Et ginn net vill Stied déi sou e schéint Statiounsgebai hunn, souzesoen eng Kathedral aus dem Industriezäitalter.

Déi ganz Plaz virun der Gare gëtt awer säit Joerzéngten absolut léif- an konzeptlos behandelt.

Leider ass keng Wendung zu engem Besseren an Aussicht, am Géigendeel.

Wou virdrun de Parvis vun der Gare war, ass lo een onméiglechen Knäuel aus Autos-, Tram-, Vëlos- an Foussgängertrassen, déi sech och nach, onsënnergerweis, puermol géigesäiteg duerchkräizen!

E gordesche Verkéiersknuet, dee mat der virherrschender Denkweis (Optimiséierung vum Individualverkéier op Rieder) wuel net méi wäert opzeléisen sinn.

Déi grouss Verléierer sinn nees eng Kéier d’Leit, déi ze Fouss ënnerwee sinn.

Net nëmmen, datt si lo mat engem Spiessrutelaaf all déi nei Verkéiersschneisen iwwerwannen mussen, nee, op deem klenge Raum, deen hinne nach bleift, gi se zousätzlech, an trotz Vëloswee, ëmmer méi vun allméiglechen Zorten vun Zweerieder bedrängt.

Schmuel Trottoiren dengen gläichzäiteg als Busarrêt inklusiv Bushaisercher, Panneauen  asw... .

Fir eeler Leit, a fir Leit mat Rollstull oder Rollator, eng onléisbar Aufgab.

De Chantier u sech war net dee gréisste Problem, mee éischter dat trauregt Resultat dono.

Nodeems 99% vun der Plaz zoubetonéiert ass, wäerten e puer kosmetesch Korrekturen, op deem klenge Raum virum Pavillon Grand-Ducal, wou en ënnerierdesche Vëlosparking geplangt ass, d’Kaar och net méi aus dem Dreck zéien...

Mertens Vicky

Lëtzebuerg-gare