Eis Barragen vun Esch-Sauer a Rouspert hunn dem Héichwaasser Stand gehalen an hu keng Rëss, esou den Minister François Bausch. D’Staumauer zu Esch-Sauer ass eng Bëtongskonstruktioun, a gëtt automatesch op engem Peegel vun 319 bis 322 gehalen (esou den Här Charles Pauly vum Naturpark Uewersauer). Och bei Héichwaasser gëtt deen Niveau gehalen, also bleift den Drock op d’Mauer dee selwechten. D‘Schleiss vum Rousperter-Stau ass zudeem eng komplett Stolkonstruktioun wouduerch keng Rëss kënnen entstoen.

D’Gefor dass d’Staumaueren kéinte räissen, ass quasi zimmlech kleng. D‘Verwaltung vum Waasserpeegel an de Stauséien ass dogéint éischter ee Probleem, deen des Onmassen vu Waasser an eisen Uertschaften mat verursaacht huet. Bis 1993 goufen nämlech ugekënnegten Schlechtwiederperioden vum Personal vun de Stauséien de Waasserpeegel präventiv em 30-50 cm gesenkt. Duerch dës Manipulatioun konnten deemools vill Waassermassen am Viraus evakuéiert ginn, fir duerno gréisser Héichwaasserkatastrophen ze verhënneren. Bei deenen dramateschen Iwwerschwemmungen vum 20/12/1993, dem 23/01/1995, dem 24/12/1995 an dem 02/01/2003 gouf dem Personal vun Esch-Sauer a Rouspert awer verbueden, de Peegel manuell am Viraus ze senken. Vun der Direktioun gouf strikt ordonéiert  sech nach just un déi automatesch Pegelregelungen ze halen. Esou sinn vu 1993 bis 2021 déi vill gréisser Iwwerschwemmungen mat verursaacht ginn. Eleng ass d’Klimaverännerung do net den eenzege Grond.

Do derbäi wierkt deen meterhéijen Bulli am Rousperter Séi wéi eng Staumauer. Virun de Schleisen am Kanal verleeft dësen bis zou den Turbinnen déi ab 1993 duerch de Réckstau hier fréier Produktioun vun 6 MW net méi erreechen kënnen. Béid Stauen zu Esch-Sauer a Rouspert waren ufangs net nëmmen fir d’Stroumproduktioun mee och als Héichwaasserschutzréservoir‘en geplangt. Schonn an den 80-er Joren gouf vun der Gemeng Rouspert an och vum Personal vun der Stroumzentral Rouspert verlaangt, dass de komplette Séi enger dréngender  Revisioun misst ënnerzu ginn, fir dass d’Schleisen nees als Reegelwierk richteg kéinte fonctionéieren. Duerch déi ze deier Käschten ass et ni zur Ausbaggerung komm. Esou ass de Séi bis haut am Bulli stieche bliwwen.

Verschidde Gemengen haten d‘Initiativ ergraff, Schutzmaueren an Opfangbecken ze bauen, fir hir Awunner virum Héichwaasser ze schützen. Esou och d’Gemeng Rouspert, déi 2009 zu Steenem an Edingen Terrain ukaaft hat, fir sech duerch en Rétentiounsbassin virun enger usteigender Sauer ze schützen. Wéinst enger leider ze schneller Verschlammung hat d‘Gemeng Rouspert-Mompech virun e puer Joer enger Firma den Opdrag ginn, den Terrain nees an den Zoustand vun 2009 ze bréngen. Beim Ausbaggeren ass d‘Gemeng awer gestoppt an den Rétentiounsterrain als Biotop erkläert ginn, soumat waren all déi Moossnamen fir näischt. No hirem Besuch am iwwerschwemmte Steenem, den 15. Juli 2021, huet d‘Madam Ëmweltministesch am Interview mam RTL awer keng Ausso iwwer dat neit erschafften Biotop gemaach.

Zu Steenem a Minden dréckt Prüm an d’Sauer, a kann Steenem an Ëmgéigend ganz extrem treffen, an dobäi kënnt, dass de Stauséi vu Bitburg (Biersdorf) och deselwechte Strategie fiert wéi eis zitéiert Stauwierker zu Lëtzebuerg. Esou gouf och dëser Staumauer hier Daseinsberechtigung als Héichwasserréservoir entzunn. D‘Konsequenzen dovun wëllt haut keen droen. All eis Buergermeeschteren vu Waasserbëllig bis Bitburg (Biersdorf), vun Iechternach bis Esch-Sauer missten dach elo endlech op d‘Barrikaden goen, an un déi Verantwortlech erun trieden, dass esou eng onnéideg Katastrophe net nach eemol virkënnt. Dat wëllen déi vill Bierger net nach eng Kéier erliewen, wéi a kuerzer Zäit hier Happ a Gutt ouni eng Virwarnung an e puer Minutten komplett iwwerschwemmt gouf. Hei geet et ëm vill privat a geschäftlech Existenzen, déi esou schnell net méi ze reparéieren sinn.

Neierdéngs  huet eise Premier vun Preventiounen geschwat, déi missten direkt geholl ginn, eng Ausso wou d’Fro sech stellt, wéi a vu wiem déi Initiativ ergraff soll ginn. Oder waarde mer einfach dat nächst Héichwaasser of? Eis Autoen a Maschinnen mussen hier järlech Inspektioun kréien, mussen net och eis Barragen enger reegelméisseger Revisioun ënnerzu ginn? Do dierften déi finanziell Käschten kee Roll spillen, fir déi nächst Héichwaasser-Katastroph ze verhënneren.

Mäi Beruff als Handwierker war 22 Joer laang (1979 bis 2001) op der Zentrale Hydroélectrique zu Rouspert.

René Hauer
Steenem