An der Chamber-Plenière vum 8. Juni huet de Minister fir Energie op eng Question élargie vun der grénger Deputéiert Stéphanie Empain geäntwert. Et goung ëm d'Nuklearenergie am Allgemengen, ëm Cattenom am Besonneschen, an ëm d'Versuergungssécherheet am Kontext vun der aktueller Energiepolitik déi notamment d'Wandenergie promouvéiert. Nodeem de Minister fir Energie schonn op eng analog Question élargie vum ADR Deputéierten Fred Keup an der Chamber-Plenière vum 19. Mee geäntwert hat, an d'Qualitéit vun der Äntwert bei engem Plausibilitéits Check hei an der Rubrik ersiichtlech gouf (Bäitrag vum 15. Juni), huet een dierfen gespaant sinn wéi eng nei Elementer de Minister bei dëser Geleeënheet géing presentéieren.

A senger Äntwert mécht de Minister den Tour duerch eis dräi Nopeschlänner fir konkret Beispiller opzezielen déi senger Usiicht no déi aktuell Energiepolitik an e positiivt Liicht récken, a beleeë sollen dat d'Versuergungssécherheet assuréiert ass.

A senger éischter Ausféierung verdeedegt de Minister säin Energiemodell mat dem Argument dat d'Industrienatioun Däitschland – e Land wat senger Ausso no am Moment massiv d'erneierbar Energien ausbaut – et fäerdeg bréngt fir Klimaschutz, Versuergungssécherheet an adequat Stroumpräisser an Aklang ze bréngen.

De Bundesrechnungshof, grad wéi och de „Rat der Weisen", kënnen interessanterweis dem Lëtzebuerger Energieminister seng Lektür vun der däitscher Realitéit net deelen. Nodeem dës zwou héichgestallten Institutiounen schonn déi Jore virdrun déi däitsch Energiewend staark kritiséiert haten, gëtt an engem neie Rapport vum Bundesrechnungshof am Mäerz dëst Joer festgestallt, dass amplaz dat gesetzlech verankert energiepolitescht „Zieldreieck" fir Klima- an Ëmweltverdréiglechkeet, Versuergungssécherheet a Bezuelbarkeet an Aklang ze bréngen, bei der däitscher Energiewend op onrealistesch Ëmsetzungszenarien a Verbrauchsprognose gesat gëtt, dat sech eng héich Versuergungslück virzeechent, an dat dobäi déi héchste Stroumkäschten an Europa generéiert ginn.

Fir de Bundesrechnungshof besteet keng kloer Perspektiv wéi den ëmmer méi volatil a „bedarfsonofhängeg" produzéierte Stroum versuergungssécher kann integréiert ginn, reprochéiert dat d'Blackout Gefor ënnerschat gëtt, an dat d'Risiken déi duerch Versuergungsdefiziter entstinn emol guer net richteg erfaasst sinn.

Wat konkret d'Stroumkäschten an Däitschland ubelaangt, esou leien déi mat iwwer 30 Euro Cent pro KWh op Nummer eent am Verglach mat den europäesche Länner respektiv den G20-Länner, an och am weltwäite Ranking leien se am Spëtzefeld vun den héchste Stroumpräisser.

Wann d'EEG Umlage – eng Tax déi d'regenerativ Energie finanzéiert an déi de Verbraucher direkt op senger Stroumrechnung bezilt – net kierzlech gedeckelt gi wier mat enger Ëmverlagerung op d'Steieren, da wier den däitsche Stroumpräis bal duebel esou héich ewéi a Frankräich.

Kann een also wéi de Minister einfach soen dat d'Stroumkäschten „bezuelbar" sinn, wann ee weess dat all Joer e puer honnertdausend däitsch Haushälter de Stroum net méi bezuele kënnen an dowéinst zäitweileg ofgespaart kréien ? Dat war also scho gläich zu Ufank eng ganz konkret falsch Ausso.

Den Ausbau vun der Wandenergie ass an de leschte Joren och net wéi de Minister ausseet massiv virugaangen, mä ass am Contraire massiv agebrach. Déi däitsch Wandenergie huet effektiv ëmmer méi Problemer bei der Integratioun um Terrain, der Integratioun an d'Stroumnetz an der Integratioun an de Stroummaart.

