De Minister fir Energie gouf an der Chamber-Plenière vum 19. Mee iwwer d'Sécherheet vun der Stroumversuergung am Kader vun engem ëmmer méi volatille Gesamtsystem befrot, nodeem hien e puer Woche virdrun seng Etüd iwwer d'Versuergungssécherheet am Fall vun enger Schléissung vu Cattenom presentéiert hat (heizou e Commentaire an der Rubrik Lieserbréiwer vum 7. Mee). D'medial Opmierksamkeet fir dëse kruziale Sujet hat sech deen Dag a Grenze gehalen, obwuel de ganze Fonctionnement vun eisem gesellschaftleche Liewen vun der elektrescher Versuergungssécherheet ofhängeg ass. Jidderee ka sech jo ausmolen wéi eist Liewen ausgesäit wann de Stroum emol flächendeckend an Europa fir e puer Wochen ausfält ouni Kommunikatiouns- an Informatiounsmëttelen, ouni Méiglechkeet fir Deplacementer iwwer gréisser Distanzen, ouni Logistik fir den Transport vun alldeeglech gebrauchte Gidder, ouni adequat medezinesch Versuergung, ouni Drénkwaasserversuergung, ouni funktiounstüchtegen Ofwaassersystem, ...asw.

Well esou vill um Spill steet, ass et wichteg fir sech mat der Äntwert vum Minister auserneenzesetzen. Déi gemaachten Aussoen ginn hei op hir Plausibilitéit ofgecheckt a sollten ëffentlech diskutéiert ginn.

An der Fro déi dem Minister gestallt gëtt geet et ëm d'Versuergungssécherheet an engem System deen ëmmer méi op wiederofhängege Stroumquelle baséiert. Dobäi goufen zwee Aspekter ervirgehuewen op déi de Minister eng prezis Äntwert sollt ginn : de potenzielle Stroumaustausch tëschent de Länner, an zum aneren d'Ëmsetzungsméiglechkeeten fir d'saisonal Laangzäitspäicherung vun der net bedarfsgerecht produzéierter elektrescher Energie. Dat kléngt elo vläicht no groer Theorie, awer ouni dës zwee Elementer kann een an der Praxis déi ganz aktuell Energiestrategie vergiessen.

Als best practice fir d'technesch an ekonomesch Integratioun vu volatille Stroumquellen zitéiert de Minister direkt zu Ufank d'Beispill vun Dänemark. Effektiv bedréit den Undeel vun der dänescher Wandstroumproduktioun um Pabeier rekordverdächteg 50%. Da wier d'Integratioun vun enger héijer volatiller Leeschtung also tatsächlech méiglech ouni d'Netzer ze destabiliséieren ?

Hei gëtt et e wichtegen Detail wéi mer elo gläich gesinn : déi 50% Undeel bezéie sech rechneresch op den däneschen, also op den eegene Stroumverbrauch an Dänemark.

Wéi sech dës gelongen Integratioun an der Praxis tatsächlech duerstellt gesäit een hei drënner an der Grafik vun der dänescher Wandstroumproduktioun beispillhaft fir d'Joer 2016 (deemols war den theoreteschen Undeel um Stroumverbrauch ronn 40%). All Punkt an der Grafik stellt eng vun den 8760 Stonnen am Joer duer mat der betreffender Wandstroumproduktioun op der horizontaler Skala, a mat den zäitgläiche Stroumexporter (postiv Wäerter) respektiv Importer op der vertikaler Skala.

RTL

Et gesäit een op der rietser Säit vun der Grafik, dat iwwer enger produzéierter Wandleeschtung vu ronn 2.200 Megawatt e groussen Deel vum Stroum quasi systematesch an d'Ausland muss exportéiert ginn (bis iwwer d'Hallschent vun der Produktioun), an op der lénker Säit vun der Grafik, dat ënner dëser Leeschtung vun 2.200 MW en héijen Undeel vum Stroum muss importéiert ginn (negativ Wäerter).

