En oppene Bréif un den Transportminister François Bausch

„Haer Minister, Loosst mech Iech versécheren datt ech ganz frou sinn datt et den Adapto Service gëtt. Meng Mamm benotzt dëse Service schon zënter Joeren. Awer elo, zanter Juli 2021, huet Si richteg Panik wann et drëm geet e Bus fir en Trajet ze buchen. Ech erklären Iech de Kontext:

Meng Mamm, d'Madame Hélène H., 90 Joer al, gëtt zënter méi wéi 10 Joer fir hir Ae behandelt. Dëst beinhalt repetitiv Deplacementer bei Hiren Ophtalmolog, an d'Kannerklinik an an d' Eecher Klinik. Bei all Besuch kritt Si Drëpsen an hir Aen, déi bewierken datt d'Pupille méi grouss ginn. Doduerch ass et ganz schwéier richteg ze gesinn an all Luucht deet wéi an den Aen.

Mam ale System vum Adapto, huet Sie déi Deplacementer gudd eleng hikritt. Wëll Si zu Munneref wunnt, huet Si ëmmer selwer d'Firma Vandivinit kontaktéiert. Lues a lues huet Si all Chauffeure kennegeléiert. Déi hu meng Mamm och gudd kannt. Si wousste genau wou Si meng Mamm erausloossen a wou Si se erëm ofhuele sollten. Nach besser, meng Mamm wousst ëmmer wéi ee Chauffeur Si siche kéim an Si hat d'Handysnummer vum betreffende Chauffeur. An hirem Alter a wëll Si net gutt no hire Behandlunge gesäit, war dat eng grouss Berouegung fir Si.

Wéi och ëmmer, de System huet geännert a mat deem hunn och d'Problemer ugefaangen...

Wëll elo Alles muss iwwert d'Mobilitéitszentral lafen, brauch Een onwahrscheinlech vill Gedold fir en Adapto-Bus ze buchen. Da ginn et Problemer beim Verstoe mat den Adressen. Leider huet d'Kannerklinik keng spezifesch Adress (Nummer) fir sech eleng. Dëst ass awer d'Platz wou d'Consultatioune stattfannen. An der neier Uwendung ass d' Kannerklinik iwwregens och net als solches virginn. Zwangsleefeg fueren d'Chauffeuren dann dacks bei d'Entrée vum CHL waarden.

Fir eng 90 Joer al Fra ass de Wee vun der Entrée vun der Kannerklinik bis bei d'Entrée vum CHL wäit, besonnesch mat enger reduzéierter Vue. Ëm esou méi, well Si ni am Viraus weess wou de respektive Chauffeur op Si waart.

Elo e puer konkret Beispiller, déi d'Angscht net ofegeholl ze gin, vun menger Mamm ausgeléist hunn:

Si hat de Pech fir en Rendez-vous um Dag vun de groussen Iwwerschwemmungen am Juli ze hunn. Wärend Si nach net bei der Kannerklinik ukomm war fir hire Rendez-vous, huet d'Mobiliteitszentral Si kontaktéiert, dat wéinst der Retour-Zäit. Meng Mamm, ganz opgereegt well Si vill ze spéit war fir hire Rendez-vous, huet du verstanen datt de Retour vun der Mobilitéitszentral annuléiert géif ginn. Also huet Si noutgedrongen, wéi Si fäerdeg war en Taxi zréck op Munneref organiséiert. Si war awer mat den Nerve fäerdeg wéi Si erëm bis doheem war.

E puer Deeg méi spéit war Si bei mir doheem wéi en anert Mëssverständnes geschitt ass. Ech hunn mat Hier um Trottoir ob den Adapto-Bus gewaart deen Si sollt Heem bréngen. Well kee Bus koum, huet meng Mamm dunn d'Mobilitéitszentral kontaktéiert. Nodeems d'Mobilitéitszentral de Chauffer kontaktéiert hat, si Mir gewuer ginn, datt Hien schon eng Zäit op enger anerer Nummer an der selwechter Strooss gewaart huet. Well et en Taxi war an net e Bus, hunn och ech den Taxi net gesi waarden. Resultat: Frustratioun op alle Säiten.