Duerno féiert de Minister aus dat virun zwou Wochen Däitschland a Norwegen e neien „elektresche Kabel" ageweit hunn. Dee Kabel ass dofir do „fir wa ganz vill Wand ass da gëtt de Stroum Richtung Norwegen geschéckt fir en do an de Waasserkraaftwierker ze stockéieren." (Zitat)

D'Betounung an der Ausso vum Minister läit um Wuert „stockéieren".

De Minister insistéiert och direkt e puermol dat dëse Kabel eng Kapazitéit hätt, déi där vun zwee Atomkraaftwierker entsprécht.

Dat géing senger Usiicht no esouwuel Däitschland ewéi och eis immens vill hëllefen.

De Stockage ass effektiv ee vun de grousse Problemer vun dësem wiederofhängegen Energiemodell.

D'Léisung vun dësem Problem mat Hëllef vu saisonale Laangzäitspäicher ass eng „Condition nécessaire mais pas suffisante". Wichteg ass also dat d'Energie iwwer Méint an esouguer iwwer e Joer eraus ka stockéiert ginn, fir saisonal a järlech Schwankungen vu volatille Stroumquellen auszegläichen.

Wat huet et dann elo mat deem vum Minister beschriwwene Léisungsusaz op sech ?

Fir elektresch Energie mat Hëllef vu Waasser ze stockéieren brauch ee jo Pompspäicherwierker ewéi z.B. zu Veianen. Dovun ofgesinn dat Pompspäicherwierker awer keng saisonal Laangzäitspäicher sinn, mä am Stroumnetz alldeeglech negativ a positiv Reegelleeschtung liwweren – also séier aspäicheren an ausspäicheren – fir kuerzzäiteg Schwankungen auszegläichen an och esou nëmme rentabel schaffe kënnen, huet de Minister och nach en Detail ausgelooss : grad ewéi Däitschland huet Norwegen guer keng signifikativ Kapazitéit mat Pompspäicherwierker ! Et handelt sech a Norwegen nämlech ëm klassesch Waasserkraaftwierker déi just d'Waasser zeréckstaue kënnen dat vun uewerhalb eraleeft. Fir elektresch Energie ze stockéieren brauch een awer ewéi bei Veianen en Uewerbecken an zousätzlech en Ënnerbecken wou d'Waasser kann eropgepompelt ginn.

Däitschland bräicht fir eng komplett Transitioun vu sengem Stroumsecteur – dee just ee Fënneftel vum gesamten däitschen Energiesecteur ausmécht – eng saisonal Späicherkapazitéit an der Gréisstenuerdnung vu bis zu 80 Terawattstonnen.

Wéi den zäitleche Verlaf vum Späicherfëllstand fir den däitsche Stroumsecteur um Horizont 2050 ausgeséich, huet z.B. d'Umwelt Bundesamt (UBA) berechent, an dat fir eng Period vu véier Joer hannereneen op der Basis vu reelle Wiederdaten tëschent 2006 an 2009.

Dëse saisonale Späicherverlaf gesäit een op der Grafik hei drënner. Well et sech heibäi jo ëm e saisonale Späicher dréit, geet d'UBA an dem gewisene Beispill anescht ewéi eise Minister net vu Kuerzzäitspäicher ewéi Pompspäicherwierker aus, mä vu Waasserstoffspäicher.

RTL

Nieft der Späicherdauer wier awer och vun der Späicherkapazitéit hier eng Strategie mat Pompspäicherwierker illusoresch, wéi een un den aktuellen an zukünfteg machbare Gréisstenuerdnunge gesäit.

Effektiv läit d'gesamt Späicherkapazitéit vun den däitsche Pompspäicherwierker bei 0,04 Terawattstonnen. D'Späicherkapazitéit a ganz Europa plus Schwäiz plus Norwegen bedréit 0,3 Terawattstonnen, an dat gesamt europäescht Ausbaupotenzial géing maximal zousätzlech 2,3 Terawattstonnen bréngen no de Berechnungen vun der europäescher e-Storage Expertise.