Engersäits gesäit een also dat et fir en theoreteschen Undeel vu 50% guer net méi méiglech ass fir d'Stroumproduktioun an dem eegene Netz ze integréieren, well déi produzéiert Leeschtung reegelméisseg d'Laascht vun de Verbraucher iwwerschreit (Leeschtung a Laascht mussen zu all Moment an engem perfekte Gläichgewiicht sinn fir dat d'Stroumnetz net zesummebrécht). An op der anerer Säit bleift Dänemark awer grad esou importofhängeg ewéi Lëtzebuerg. Duerch d'Wandenergie lieft Dänemark also an enger duebeler Ofhängegkeet : d'Importofhängegkeet, awer och d'Exportofhängegkeet.

Ab engem Undeel vun ongeféier 25% bis 30 % wuessen déi volatil Leeschtungsspëtzten iwwer déi eege maximal Verbrauchslaascht, an destabiliséieren d'Stroumnetz wann d'Leeschtung net méi wäitraimeg ka verdeelt ginn . D'Produktioun déi exportéiert gëtt däerf awer duerch d'statistesch EU Reegelen op den eegene Verbrauch bezu ginn an esou entsteet d'Illusioun dat d'Integratioun vu 50% technesch méiglech wier. Déi net bedarfsgerecht Wandleeschtung kann haut vun de skandinavesche Noperen wuel nach absorbéiert ginn, well se absolut gesinn bei engem klenge Land ewéi Dänemark nach niddereg ass. Reng wirtschaftlech gesinn ass dëse „Geschäftsmodell" fir d'Nopeschlänner och lukrativ, well Dänemark säin iwwerschëssege Stroum dee net vill wäert ass muss mat Verloscht verkafen, a well Dänemark zu den Zäiten wou seng Wandanlage kollektiv net vill produzéieren de Stroum nees zu Spëtzepräisser muss zeréckkafen.

Produzéierte Stroum muss wéinst der Netzstabilitéit effektiv direkt consomméiert ginn. Dës extreem „verdierflech" Wuer, déi bei volatille Stroumquellen awer net no der Demande produzéiert gëtt, kann also net an eng maartwirtschaftlech Realitéit integréiert ginn. D'Illusioun vun enger Integratioun gëtt duerch de System vun de festen Aspeisetariffer oprechterhalen, mat alle vollekswirtschaftlechen an duerno soziale Konsequenzen.

Effektiv muss dat lukratiivt Geschäft fir d'Nopeschlänner vum Dänesche Vollek op der Stroumrechnung bezuelt ginn : 28 € Cents pro KWh. Just an Däitschland dat mat engem analoge Problem ze kämpfen huet ass de Stroum fir de Verbraucher nach méi deier a läit elo iwwer 30 € Cents pro KWh (zum Vergläich Frankräich : 18 € Cents pro KWh). Hei kann een also och niewebäi mat dem Mythos opraumen dat eng volatil Energiewend d'Energie am Fong „demokratiséiert". D'Praxis – mat konkret z.B. e puer honnertdausent Stroumspäerungen pro Joer an Däitschland – weist, dat sozial Niewewierkungen ewéi Energieaarmut an der Natur vun enger volatiller Energiewend leien.

D'physikalesch Limitte vun dëser deierer Pufferstrategie si séier erreecht, wann am Kader vum Green Deal och déi aner Länner nozéien an eng méi héich Wandstroumproduktioun hunn. Dëse Sachverhalt gëtt kloer an der Grafik hei drënner, wou déi kumuléiert Leeschtungsverdeelung vum gesamten europäesche Wandanlagekollektiv Onshore plus Offshore fir d'Joer 2016 duergestallt ass :

RTL

Hei gesäit een an der Praxis dat déi global europäesch Wandstroumproduktioun och am Cumul extreem abrupt fluktuéiert an dat et och an engem perfekte Stroumreseau keng geographesch Ausgläichseffekter gëtt. Déi europäesch Wandanlagen dréie wéinst iwwergeuerdente Wiedersystemer effektiv gréisstendeels synchron, d.h. d'Länner hu gläichzäiteg Iwwerschëss a gläichzäiteg Defiziter, esou dat et bei enger gesteigerter Wandstroumproduktioun kaum nach e relevante Stroumaustausch tëschent de Länner gëtt. Wéisou suggeréiert de Minister dat dann ?

