Elo ass et also esou weit: d’Petitioun Nummer 1865, déi zwee Deeg Congé de Mount fir all Fra mat Menstruationspéng fuerdert, muss an der Chamber debattéiert ginn.

Op ville Platzen kann een lo liesen, wei eng bestëmmten Grupp vun Leit vun esou engem Gesetz, sollt esou eppes dann jeemools gestemmt ginn, benodeelegt wier: d’Männer. Mee vun deenen well ech fir de Moment mol Ofstand halen.

Vill méi géif ech gären un eng aner Grupp erënneren, déi, ech sinn mer et bal sécher, och net ganz averstanen mat der Petitioun gewiergt wier: d’Feministen. Notamment, d’Feministen vun der Vergaangenheet.
Wat géifen déi couragéiert Fraen, déi sech mat vill Schweess an Blutt géint den Status-Quo vun hirer Zäit duerchgesat hunn fir Accès op den Aarbechtsmarché ze kréien wuel dozou soen, dass hier contemporaire Vertrieder elo probéieren, mat all Mëttel erëm vun dem Marché erofzekommen?

Net nëmmen dass hei probéiert gëtt, iwwer gutt 24 extra Deeg am Joer justifiéiert Absence vun der Aarbechtsplaz ze kréien (an et sollt een net vergiessen dass vill Leit knapps esou vill Deeg am Joer regulären Congé hunn), mee gläichzäiteg gëtt d’Valeur vun der Fra op eben der Aarbechtsplaz weider devaloriséiert.

Mengen d’Vertrieder vun der Petitioun, déi jo och oft esou Iddien wei eng ‘Fraenquote’ begréissen, dann wierklech,  d’Patronen géifen wéinst esou engem Gesetz an Zukunft net nëmmen nach méi zécken, fir eng Fra anzestellen? Wuel wuessend dass déi Persoun esou vill Deeg am Joer manner schaffen wäert wei en Mann?

An wei sollen d’Mataarbechter dann eng Persoun an déi grouss Dossieren an Projeten mat abannen, wann si sech ni sécher kënnen sinn, op déi dann den Dach drop och optaucht oder net?

Mee och d’Feministen vun der méi rezenter Zäit hätten sécher en Wuert géint déi Petitioun ze soen. War et net een vun Haaptsloganen, dass d’Fraen net sollen “op hire Kierper” reduzéiert ginn, notamment op hir reproduktive Organer?
Ma wat ass dann des Petitioun aneschters, wei genee esou eng Beschränkung vun enger Fra als en “Menstrueiernden”? Als een Affer vun sengem Kierper deen, an dëser Rolle, ganz kloer méi schwaach ass wei en Mann an deementspriechend extra behitt muss ginn?

Mol ganz dovunner ofgesinn, dass net all Fra déi gläich Péng während der Reegel huet an deemno d’Ëmsetzung vun esou engem Gesetz sech fir den Abus nëmmen esou presentéiert.

Mee besonnesch am Mound Juni gëtt et nach eng läscht Grupp, déi een muss erwänen, an dat sinn vill vun eisen aktuellen Feministen, déi sech jo gären fir d’Rechter vun der LGBT-Kommunitéit asetzen.

Wei ass et dann mat den Rechter vun den Trans-Fraen, déi jo, vue der Absence vun weiblechen Geschlechtsorganer, vun esou enger prioritärer Behandlung ausgeschloss misste ginn?

Ass den But vun der ganzer Gender-Ideologie dann net, d’Gläichbehandlung an d’Gläichsetzung vun all den Gender-Identitéiten? Mee wei kann esou eppes ëmgesat ginn, wann eng Petitioun sech ganz kloer op eng geschlechtsspezifesch Aktivitéit, d’Menstrueieren, bezitt? An mengen Aen kéint dat nach ganz komplizéiert ginn.

Wei een gesäit, ass et méiglech déi vill Problemer vun der Petitioun an d’Luucht ze réckelen ouni och nëmmen mussen ee Wuert iwwer hier d’Männer, déi nach ëmmer Haaptbenodeelegt bleiwen, ze verléieren.

Et wier vläicht ubruecht, dass sech déi sozial aktive Fraen vun eiser Zäit sech mol rëm géifen op hier Wuerzelen beruffen an kucken, firwat den ganzen feministeschen Mouvement iwwerhaapt gegrënnt gouf.
Gläichberechtegung huet eben hiren Präis, egal wei attraktiv e bëssen gratis Congé maach ausgesinn.