Dat gesamt europäescht Ausbaupotenzial läit also just bei e puer Prozent vun deem wat just en eenzelt Land ewéi Däitschland nëmme fir säin Stroumsecteur bräicht. De Stroumsecteur bedréit wéi gesot haut e Fënneftel vun dem ganzen Energieverbrauch, esou dat de Flexibiliséierungs- a Späicherbedarf bei enger kompletter Energiewend an engem eenzele Land ewéi Däitschland an engem dräistellegen Terwattstonneberäich läit. Op den europäeschen Energieverbrauch héichgerechent kéim déi noutwendeg Kapazitéit also esouguer an e véierstellegen Terawattstonneberäich, d.h. d'Pompspäicherwierker hätten en zukünftegt Potenzial vu just e puer Promill vun deem wat néideg wier.

De Stroum deen Däitschland a Norwegen schéckt ass also guer net fir e Stockage bestëmmt ewéi de Minister seet, mä just fir en direkte Verbrauch, an ass also nees staark begrenzt duerch d'Limitte vum norwegesche Stroumverbrauch.

Däitschland sicht also just nëmme verzweiwelt no neien Exportméiglechkeeten fir eng produzéiert Leeschtung déi net un den eegene Verbrauch ugepasst ass. Et ass genau déi selwecht limitéiert Pufferstrategie ewéi bei Dänemark, déi de Minister als „best Practice" an der Chamber-Plenière vum 19. Mee beschriwwen hat.

Wéi dramatesch d'Situatioun beim grousse Virbild Däitschland ass, gesäit een an der Grafik hei drënner.

RTL

All Punkt an der Grafik stellt eng vun den 8760 Stonnen am Joer duer mat der betreffender Wandstroumproduktioun op der horizontaler Skala a mat den zäitgläichen Exporter (positiv Wäerter) op der vertikaler Skala.

D'Grafik illustréiert dat ronn een Drëttel vum Wandstroum muss exportéiert ginn, soss misst e verworf ginn. Eigentlech kéint d'Wandenergie iwwerhaapt net méi weider an Däitschland ausgebaut ginn.

Dës Exportstrategie huet déi selwecht negativ ekonomesch Konsequenzen (Negativpräisser) déi mer och bei Dänemark gesinn. Déi lescht Joren hunn och gewisen, dat d'Versuergungssécherheet duerch importéierte norwegesche Stroum am Fall vun enger Wandflaute net onbedéngt assuréiert ass, well d'järlech Produktiounskapazitéit ofhängeg ass vun der variabeler Waasserquantitéit déi vun de norwegesche Gletscher an d'Reservoire gespeist gëtt.

Nach just en Detail fir vollstänneg ze sinn : de neie NordLink Kabel dee ronn 2 Milliarden Euro kascht, huet eng Kapazitéit vu 1.400 Megawatt. Dës Kapazitéit entsprécht also net dem Equivalent vun zwee Atomreakteren wéi de Minister ausdrécklech betount, mä just d'Hallschent. Wéi gesot en Detail.

D'Kapazitéit vu 1.400 MW entsprécht och de Leeschtungsspëtzten vun ongeféier 400 bis 500 industrielle Wandanlagen déi mat Hëllef vun dësem milliardendeiere „Ventil" nach zousätzlech bei déi iwwer 31.000 scho bestoend Anlagen elo kéinten dobäi kommen. Ob dësen theoretesche Sursis vun engem Prozent zousätzleche Wandanlagen elo „immens vill hëlleft" wéi de Minister sot ?

Wann d'Wandpromoteuren am Sënn vum Pollueur/Payeur misste selwer fir dës Käschten opkommen amplaz d'Allgemengheet, dann hätt sech bei enger Plus-value vun 2 Milliarden Euro den Eenheetspräis fir déi puer honnert zousätzlech Wandanlage verduebelt.

Dës Käschten an all déi aner Systemkäschten déi bei dësem Energiemodell ufalen gi gäre vergiess wann d'Stroumproduktiounskäschte mat deene vu konventionelle Kraaftwierker verglach ginn.