Wann een de gesamten Energieverbrauch betruecht kann een awer esouguer fir d'Rekordland Dänemark feststellen dat d'Wandenergie insgesamt eng relativ negligeabel Energiequell ass, well déi theoretesch 50% Undeel am Stroumsecteur och an dësem Land – trotz dem „statisteschen Trick" mat den Exporter – just nëmme ronn 8% vum Primärenergieverbrauch duerstellen. De gréissten Deel vun der regenerativer Energie kënnt an Dänemark effektiv vun der Biomass, an dräi Véierel vun der Primärenergie ginn ewéi am Rescht vun Europa aus fossillen Energiequelle Pëtrol, Gas a Kuel bestridden. Dat ass den Ënnerscheed tëschent der Realitéit an der Perceptioun vun der Realitéit an der ëffentlecher Diskussioun (anert Beispill „Energiewendeland" Däitschland : Wandenergie = 4% vun der Primärenergie déi zu ronn 80% fossil ass).

Et ass also grad d'Beispill vun Dänemark dat genau de Contraire vun deem beweist wat de Minister wollt illustréieren. Ass et méiglech dat de Minister dës Realitéit net kennt ?

Duerno erkläert de Minister, dat schwankend Stroumquelle guer kee Problem duerstellen an de Risiko vun engem Stroumausfall kleng ass. Dat gëtt beluecht duerch déi aktuell Stabilitéitsindicateuren.

Dës Ausso seet awer leider guer näischt aus, well et ass jo gewosst dat et an der Vergaangenheet genügend Reegelleeschtung a Reserveleeschtung duerch pilotabel Kraaftwierker gouf an am Moment nach gëtt. Nëmmen esou konnt z.B. Däitschland no 2011 eng Rei AKW ausser Betrib huelen, well déi betreffend Leeschtung vun der héijer Kapazitéit vun de Kuelekraaftwierker konnt bereetgestallt ginn.

Et sinn awer déi zukünfteg Moossnamen déi e negativen Afloss hunn. Kuerzfristeg ginn an Däitschland bis Enn nächst Joer iwwer 20 GW pilotabel Kraaftwierksleeschtung vum Netz, esou dat déi gesamt verfügbar Kapazitéit ënner d'Verbrauchslaascht fält an d'Situatioun also kritesch gëtt. Mëttelfristeg ginn an Europa iwwer 100 GW vum Netz a sollen haaptsächlech duerch volatil Quellen ersat ginn.

Do seet de Minister dann, dat d'Netzstabilitéit grad wéinst AKW a Kuelekraaftwierker a Fro gestallt gëtt, well se de „schnellen" (Zitat) regenerative Stroumquelle net nokéimen. Esou einfach kritt een d'Realitéit ëmgedréit : et wieren also net déi volatil, mä déi pilotabel a versuergungssécher Kraaftwierker déi d'Netz destabiliséieren !

Dobäi misst no den Aussoe vum Minister dann awer ouni AKW a Kuelekraaftwierker weider op fossil Gaskraaftwierker zeréckgegraff ginn. Mat anere Wierder, de Minister confirméiert dat ee mat enger volatiller Energiewend muss duebel Kraaftwierksstrukturen opriichten a bedreiwen.

Wa Kuelekraaftwierker duerch Gaskraaftwierker ersat ginn, kritt ee wéinstens eng gewësse Reduzéierung vun Zäregasemissiounen. Wann awer AKW duerch Gaskraaftwierker ersat ginn kritt ee just de Contraire. Am gesamte Liewenszyklus emittéiere Gaskraaftwierker effektiv ronn honnertmol méi CO2 ewéi z.B. franséisch AKW. Dowéinst ass gewosst, dat deemnächst d'Zäregasemissiounen z.B. a Frankräich an an der Belsch nees wäerte klammen. Wéi soll Europa do um Horizont 2050 klimaneutral sinn ? Do muss ee sech d'Fro stellen ob de Green Deal wierklech de Klimaschutz als Prioritéit huet, oder ob e net éischter industriepolitesch Ziler verfollegt. Dovunner huet Lëtzebuerg awer kaum eppes.