De leschten Tëschefall ass den 2. September 2021 geschitt, erëm bei der Kannerklinik. Meng Mamm hat de Bus fir 9:00 Auer bestallt, wat funktionéiert huet. Dunn ass den Chauffeur awer nach eng aner Dame um 9:20 Auer ophuele gefuer, wat Si dunn schonns opgereegt huet, well Si 15 Minute do stoungen op d'Madame ze waarden, amplaz ënnerwee an d'Kannerklinik ze sinn. Als Resultat war d'Arrivée an der Kannerklinik um 9:45 Auer, zu där Zäit sollt meng Mamm scho beim Dokter gewiescht sinn. Bedenkt een d'Covid19-Reglementer an de Wee fir an d'Consultatioun, war meng Mamm offensichtlech ze spéit fir hire Rendez-vous wat Si dunn natierlech nach méi opgereegt huet.

Um 10: 20 Auer verléisst Si d'Kannerklinik an huet kee Bus gesinn. Si huet d'Mobilitéitszentral e puermol ugeruff. Leider huet Si kee Kontakt kritt an ass schlussendlech erëm an bei den Empfang vun der Kannerklinik gaangen. Dee Moment war Si du schon erëm ausser sech, wëll Si Angscht hat do sëtze gelooss ze ginn. Den Här vum Empfang huet mir bestätegt, ob meng Nofro, datt Hien den Telefon fir 20 Minutte schelle gelooss huet fir ze probéieren d'Mobilitéitszentral ze kontaktéieren. Ëmsoss et huet keen opgehuewen. Dat ass vill Opreegung fir eng Damm vun 90 Joer. A finalement ass Si dunn erëm mam Taxi heemgefuer.

Dat schéngen Iech Alles vläicht nëmme Klengegkeeten ze sinn. Awer et muss ee bedenken datt déi betraffe Persoun eng 90 Joer al Fra ass déi Problemer mat den Aen huet.

Déi nei App ass do iwwregens och keng Léisung. Och wa meng Mamm nach ganz fit ass kann Si déi Applikatioun net notzen. Mir hunn et mat Hier ausprobéiert. Et ass Alles ze kleng um Handy. Si gesäit emol net wat do steet. Haut war Si erëm an der Klinik. Ech war bei Hier wéi Si eng Sproochnoriicht vun Adapto kritt huet. Eng FRANSEISCH Telefonsnummer an eng ENGLESCH Voicemail. Weder Si nach Ech hunn akustesch verstane wat do gesot ginn ass.

Ech stelle mir d'Fro ob all Operateuren sech bewosst sinn, datt Si déi meescht Zäit, wahrscheinlech, mat Clienten ze dinn hunn, déi an hirem Alter Problemer hunn ze héieren, ze gesinn, an sech ze beweegen, fir der nëmmen e puer ze nennen. Et wier wichteg hinnen déi néideg Zäit ze gi fir ze verstoen, besonnesch um Telefon.

An ech gesi wierklech net an datt d'Virdeeler vun onser Zäit net genotzt kënne ginn an de Kontakt tëschent Client an Chauffeur net kann direkt sinn. Dat kann et dach net sinn. Firwat hu mir dann all en Handy. Ech soe jo net datt de Chauffeuren hir Privat-Telefone benotzt solle ginn. An et géif och emol scho vill hëllefe wann d'Entrée vun der Kannerklinik hier eegen Hausnummer kréich a prezis ugefuer kéint ginn.

Doriwwer eraus wier et vläicht sënnvoll zousätzlech Telefonsnummeren anzeféieren z.B. fir all Froen un d'Mobilitéitszentral, déi awer net direkt eng Reservatioun betreffen. Erlaabt mer meng Hoffnung auszedrécken datt et nach zu Verbesserungen am System kënnt déi den eelere Mënschen ugepasst sinn.