Duerno geet d'Rees an der Äntwert vum Minister weider bei eise nächste Noper : wat d'Belsch ubelaangt schwätzt de Minister vun der Integratioun vu Batterien an d'Stroumnetz fir de Stroum bei Bedarf ze stockéieren respektiv un d'Verbraucher nees zeréckzeginn. Mä och hei ass gewosst dass dat keng Léisung ass fir déi saisonal Volatilitéit vun der Wandenergie an de Grëff ze kréien. Batterien kënnen effektiv just ganz kuerzzäiteg Reegelagrëffer maachen a stockéiere keng Energie iwwer Méint a Joren wéi an der Grafik vum Umwelt Bundesamt gewisen. Doriwwer eraus ass et och materiell a wirtschaftlech net méiglech. Zum Beispill entsprécht déi an der Grafik vum UBA gewise Späicherkapazitéit vun 80 Terawattstonnen effektiv engem equivalente Gewiicht vun iwwer 500 Milliounen Tonnen Lithium Batterien. Déi Zuel schwätzt fir sech.

E weidert Beispill wat de Minister ernimmt : d'Belsch baut eng künstlech Insel virun der belscher Küst mat Offshore Wandanlagen mat enger installéierter Kapazitéit an der Gréisstenuerdnung vu Cattenom d.h. tëschent 5.000 a 6.000 Megawatt. A wann „heiansdo" (Zitat) net genuch Stroum do ass, da géing d'Belsch z.B. op Däitschland ziele kënnen.

D'Bild hei drënner weist dat iwwer e ganzt Joer gekuckt de gesamten europäesche Wandanlagekollektiv mat extreem abrupte Schwankungen nëmmen e Brochdeel vu senger installéierter Leeschtung liwwert. Eng bestëmmten installéiert Leeschtung vu Wandanlagen seet also striktement näischt iwwer déi tatsächlech geliwwert Leeschtung aus, contrairement zu der pilotabeler Leeschtung aus engem konventionelle Kraaftwierk.¨

RTL

Et ass also falsch fir déi ronn 5.000 MW vun der kënschtlecher „Wand-Insel" mat der gesécherter Leeschtung vu Cattenom ze vergläichen. De Minister huet iwwregens och op dëse falsche Verglach zeréckgegraff wéi e rezent dem Lëtzebuerger Steierzueler d'Investitioun vun ëffentleche Gelder an en däneschen Offshore Projet wollt schmackhaft maachen.

Déi opgezeechent Wandstroumaspeisunge vu gesamt Europa weisen och dat d'europäesch Wandanlagen hir Leeschtung quasi synchron aspeisen, dat déi kollektiv Leeschtung zäitweileg op quasi Null offält an domat 100% Backupleeschtung gefrot ass, an dat d'Wandflauten net nëmmen „heiansdo" optrieden wéi de Minister seet, mä ronn 40% bis 50% vun der Zäit ausmaachen. Esou gëtt et net nëmmen ënner anerem all Joer z.B. eng Flaute an Däitschland vun e puer Wochen hannereneen,

mä z.B. gouf tëschent 2010 an 2016 eng zesummenhänkend Flaute vu 5 Deeg hannereneen am Duerchschnëtt all 2 Woche festgestallt.

Et ass also eng gewoten a scho bal irresponsabel Aarbechtshypothees fir dovunner auszegoen dat d'Länner sech do géigesäiteg wäerten hëllefe kënnen.

Zum Schluss schwätzt de Minister vun eisem Noper Frankräich, bei deem den Undeel vun der Nuklearenergie vun iwwer 70% op 50% soll erofgesat ginn. Dobäi bréngt de Minister nees seng Etüd an d'Spill déi noweise soll dat d'Versuergungssécherheet ouni Cattenom garantéiert ass.

D'Stroumversuergung wier séchergestallt duerch zousätzlech Wandanlagen – déi sinn awer net pilotabel a versuergungssécher – duerch d'méiglech Notzung vun de Schwongmassen vun den Turbinnen déi zu Cattenom kéinte verbleiwen – mä och dat si just limitéiert Reegelagrëffer déi näischt mat der saisonaler Späicherproblematik ze dinn hunn – an duerch konventionell Kraaftwierker déi et an der Groussregioun gëtt. Et ass kloer dat déi noutwendeg Reservekapazitéit mat konventionelle Kraaftwierker HAUT nach verfügbar ass, mä mëttelfristeg sollen déi fossil Kraaftwierker jo awer vum Netz. Ouni 100% Backup gëtt et awer zukünfteg keng Netzstabilitéit a Versuergungssécherheet !