De Minister mécht awer keng Ausso iwwer e konkreten Ausbauprogramm fir déi noutwendeg Gaskraaftwierker, a bekräftegt nach eng Kéier dat d'Atomzentral vu Cattenom ouni Incidencen vum Netz ka geholl ginn. Dobäi hunn déi 4 Reakteren eng Leeschtung déi zum Verglach 15-mol méi héich ass ewéi déi vun der fréierer Twinerg, also e Gaskraaftwierk wat ausgerechent zu Lëtzebuerg fréizäiteg vum Netz gaangen ass.

Et sinn nämlech grad just d'Gaskraaftwierker – vun deenen déi volatil Stroumquellen ofhängeg sinn – déi duerch d'plangwirtschaftlech Konkurrenz vu volatille Stroumquellen onrentabel gi sinn. Effektiv gi volatil Stroumquellen prioritär mat Null Grenzkäschten um Stroummaart an d'Netz agespeist, an drécken duerch de Merit-Order Effekt d'Gaskraaftwierker ewech. Duerch déi provozéiert niddereg Betribsstonnen kënne Gaskraaftwierker wirtschaftlech net iwwerliewen. Dat gouf zum Deel duerch rezent méi héich CO2 Präisser, déi Kuelekraaftwierker benodeelegen, nees relativéiert.

Trotzdeem bräicht een an dësem System e „Kapazitéitsmaart", wou d'Gaskraaftwierker dofir bezuelt ginn fir am Stand-by Modus ze stoen. Dat ass vollekswirtschaftlech a sozial gesinn grad esou kontraproduktiv ewéi den „dänesche Modell", well d'Energiekäschten duerch den duebele Kraaftwierkspark, mat duebelen Investitiounen an duebele fixe Betribskäschten onnéideg deier ginn (an ëffentlechen Aussoen gëtt de Minister awer net midd ze behaapten dat säin Energiemodell rentabel ass, a sech dat positiv op d'Energiekäschten auswierkt).

Och Lëtzebuerg misst seng Verantwortung fir d'Netzstabilitéit iwwerhuelen. De Minister weist sech a senger Äntwert houfreg iwwer d'Roll déi Lëtzebuerg an der Gestioun vum Stroumreseau spillt. Dat beschränkt sech no sengen Ausféierungen awer éischter op d'Participatioun an Aarbechtsgruppen, ewéi konkret um Terrain. Fir déi aktuell Laascht vun de Lëtzebuerger Verbraucher zu all Zäitpunkt stabil ze garantéieren, bräichte mer eigentlech op d'mannst dräi Gaskraaftwierker ewéi d'Twinerg. Gëtt et also heifir e Programm, a wat géing dat eis vollekswirtschaftlech kaschten ? An d'CO2 Emissiounen ?

Fir dat de Klimaschutz dann awer zu sengem Recht kënnt, stellt de Minister laangfristeg eng hypotheetesch Exploitatioun vun de Gaskraaftwierker mat „gréngem" Gas an Aussiicht. Hei si mer awer nees an engem absolutte Narrativ, well de Minister keng belaaschtbar Zuelen huet déi beleeën wéi eng Kapazitéit mat Elektrolyseure misst bereet gestallt ginn, a wéi vill Wand- a Solaranlage missten opgeriicht ginn fir de Stroumbedarf sécherzestellen am Kader vun enger Kopplung vun de Secteure Stroum, Wäermt an Transport, plus déi zousätzlech industriell Uwennunge fir „grénge" Gas z.B. an der Stol- an Zementindustrie déi weltwäit grad esou vill Zäregasemissioune generéieren ewéi de Stroossentrafic.

