an onser leschter Regierung duerchaus mat Freed ze begréissen. D’Ëmstellung vun der Lëtzebuerger Ekonomie op de Modell vun der Kreeslaf-Wirtschaft ass e fundamental wichtege Schratt an dëser Saach.

Ma dëse Schratt geet bei Wäitem net duer. Nohaltegkeet kann net erreecht ginn andeems se vun der Kanzel erof diktéiert gëtt. Fir, dass mir e wierklech nohaltegen a klimafrëndleche Liewensstil erreechen, muss en Ëmdenken an de Käpp vun de Leit stattfannen. Nëmmen esou kann Nohaltegkeet geliefte Realitéit ginn.

Dëst Ëmdenken, muss engersäits bei private Leit, also deenen déi an eisem Wirtschaftssystem als Clientë bezeechent gi, passéieren. Jidderee sollt sech hei d’Fro stellen, ob en dat wat e keeft, respektiv kafe wëll dann och wierklech brauch. Brauche mir wierklech 20 Puer Schong; muss et all Joer oder all zweet Joer den neiste Smartphone sinn a muss een da wierklech de grad eemol 3 Joer ale 40-Zoll Fernsee verkafen, fir sech e 70-Zoll Fernsee ze kafe well dee grad an der Promotioun ass? D’Demande ass eng vun den zwee fundamentale Kräften, déi eis Wirtschaft undreiwen: Eppes, dat vun de Clienten net gefrot gëtt, gëtt och net ugebueden, eppes dat net ugebuede gëtt, muss och net produzéiert ginn an eppes dat net produzéiert gëtt, setzt bei der Produktioun och keen CO2 fräi a verbraucht keng Ressourcen.

Ma d’Demande ass souzesoe just déi eng Säit vun der Medail. Jiddereen, deen och nëmmen e Minimum vun Ekonomie a senger schoulescher oder universitärer Bildung hat, dierft sech zum Beispill dorun erënneren, dass de Präis vun eise Wueren sech do apendelt, wou Offer an Demande openeen treffen. Ma ech géif hei gären nach e Schratt méi wäit goen an en aneren Aspekt vum Zesummespill tëscht Offer an Demande beliichten. Een Aspekt, deen – ewéi ech mengen – fir d’Nohaltegkeet vun eisem Konsumverhalen eng zentral Roll spillt. Ech schwätzen hei vun der Tatsaach, dass d’Offer sech net nëmmen no der Demande riicht mä, dass et och eng Wierkung an déi entgéintgesaten Direktioun gëtt. D’Offer kann d’Demande vun de Clientë strukturéieren! Oder vereinfacht gesot: Dacks wësse mir net, dass mir eppes wëlle bis mir et dann ugebuede kréien. E Beispill dierft kloer maachen ëm wat et mir hei geet: Nach viru 15 Joer wosst kee Mënsch op dëser Welt, dass e gär e Smartphone hätt. Jidderee wollt de klengstméiglechen Handy an de klengstméiglechen Mp3-Player. Eréischt wéi den Här Jobs der Welt den iPhone presentéiert hat, ass d’Demande no Smartphonen opkomm an ënnerhalb vun e puer Joer duerch de Plaffong gaangen.

Dësen Aspekt spillt dann och eng, wéi gesot, fundamental Roll fir e potentiell méi nohaltege Konsum. Dacks kréien d’Clienten nämlech kee wierklech nohaltege Choix ugebueden. Ma wann dat de Fall wier, géifen si Dëse villäicht och treffen. Dëst ass zum Beispill bei de Liewensmëttel an an der Restauratioun de Fall. Vill ze dacks, ass de Choix un nohaltegen Alternativen hei entweder vill ze limitéiert oder en ass guer net eréischt ginn. Dobäi ass déi global Produktioun vu Liewensmëttel ee vun de gréissten Eminente vun Zäregaser op dëser Welt. Hei kéint eent zu méi Nohaltegkeet verännert Konsumverhale wierklech déi oft ugeschwaten, ominéis Bierger verréckelen. Ëm sou méi rose ginn ech dann, wann ech al Dag gesinn, wéi déi Produite fir déi am meeschte Ressource verbraucht ginn, dem Client am meeschten ugebuede ginn an d’Butteker, d’Restauranten, d´Brasserien a wien nach net alles sech guer net eréischt méi maachen en nohaltege Choix ze bidden.

Dir wësst net wat ech mengen?!

Ma da probéiert eng kéier bei e Bäcker oder an eng Kantin ze goen an iech einfach nëmmen en normaalt Kéis-Bréitchen ze kafen! da gesitt der wat ech mengen! dat ass quasi eng Saach vun der Onméiglechkeet: amplaz vun engem normale Bréitchen; op deem einfach nëmmen e puer Tranche Kéis leien; kritt een en hallwe Menü; deen einfach nëmmen an e Bréitche gequëtscht gouf; ugedréint! zwar ass och Kéis an deem Menü: meeschtens allerdéngs och speck; Eeër; Champignonen; Tomaten; Zalot; Mayonnaise an esou weider: wollt ech dëse Menü Éier ech bei de Bäcker ergaange si selbstverständlech net! ech wollt einfach just e Bréitche mat Kéis! net méi an net manner!!! ech brauch keen hallwe Bësch an dräi véierels vun engem Bauerenhaff op mengem Kéis-Bréitchen: ma wat maachen ech awer; wann ech Honger hunn a keng Zäit hu fir no enger alternativ ze sichen da loossen ech mir dat verbriechen un der Natur; dat ech do op engem Drëttel vun enger Baguette ugebuede kréien; alt undréinen: dobäi wier mäin eigentleche Wonsch no engem einfache Kéis-Bréitche vill méi ressource_schounend an domadder manner klimaschiedlech gewiescht:

Deen een oder anere wäert elo villäicht mengen, dass dëst Beispill mat den Hoer erbäigezunn, oder vill ze spezifesch ass. Dës Leit bieden ech ze bedenken, dass d’Produktioun vu Liewensmëttel eng vun de – wéi scho gesot – gréisste Kräften hannert der weltwäiter Emissioun vum CO2 ass. Lo stellt iech mol eng Kéier d´Fro wéi vill Leit sech op der Welt all Dag fir e méi bëllegt a méi nohaltegt Kéis-Bréitchen entscheet hätten, wann si Dëst nieft deem virdru beschriwwene Menü ugebuede kritt hätten. Wieren et der 1.000, 10.0000 100.0000 oder X Milliounen? Dat kann ech hei net ofschléissend soen. Ma an all Fall wier eng ganz Partie CO2 agespuert ginn!

An dësem Sënn: #proKéisBréidchen, #géintdeBëschopmengerSchmier

Merci, dass dir iech d’Zäit geholl hutt, dëse Bréif ze liesen.

Ech bieden iech meng respektvoll Gréiss entgéint ze huelen.

Dr. rer nat. Dr. rer pol. Dr. rer oec

Primo Tivio