Duerno seet de Minister, dat mat der Ofschaltung vu konventionelle Kraaftwierker de „Stress" op d'Netzer esou guer géing ofhuelen. Mir hunn eis net verhéiert : de Sress op d'Netzer soll dobäi ofhuelen !

Do muss ee wëssen, dass z.B. franséisch AKW relativ flexibel reegelbar sinn (contrairement zu den däitsche Modeller) an esou och d'Volatilitéit vum Verbrauch wa néideg suivéiere kënnen. Bei Wandanlagen dogéint läit d'Maximalleeschtung punktuell véier bis fënnefmol iwwer deem am Joresduerchschnëtt geliwwerte Mëttelwäert (bei der Fotovoltaik bis zu sechsmol), dofir kritt een dës Leeschtungsspëtzten an Däitschland jo haut scho net méi an de Reseau integréiert. Fir dës Problematik um europäesche Niveau ze gesinn brauch ee sech jo just nëmmen d'Fluktuatiounen mat de Leeschtungsspëtzten an der Grafik hei driwwer nach eng Kéier unzekucken.

Et ass also gewosst, dat bei enger volatiller Energiewend de Stress op d'Stroumnetzer enorm wiisst. Dat ass haut an Däitschland an der Praxis eng alldeeglech Erausfuerderung ginn. Do wou virun der „Energiewend" nëmmen e puer Reegelagrëffer pro Joer néideg waren, do huet een dës Agrëffer haut e puermol am Dag. Dës Agrëffer stellen och en zousätzleche Blackoutrisiko duer, well mënschlech Feeler net kënnen ausgeschloss ginn. Wéi kann de Minister also behaapten dass de „Stress" am Netz elo wäert ofhuelen ?

De Minister féiert zum Schluss och nach aus, dat d'Nuklearenergie fir de Klimaschutz a puncto Käschten an zäitlecher Ëmsetzung manner gëeegent ass ewéi d'Wandenergie.

Faktencheck a puncto Käschten : den Energieminister mécht an ëffentlechen Aussoen systematesch en Amalgam bei de Stroumproduktiounskäschten, d.h. en Amalgam tëschent de konventionelle Stroumquellen déi pilotabel sinn, an op der anerer Säit de NET pilotabele Stroumquellen aus Wand a Sonn. Hei gëtt et awer e grousse Qualitéitsënnerscheed, well e Stroumnetz jo just mat pilotabele Leeschtungen ka stabil gehale ginn. Grad dowéinst muss Däitschland jo haut en DUEBELE Kraaftwierkspark bedreiwen mat 100% Backupleeschtung, wat vollekswirtschaftlech enorm deier ass.

AKW hu niddereg Betribskäschten well de Brennstoff just e puer Euro pro MWh kascht. Dogéint hu se haut an Europa effektiv héich Baukäschten, déi awer zu engem gudden Deel aus relativ héije Kapitalkäschten resultéieren déi wéinst dem politeschen Ëmfeld gréisstendeels hausgemaach sinn. A China gi baugläich AKW an engem politesch méi planungssécheren Ëmfeld zu engem Brochdeel vun de Käschten opgeriicht.

De Minister vergësst dobäi awer och nach folgenden wesentlechen Aspekt : fir dat déi volatil Wand- a Solarenergie ka notzbar gemaach ginn, entstinn komplett nei Käschten duerch déi noutwendeg Späichertechnologien, duerch héich Prozessverloschter (z.B. beim Power-to-Gas) déi den zousätzleche Bau vu Wand- a Solaranlagen induzéieren fir d'Verloschter ze kompenséieren, duerch den Ausbau vun de Stroumnetzer fir déi diffus Energie an der Ëmwelt anzesammelen a weiderzeleeden (ewéi z.B. déi 2 Milliarden Euro fir de NordLink Kabel Richtung Norwegen), den Ausbau vun „intelligente" Stroumnetzer fir de Verbrauch op d'Volatilitéit vun der Produktioun ofzestëmmen d.h. ze rationéieren, ...asw.

Wann een dës zousätzlech Systemkäschten – déi an engem konventionelle System guer net noutwendeg sinn – mat integréiert, da multiplizéiere sech d'Stroumproduktiounskäschten ëm e Villfaches par rapport zu konventionelle Léisungen (esouguer wann d'Aspuere vu fossille Brennstoffer, de Réckbau vun AKW an den Traitement vun Atomoffäll mat agerechent sinn).

