Mäi Bouf 23 Joer huet säit 3 Deeg staarke Kappwéi, dee sech iwwert déi lenks Säit vum Kapp zitt an dëse Kappwéi beschreift hien als hefteg an intermittent.

Sonndeg den 23 August géint 19:00

Stäerkt vu sengem Kappwéi huet nogelooss, mee hien huet Schwindelgefill, säi lénken Aendeckel hänkt no ënnen, seng Fangeren vun der lénken Hand sinn daf a beim goen, verspiert hien wéi wann déi lénks Kierpersäit him géif ewech sacken.

Fir eng neurologesch Erkrankung (Typ AIT oder AVC) auszeschléissen, fueren mer an d‘Urgence
vum CHL.

19:33: Admission ambulatoire ass ofgeschloss. → Salle d‘attente. (+ 10 Leit an der salle d‘attente)

19:38: Hien gëtt geruff. → Blutdrock a Sauerstoffsättigung gi gemoss. → Salle d‘attente. (iwwert seng Blutdrockswerter kritt hien kee Renseignement).

20:57: Hien gëtt fir zweet geruff. Ech däerf net derbäi sinn, obwuel bei dem Secrétariat Policlinique-Urgences eng Pancarte uweist, datt no Récksprooch 1 Persoun als Accompagnateur däerf derbäi sinn.

21:43: Mäi Jong krut eng Braunül gesat, huet awer nach ëmmer keen Dokter gesinn. Hien hält mech iwwer GSM um lafenden. Froen nach eng Kéier, wéini ech dann bei mäi Jong däerf a kréien geäntwert, wann den Dokter säin Accord ginn huet.

22:25: Nodeems mäi Jong elo en Dokter gesinn huet an hien him säi Fall konnt erklären, gouf eng Bluttanalys ordonéiert.

22:39: Elo SCAN. Wéi gesot mäi Jong hält mech iwwer GSM um lafenden.

23:41: Mäi Jong sëtzt an engem Wartesall a kee seet him iergendee Wuert, 1 Stonn nom SCAN. Ech sëtzen am aneren Wartesall a kréien näischt gesot. Mëttlerweil sinn nach 3-4 Persounen am Wartesall.
Mëttlerweil ass et….

Méindeg de 24. August

00:54: Nach ëmmer keen deen engem e Resultat matdeelt, oder datt iergendeng eng Therapie an d‘Weeër geleet gi wären.

01:00: Mäi Jong decidéiert net méi weider ze waarden an mir fueren heem.

01:30: Uruff vun den Urgences-CHL:

CHL: „Votre fils est parti de l‘hôpital alors qu‘il était au service d‘urgence“
Ech: „Oui, après 6,30hrs d‘attente, sans résultat, sans communication médicale sur son état et une
éventuelle thérapie à suivre“
CHL: „Oui, mais il est partie avec du matériel du CHL“
Ech: „Pardon...vous voulez parler du cathéter pour perfusion!“
CHL: „Oui, il appartient au CHL. Il faut revenir sinon je dois informer la police.“
Ech: „Madame, si c‘est pour enlever le cathéter, je suis en mesure de le faire. Mais si vous devez
informer la Police quant au départ de mon fils, je vous prie de bien vouloir leur remettre en mainpropre
le rapport médical, afin que je puisse connaître le diagnostique établi pour mon fils.“
CHL: „Mais, Madame il faut revenir, c‘est la procédure.“
Ech: „Madame, si c’est la procédure qui vous êtes prescrite, alors veuillez entamer la procédure,
nous ne reviendrons pas. Bonne nuit.“

01:45: Conclusioun

6 Std a 45 Minutten an der Urgence vum CHL mat engem méigleche Verdacht op en neurologesche Problem op Grond vun siichtbaren Symptomer (cf. Ufank vum Artikel) a näischt ass geschitt. Niewent dësem Fait, léit fir mech awer e grave Kommunikatiounsprobleem tëschent dem medezinesche Personal an dem Patient an senger Famill vir. Dat eenzegt wat gesot gëtt „Dir musst waarden“.

Ass dat den Ëmgang mat engem Patient, deen jo an d‘Urgence kënnt, well hien Wéi huet, Lämungserscheinungen huet an Ängschten iwwert säi gesondheetlechen Zoustand huet. An dann gëtt den Accompagnateur och nach iwwert déi ganz Zäit (6 Std. 30Min) net bei de Patient gelooss, obwuel dat virgesinn ass.

Mir ass an där Zäit, wou ech mech als benevollen Ambulancier engagéiert hunn, an Instrukter am Rettungswiesen war, agetriichtert ginn, datt bei engem neurologesche Verdacht, keng Zäit däerf verluer ginn. Datt de Patient misst innerhalb vun 1-2 Stonn misst versuergt ginn, fir Sequellen ze vermeiden.

Eh bien, CHL-Urgence deng prise-en-charge ass mat enger décker Datz ze bewäerten, op medezineschem Plang wéi op psychologesch-mënschlechem Plang. An Dir kënnt Iech net erausrieden mat engem iwwerfëllte Wartesall an enger akuter Covid-19 Situatioun.

Marie-Marthe D. Muller, Lëtzebuerg