Et as wonnerbar wei eisen Gesondheetsministère op d‘Besoien vun den eeleren Matbierger angeet. M

ain Monnie deen 81 Joer huet konnt lo reicht geimpft gin well sain Gesondheetszoustand et bis elo nit erlaabt huet. Ech wollt dun sou seier wei meigelech en Rendez-vous ausmachen hat awer nemmen d‘Auswiel tescht dem Kierchbierg an Mondorf. Ech hun dun mat him en Rendez-vous um Kierchbierg ausgemach.

Dat huet och wonnerbar geklappt an d‘Personal war hellefsbereet. Leider hun ech dun awer missen feststellen dat et en regelrechten Marathon fir en eeleren Mensch as. Positiv war dat an regelmeissegen Ofstänn Still stoungen wou mir konnten Pausen anleen. No e puer Etappen waren mir dann dun beim Ausgang unkomm fir dann dei lescht Hürd an Form vun enger Traap ze meeschteren.

Fir seng zweet Impfung hun ech dun op der hotline nogefroot op mir villaicht keinten op Ettelbreck goen. Eischtens as d‘Ufahrt do nemmen 10 Minuten an well ech selwer do geimpft gouf weess ech dat d‘Streck dei ze goen as vill mei kurz as also ideal fir e Mensch deen nit gudd zu Fouss as. Den frendlechen Här huet mir awer leider erklärt dat een fir dei zweet Impfung misst an den selweschten Zenter goen wei bei der eischter. Den Gesondheetszoustand spillt do keng Roll. Dun hun ech eng mail an den Gesondheetsministère gemach. Als gudden Letzebuerger natirlech an der Mammesproch. D‘Äntwert huet op sech warden geloss war op franzeisch an op main haapt Uleies as guer nit geäntwert gin. Kurz an bündeg dei selwescht Äntwert wei op der hotline. Flexibiliteit scheng et do nit ze gin.

Et wir villaicht ubruecht fir all Impfzenter eng Beschreiwung vum „ Parcour“ an mam Schwieregkeetgrad online ze stellen dat een sech gudd iwerleet wou een en Rendez-vous mecht. An d‘Leit och direkt drop hinweist dat dat sou gehandhabt get… no Respekt virum Alter schengt een um Ministère leider nach naischt heieren ze hun