Mat frëndleche Gréiss

E. Bisenius, Lëtzebuerg-Stad"

 



 



 



Oppene Bréif un den Transportminister François Bausch  

„Haer Minister,

 

Loosst mech Iech versécheren datt ech ganz frou sinn datt et den Adapto Service gëtt. Meng Mamm benotzt dëse Service schon zënter Joeren. Awer elo, zanter Juli 2021, huet Si richteg Panik wann et drëm geet e Bus fir en Trajet ze buchen. Ech erklären Iech de Kontext:

 

Meng Mamm, d'Madame Hélène H., 90 Joer al, gëtt zënter méi wéi 10 Joer fir hir Ae behandelt. Dëst beinhalt repetitiv Deplacementer bei Hiren Ophtalmolog, an d‘Kannerklinik an an d’ Eecher Klinik. Bei all Besuch kritt Si Drëpsen an hir Aen, déi bewierken datt d’Pupille méi grouss ginn. Doduerch ass et ganz schwéier richteg ze gesinn an all Luucht deet wéi an den Aen.

 

Mam ale System vum Adapto, huet Sie déi Deplacementer gudd eleng hikritt. Wëll Si zu Munneref wunnt, huet Si ëmmer selwer d'Firma Vandivinit kontaktéiert. Lues a lues huet Si all Chauffeure kennegeléiert. Déi hu meng Mamm och gudd kannt. Si wousste genau wou Si meng Mamm erausloossen a wou Si se erëm ofhuele sollten. Nach besser, meng Mamm wousst ëmmer wéi ee Chauffeur Si siche kéim an Si hat d'Handysnummer vum betreffende Chauffeur. An hirem Alter a wëll Si net gutt no hire Behandlunge gesäit, war dat eng grouss Berouegung fir Si.

 

Wéi och ëmmer, de System huet geännert a mat deem hunn och d‘Problemer ugefaangen...

 

Wëll elo Alles muss iwwert d’Mobilitéitszentral lafen, brauch Een onwahrscheinlech vill Gedold fir en Adapto-Bus ze buchen. Da ginn et Problemer beim Verstoe mat den Adressen. Leider huet d‘Kannerklinik keng spezifesch Adress (Nummer) fir sech eleng. Dëst ass awer d’Platz wou d'Consultatioune stattfannen. An der neier Uwendung ass d‘ Kannerklinik iwwregens och net als solches virginn. Zwangsleefeg fueren d'Chauffeuren dann dacks bei d‘Entrée vum CHL waarden.

 

Fir eng 90 Joer al Fra ass de Wee vun der Entrée vun der Kannerklinik bis bei d‘Entrée vum CHL wäit, besonnesch mat enger reduzéierter Vue. Ëm esou méi, well Si ni am Viraus weess wou de respektive Chauffeur op Si waart.

 

Elo e puer konkret Beispiller, déi d'Angscht net ofegeholl ze gin, vun menger Mamm ausgeléist hunn:

 

Si hat de Pech fir en Rendez-vous um Dag vun de groussen Iwwerschwemmungen am Juli ze hunn. Wärend Si nach net bei der Kannerklinik ukomm war fir hire Rendez-vous, huet d'Mobiliteitszentral Si kontaktéiert, dat wéinst der Retour-Zäit. Meng Mamm, ganz opgereegt well Si vill ze spéit war fir hire Rendez-vous, huet du verstanen datt de Retour vun der Mobilitéitszentral annuléiert géif ginn. Also huet Si noutgedrongen, wéi Si fäerdeg war en Taxi zréck op Munneref organiséiert. Si war awer mat den Nerve fäerdeg wéi Si erëm bis doheem war.

 

E puer Deeg méi spéit war Si bei mir doheem wéi en anert Mëssverständnes geschitt ass. Ech hunn mat Hier um Trottoir ob den Adapto-Bus gewaart deen Si sollt Heem bréngen. Well kee Bus koum, huet meng Mamm dunn d’Mobilitéitszentral kontaktéiert. Nodeems d‘Mobilitéitszentral de Chauffer kontaktéiert hat, si Mir gewuer ginn, datt Hien schon eng Zäit op enger anerer Nummer an der selwechter Strooss gewaart huet. Well et en Taxi war an net e Bus, hunn och ech den Taxi net gesi waarden. Resultat: Frustratioun op alle Säiten.