Däitschland z.B. investéiert am Kader vu senger grouss ugeluechter Waasserstoffstrategie e puer Milliarden Euro. Den däitsche Bedarf u Waasserstoff läit bei enger Sektorenkopplung an industriellen Uwennungen no aktuelle Berechnungen an engem héijen dräistellegen Terawattstonneberäich. D'Strategie gesäit bis den Zäithorizont 2040 konkret en Ausbau vun enger Elektrolysekapazitéit vun 10 GW fir. Well bei volatille Stroumquellen d'Spëtzeleeschtungen e Villfaches iwwer der mëttlerer Produktiounsleeschtung leien, brauch ee par rapport zu enger konventioneller konstanter Stroumquell ewéi z.B. AKW eng verhältnesméisseg héich Elektrolyseleeschtung fir d'Spëtzen ofzebauen. Déi 10 GW leien do eng ganz Gréisstenuerdnung ënner der Kapazitéit déi gebraucht géif fir d'laangfristeg Spëtzten vun der Wand- a Solarleeschtung ze traitéieren.

Mat den 10 GW Elektrolysekapazitéit kritt een dann bei engem erhoffte Wierkungsgrad vu 70% a 4.000 Volllaaschtstonnen manner ewéi 30 TWh Waasserstoff pro Joer produzéiert. Dat entsprécht also just e puer Prozent vum däitsche Bedarf. Wat Däitschland un Eegeproduktioun feelt misst no der offizieller Strategie effektiv gréisstendeels importéiert ginn.

A wéi kréich ënner dëse Bedingungen dann och nach de Rescht vun Europa engersäits seng Leeschtungsspëtzten ofgebaut an anerersäits säi Bedarf u Waasserstoff gedeckt ? Et gëtt op dëser volatiller Basis offensichtlech keng Perspektiv fir d'Klimaneutralitéit fir gesamt Europa bis 2050 am Energiesecteur an a bestëmmten Industrien och emol nëmmen am Usaz ze erreechen.

De Fraunhofer ISE berechent an deem Kontext fir den däitschen Energiesecteur ouni Industrie eng noutwendeg Zuel vun industrielle Wandanlagen an engem sechsstellege Beräich. Op de Lëtzebuerger Moossstaf erofgebrach ergëtt sech do eng héich véierstelleg Zuel vun industrielle Wandanlagen. D'Equipementer déi ee bräicht fir déi diffus volatil Energie aus der Ëmwelt anzesammelen, zeechent sech aus duerch e wesentlech méi héije Flächen- a Ressourcëverbrauch, a wesentlech méi héich Gesamtkäschten ewéi e konventionelle System deen op konzentréiert Energiequellen zeréckgräift. Och hei misst dem Minister seng Äntwert duerch belaaschtbar Zuelen ënnermauert ginn, déi beleeë géingen dat dëse System esouwuel technesch ewéi wirtschaftlech viabel an och nohalteg ass.

Wéi géingen déi direkt kumulativ Impakter sech op Natur, Landschaft a Biodiversitéit auswierken, wann eis Naturraim duerch dës enorm Zuel vun Industrieanlagen elo och nach mussen exploitéiert ginn ? Ass dat wierklech kompatibel mat den Zilsetzungen vum Naturschutzgesetz an dem Plan sectoriel Payasage ? Misst sech den Energieminister do net emol mam Landesplanungsminister beroden ?

An de weideren Ausféierunge vum Minister gëtt suggeréiert dat d'Stroumnetzer kënne stabiliséiert ginn duerch eng „intelligent" Vernetzung vu Wand- a Solaranlagen a weideren Equipementer, ewéi z.B. intelligent Stroumzähler, intelligent Ladegeräter fir Elektroautoen an intelligent Trafostatiounen. Dobäi gëtt awer net gesot, dat dëst just erméiglecht fir de Stroum jee no volatiller Produktioun ze rationéieren oder esouguer op ganzen Deeler vum Netz noutfalls ofzeschalten fir esou da wéinstens e flächendeckenden a wochelaange Stroumausfall a wäiten Deeler vun Europa ze verhënneren. Domat reduzéiert ee vläicht de Risiko vum „Blackout", mä et verhënnert ee net wesentlech de Risiko vu „Brownouts" an scho guer net d'Gewëssheet vum Stroummangel.