Wat d'zäitlech Ëmsetzung ubelaangt, huet déi franséisch Nuklearenergie bewisen, dass d'Limitten net technescher Natur sinn, mä éischter politescher Natur. De gesamte franséische Kraaftwierkspark gouf mat konsequentem politesche Wëllen a Knowhow quasi an engem Joerzéngt opgebaut, a striktement parallel dozou ass den CO2 Gehalt vun der franséischer Primärenergie och ëm ronn en Drëttel gefall.

Den däitsche Modell weist genau de Contraire. Hei stéisst d'Energiewend trotz dem massive politesche Wëllen op physikalesch an ekonomesch Limitten. Obwuel Wand- a Solarenergie massiv ausgebaut ginn ass den Impakt op d'Entwécklung vum CO2 Gehalt vun der Primärenergie net ze erkennen.

Effektiv weist den CO2 Gehalt vun der däitscher Primärenergie eng konstant liicht Erosioun säit de 60er Joren, a läit zimmlech genau am europäeschen Duerchschnëtt. D'Praxis widderleet also ganz kloer dem Minister seng Ausso. Dës Zesummenhäng ginn op dem Bild hei drënner duergestallt :

RTL

Fazit vun all dësen Ausféierungen : et ass d'Praxis déi weist dass den offiziell promouvéierten Energiemodell a puncto Klimaschutz, Versuergungssécherheet a Bezuelbarkeet gescheitert ass.

Dacks gëtt gesot „et muss een emol mat eppes ufänken". Haut, wou Däitschland mat iwwer 31.000 Wandanlagen iwwer déi weltwäit héchsten installéiert Wandleeschtung op d'Landesfläch bezunn verfüügt – eng installéiert Leeschtung déi zesumme mat der Fotovoltaik esouguer iwwer der installéierter Leeschtung vu konventionelle Kraaftwierker läit – wou een un der Limitt vun der Netzstabilitéit ukomm ass, wou aus Plazmangel ëmmer méi an d'Bëscher muss gebaut ginn, wou d'Käschten an den Himmel wuessen, do kënnt d'Wandenergie op en theoreteschen Undeel vu knapps 4% vun der Primärenergie mat enger net pilotabeler Leeschtung, en Undeel vun deem just e Brochdeel géing iwwereg bleiwen, wann en duerch Späicherprozesser mat allen domat verbonnene Verloschter géing pilotabel gemaach ginn.

Nodeem Däitschland also seng Energiewend an de Sand gesat huet, an doduerch natierlech ekonomesch Standuertnodeeler huet, soll dann elo ënner däitschem Afloss a mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg (dat glat a guer näischt dovunner huet) ganz Europa an dësen Energiemodell eragezu ginn, fir dass déi selwer verschëlte Standuertnodeeler duerch e globalen europäesche „Nivellement vers le bas" nees ausgeglach ginn ?

Onvollstänneg respektiv falsch Informatiounen ginn offensichtlech zur Normalitéit fir eppes ze verstoppen wat scho laang net méi ze verstoppen ass, an zéie sech elo wéi e Leitmotiv duerch ëffentlech Stellungnamen : d'Äntwert vum Energieminister op dem Max Hahn seng parlamentaresch Fro N°3206 vum 26. November 2020, d'Presentatioun vun der „Cattenom-Etüd" am Abrëll dëst Joer, d'Äntwert op eng Question élargie vum Fred Keup an der Chamber-Plenière vum 19. Mee dëst Joer, an dann elo d'Äntwert op d'Question élargie vum Stéphanie Empain an der Chamber-Plenière vum 8. Juni.

Ëmmer nees nei Kapitelen mussen an de gängege Narrativ mat ageflecht ginn – ewéi z.B. déi rezent Geschicht vun den dänesche „Wand-Inselen" – fir eng Illusioun oprecht ze erhalen déi eis an allen Hisiichte wäert deier ze stoe kommen.

Wéi laang gëtt dësen Ëmstand nach akzeptéiert, a wéi laang kann e nach an der ëffentlecher Duerstellung gedeckt ginn ?

Wéini zéie mer d'Konsequenzen, a fuerderen en Ëmdenken an der Energiepolitik ?