Am Sekretariat „RADIOlogie"vum Groupe HRS fir e Rz-vs IRM. D'Sekretärin am Guichet ganz kuerz, andeems Si mir d'Ordonnance zréckgëtt!: "Dir musst Iech de Rz-Vs selwer iwwert DOCTENA/Internet huelen. Hei am Sekretariat kritt Dir nëmmen déi läschten méiglechen Datum." Keng Diskussioun erwënscht!

Fir ob dem Site DOCTENA , IRM (an nach dee richtegen!)ze fannen, ass eng medezinesch Erausfuerderung. Duerno gitt Dir als Patient klinesch Detailer gefrot, zB genau Beschreiwung ob Lenden-, oder Halswirbelsäule, oder knöchernes Becken, rechts oder lenks asw.

- Blockage Site –

Den Här vu der Hotline, huet och seng Schwieregkeet, fir d'Dokument auszefëllen. Fir en definitiven Ofschloss muss een och nach den Häkche machen. V Ich verstehe und akzeptiere die Termininformation der Praxis. Den Här: „et ass d'Klinik déi den Inhalt an Obbau gemaach huet, mir hu mat näischt ze doen."- Schéin –Ech hun nodeems d'Klinik ëmmer nees meng digital Ufro refuséiert huet, zB: si hätte meng Ordonnance net kritt, duerno hun ech hinnen net genuch medezinesch Detailer gin asw. , och versicht unzeruffen. Dixit Repondeur : „Dir musst Är Ordonnance mailen..."

Huet net jiddereen di selwecht Rechter a Méiglechkeet ob medezinesch Hëllef zu Lëtzebuerg?
Muss ech wëssen, a kann ech dëst iwwerhaapt iwwer Internet machen?
Weess ech am Detail genau wat den Dokter/Spezialist opgeschriwwen huet?

Hunn ech dat néideg Informatik-Material ? Muss ech wëssen wéi ech eng Ordonnance weidermailen? Asw.......

Hei gräift d'Klinik, an d Fräiheetsrecht an, well de Patient nëmme begrenzt kann fonktionéieren (Sachzwang ob Däitsch).
Ass dat den Ëmgang mat de Patienten am neien Lëtzebuerger digitalen Zäitalter. Georgette Pundel