All déi intelligent Moossnamen plus den opwennegen Netzausbau wieren awer mat den domat verbonnenen héije Systemkäschten net noutwendeg, wa net op diffus volatil Stroumquelle géing zeréckgegraff ginn.

Dobäi gëtt och net gesot, dat dësen intelligente System just nëmmen eng ganz kuerzzäiteg Stabilisatioun ka bewierken, déi strictement näischt mat der saisonaler Problematik vun de volatille Stroumquellen ze dinn huet, op déi jo ausdrécklech an der Fro verwise gouf. Déi eenzeg Perspektiv fir d'saisonal Volatilitéit an de Gréff ze kréien wiere saisonal Energiespäicher.

Op der Basis vun der statistescher Leeschtungsverdeelung vun der Fotovoltaik kann een z.B. liicht noweisen, dat ee fir d'komplett Vergläichméissegung iwwer d'Joer gekuckt eng saisonal Späicherkapazitéit misst hunn, déi ronn 25% vun der Joresproduktioun entsprécht. Dat géing z.B. heeschen dat de private „Prosumer" dee mat senger PV-Daachanlag d'Joer 6.000 KWh produzéiert, a senger Garage Akkue misst virgesinn mat enger notzbarer Späicherkapazitéit vu ronn 1.500 KWh. Dat wiere konkret z.B. iwwer honnert Powerwall'en vun Tesla mat engem Gesamtgewiicht vu ronn 13 Tonnen. Dat ass natierlech just e Gedankenexperiment a net ëmsetzbar. Konform zum gängege Narrativ misst d'saisonal Späicherung jo iwwer de Power-to-gas mam Waasserstoff séchergestallt ginn, wou déi noutwendeg Kapazitéiten awer grad ewéi am virechte Rechebeispill weder wirtschaftlech nach technesch duerstellbar sinn, an iwwer déi de Minister och keng belaaschtbar Zuele kann opweisen.

Duerno féiert de Minister aus, dat Wand- a Solarenergie net „volatil", mä „variabel" sinn, well se „previsibel" wieren. D'Fro déi sech bei dëser semantescher Excursioun stellt ass déi, wat eng hypotheetesch Previsibilitéit hëlleft, wann een d'Volatilitéit doduerch awer nach ëmmer net reduzéiere kann, well déi jo naturbedéngt vum Wieder ofhängeg ass. Eng hypotheetesch Previsibilitéit verhënnert also net dat een déi beschriwwe saisonal Späicher trotzdeem muss zur Verfügung stellen.

Just e bildleche Verglach : wat bréngt en „intelligenten" Thermometer deen engem ganz previsibel eng Stonn am viraus ka soen dat ee Féiwer kritt ? D'Krankheet muss een trotzdeem nach ëmmer bei der Wuerzel paaken a behandelen.

De Minister ass a senger Äntwert an der Chamber-Plenière also grad ewéi a fréieren ëffentlechen Aussoen iwwerzeegt dat all Léisungen do sinn. Erstaunlech dat z.B. an Däitschland esou héichgestallten Organismen ewéi de Bundesrechnungshof oder och de „Rat der Weisen" elo scho reegelméisseg an offizielle Rapporten Alarm schloen dat d'Versuergungssécherheet zukünfteg net méi garantéiert ass, an de Blackoutrisiko vun der däitscher Regierung guer net richteg erfaasst gëtt.

Do stellt sech d'Fro wat engem méi Suerge mécht : ass et d'Gewëssheet dat et offensichtlech keng nohalteg Léisung fir d'Versuergungssécherheet mat der aktueller Energiepolitik gëtt, oder ass et déi hei demonstrativ affichéiert politesch Iwwerzeegung dat all technesch a wirtschaftlech machbar Léisungen zur Verfügung stinn