(weinst der akzeptanz vun verschiddenen themen well ech anonym bleiwen,och well ech am secteur bleiwen,leider get et an der gesellschaft keng plaaz fir schwaach annemotional menschen)

Ech sinn dobäi Abschid ze huelen vun dem wat ech am léifsten maachen.
Krankefleeg.
Iwwer 20 Joer hunn ech gefleegt ,betreit,gepléischtert versuergt,getréischt, d´Hand gehalen...elo as et fäerdeg.
 
Ech hänken mäi Beruff un de Nol,1 Suizidversuch,eng Alkoholsucht dei elo (paken ech Holz un) dreschen ass an 23 Joer méi spéit.
Et ass mir wichteg ze soen dass ech net resignéieren mee bewosst den Entschloss faassen eppes sin ze loossen wat ech net méi bewältegen kann mee sech eraus gestallt huet dass et mech bewältegt huet.
Resignéieren hannerléisst en Gefill vun Trauregkeet an Schold.Et bleift eppes un engem pechen dat onerleedegt as .Sech bewosst verabschiden verlaangt Éierlechkeet zu sech selwer och wann et schwéier fällt.
Et war ni mäin Dram mee hunn de Beruff an der Schoul kennegeléiert an mech schockverleift  .
Hu ëmmer ganz fill Häerzblutt eran gin an hunn enorm vill positiv Erfarung gemaach an  ganz fill intressant Leit kennegeléiert mee de Beruff huet mir och vill geholl.
DǴesellschaft as wat se as ,mee Corona huet eis gewisen wei et sech huet mat der Solidariteit,mat der Politik an der ëffentlecher Meenung.
 
Den Enthusiasmus deen d´Politik zB elo erwier bréngt bei der Aweiung vun engem neien Stadion, ech schwäzen do vun der versammelter Chamber ,dem Grand -Duc an de sämtlechen Polit-Stärecher oder dei sech fir stärecher haalen,krut Fleegepersonal och zum Ufank vun der Pandemie.
 
Vill Verspriechen méi Spéit gëtt et eng Sënnlos an net mam Terrain ofgeschwaten Reform vum Beruff.Aktivismus a platz grondleeënd Ännerungen.
Mëttlerweil feelt eise Beruffer den Stand vun engem neien Stadion well ,mir kréien net mei geklappt, am contraire et gëtt op eis geklappt.
Entweder sin mir Schold drun dass mir de "Virus" eraschleefen oder mir sinn déi ongeimpft duerch Weltgeschicht lafen oder ,kee lëtzebuergesch schwätzen oder wat och ëmmer...
 
Gudd Nouvelle ,d´Pandemie ass geschwënn eriwwer, mee den Gemittszoustand beim Fleegepersonal tout confondu as schlëmmer wei virun der Pandemie, verbattert, onverstaanen an deelweis um Enn.
Den schéinsten Beruff vun der Welt stierft aus, well mir keng Lobby hunn wei en fonkelneien Stadion an deem een sech kann weisen.
RIP
 Ps:Dat heescht net dass ech geint en neien Stadion sin ,drecken de Roude leiwen emmer d'Daumen

#StadedeLuxembourg #chamber #gouvernementluxembourg #xavierbettel #lsap #dp #deigreng #csv #pandemie #suicidalawareness #fromdarknesstolight #anil #chambredesdeputes #piraten #beaware #letamakeotpossible #luxembourg #letzebuerg #ogbl #LCGB #fleegeberuffer #ltps #luxembourgcity #luxembourgerwort #Tageblatt #rtlteleletzebuerg