Mat hirem Schreiwes riicht sech d'Nina Schaul un den Educatiounsminister Claude Meisch an un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Ech wende mech un iech, engersäits als Mamm a Suerg em hiert Kand wat ab September soll permanent mat Mondschutz am Cycle 2 ufänken, anersäits awer och a menger Roll als Pédagogue, wou ech fir d’Kanner am allgemenge grouss Bedenken hunn wat des Mesure betrëfft.

Net nëmmen, dass d’gesondheetlech Auswierkungen vum Mondschutz virun allem bei Kanner am Alter vu 6 Joer wëssenschaftlech net gänzlech gekläert sinn, mä och, dass d’psychologesch Konsequenzen di dëst mat sech bréngt mat Sëcherheet net positiv sinn.

D’Laachen ass dat wat eis a Kontakt bréngt mam Kand, et ass dat woumat mir eis opmonteren am Alldag an d’Mimik ass en edukativ extrem wichtegt Instrument. Dës Dimensioun fällt aktuell ganz ewech.

Oft gëtt an dësem Zesummenhang gesot, dass d’Kanner immens upassungsfäeg wieren. Jo dat si se! Kanner adaptéiere sech u villes wat géint hir perséinlech Grenze geet (z.b. familiär Gewalt) a well si et net méi anescht kennen, gëtt et leider zu hirem Alldag. Psychologesch hannerléisst et trotz Upassung gravéierend Folgen. Dëst a Wieder ze faasse geléngt hinnen oft réischt vill mi spéit a si realiséieren da wat bestëmmten Handlungen an Ëmstänn psychologesch mat hinne gemaach hunn.

Am Cycle 2 gëtt de Kanner lautgetrei Liesen a Schreiwe bäibruecht. En zentralen Aspekt heibäi ass d’Mimik vum Enseignant souwéi di eegen an sech am Spigel kucke beim Léiere vum Laut zum Buschtaf. D’Lauter exakt héieren ass eng Viraussetzung. Ech ka net novollzéie wéi d’Kanner am Cycle 2, reng am Schrëftsproocherwerb, dës Léierprozesser solle mat permanentem Mondschutz duerchlafen?

D’Sauerstoffzoufuer ass reduzéiert, dëst bedéngt eng Reduktioun vun da Konzentratioun an d’Middegkeet hëlt zou. Verschidde Kanner droen d’Masken 8h den Dag ausser an der Pause a wärend dem Iessen.

Kanner mat spezifesche Besoinen hu besonnesch schwéier un dëser Mesure ze droen. Hinne feelt oft d'Verständnis wisou d'Maske momentan zu hirem Alldag gehéieren. Hiert Léieren a Liewen ass duerch des Mesure zousätzlech erschwéiert.

D’Kanner an Enseignante ginn aktuell 3 mol d’Woch getest. Dat erfëllt de Kriterium vum Covidcheck an et ass fir mech, wéi fir vill aner Elteren net méi nozevollzéien, wisou des Mesure sou laang oprechterhale gouf. An aner Beräicher klappt de Covidcheck. Concert-, Restaurant- a Kinobesuch sinn domat rëm méiglech.

Ass dat méi bedeitend wéi d’Kanner ouni  Beanträchtegung léieren ze loossen? Wisou gëllen hei net di selwecht Kriterien?

Ech bieden all Persoun, di hei an der Responsabilitéit ass, dëst an den aktuelle Gespréicher fir d’Rentrée ze berücksichtegen an eng kandgerecht Léisung ze sichen.

Mat Respekt

Nina Schaul