 

De leschten Tëschefall ass den 2. September 2021 geschitt, erëm bei der Kannerklinik. Meng Mamm hat de Bus fir 9:00 Auer bestallt, wat funktionéiert huet. Dunn ass den Chauffeur awer nach eng aner Dame um 9:20 Auer ophuele gefuer, wat Si dunn schonns opgereegt huet, well Si 15 Minute do stoungen op d’Madame ze waarden, amplaz ënnerwee an d’Kannerklinik ze sinn. Als Resultat war d'Arrivée an der Kannerklinik um 9:45 Auer, zu där Zäit sollt meng Mamm scho beim Dokter gewiescht sinn. Bedenkt een d'Covid19-Reglementer an de Wee fir an d'Consultatioun, war meng Mamm offensichtlech ze spéit fir hire Rendez-vous wat Si dunn natierlech nach méi opgereegt huet.

 

Um 10: 20 Auer verléisst Si d‘Kannerklinik an huet kee Bus gesinn. Si huet d’Mobilitéitszentral e puermol ugeruff. Leider huet Si kee Kontakt kritt an ass schlussendlech erëm an bei den Empfang vun der Kannerklinik gaangen. Dee Moment war Si du schon erëm ausser sech, wëll Si Angscht hat do sëtze gelooss ze ginn. Den Här vum Empfang huet mir bestätegt, ob meng Nofro, datt Hien den Telefon fir 20 Minutte schelle gelooss huet fir ze probéieren d‘Mobilitéitszentral ze kontaktéieren. Ëmsoss et huet keen opgehuewen. Dat ass vill Opreegung fir eng Damm vun 90 Joer. A finalement ass Si dunn erëm mam Taxi heemgefuer.

 

Dat schéngen Iech Alles vläicht nëmme Klengegkeeten ze sinn. Awer et muss ee bedenken datt déi betraffe Persoun eng 90 Joer al Fra ass déi Problemer mat den Aen huet.

 

Déi nei App ass do iwwregens och keng Léisung. Och wa meng Mamm nach ganz fit ass kann Si déi Applikatioun net notzen. Mir hunn et mat Hier ausprobéiert. Et ass Alles ze kleng um Handy. Si gesäit emol net wat do steet. Haut war Si erëm an der Klinik. Ech war bei Hier wéi Si eng Sproochnoriicht vun Adapto kritt huet. Eng FRANSEISCH Telefonsnummer an eng ENGLESCH Voicemail. Weder Si nach Ech hunn akustesch verstane wat do gesot ginn ass.

 

Ech stelle mir d'Fro ob all Operateuren sech bewosst sinn, datt Si déi meescht Zäit, wahrscheinlech, mat Clienten ze dinn hunn, déi an hirem Alter Problemer hunn ze héieren, ze gesinn, an sech ze beweegen, fir der nëmmen e puer ze nennen. Et wier wichteg hinnen déi néideg Zäit ze gi fir ze verstoen, besonnesch um Telefon.

 

An ech gesi wierklech net an datt d’Virdeeler vun onser Zäit net genotzt kënne ginn an de Kontakt tëschent Client an Chauffeur net kann direkt sinn. Dat kann et dach net sinn. Firwat hu mir dann all en Handy. Ech soe jo net datt de Chauffeuren hir Privat-Telefone benotzt solle ginn. An et géif och emol scho vill hëllefe wann d’Entrée vun der Kannerklinik hier eegen Hausnummer kréich a prezis ugefuer kéint ginn.

 

Doriwwer eraus wier et vläicht sënnvoll zousätzlech Telefonsnummeren anzeféieren z.B. fir all Froen un d’Mobilitéitszentral, déi awer net direkt eng Reservatioun betreffen. Erlaabt mer meng Hoffnung auszedrécken datt et nach zu Verbesserungen am System kënnt déi den eelere Mënschen ugepasst sinn.

 

Mat frëndleche Gréiss

 

E. Bisenius, Lëtzebuerg-Stad“