Elo soll dann e Referendum kommen, wou d’Biirger matdécidéieren, woubai di meescht Biirger weder d’Verfassung kennen oder di sougenannten « Reformen »

Komësch ass d’Situatioun mam aktuellen Artikel 77 (Chapitre V) « Du Gouvernement du Grand-Duché » vun der Constitutioun. Do steet dra geschriwwen : « Le Grand-Duc nomme et révoque les membres du Gouvernement ». Wann deen Artikel virun 170 Joer nach novollzébar wor (absolutistëchen Monarch, a nach keng Parteien hei zu Lëtzebuerg), sou ass en am Laaf vun den Joren zu enger Formalitéit ginn, wou den Grand-Duc nach just eng Lëscht ënnerschreift, déi hien vum « Formateur » (zukünftegen Premier) virgeluegt kritt.

Deen Artikel 77 (an den Artikel 76), di nëtt méi zaitgemäss sinn, sollen elo duerch e nei geschaafenen Artikel 94 (Sait 40 vun der « Proposition de révision 6030, Session 2008-2009, vum Paul-Henri Meyers an « recevable » erklärt vun der Chamber den 28.04.2009). Do heescht ët dann, dass nëmmen de Premier vum Grand-Duc genannt gëtt, de Premier awer di aner Memberen vun der Regierung « nennt ». D’Commissioun huet awer deen hei Text proposéiert : « Le Grand-Duc nomme le Premier Ministre et les autres membres du Gouvernement et met fin à leurs fonctions. ». Ët huet also naischt geännert.

Wann ët virun 170 Joer nach normal war, dass en “Roi Grand-Duc” sëch eng Regierung erausgesicht huet déi him genehm war, schéngt ët awer hautzudags fir all Partei’en kee Problem ze sinn, domat virun ze fueren, sief dat aus parteipolitëschen Grënn, ewéi Parteireegelen (z.B. « Gender equity ») oder aus territorialer Siicht (all Beziirk kritt e Minister aus enger Partei), oder als Sprongbriet fir eng aner Carrière, a.s.w….. Wéi kann ët sinn, dass e Kandidat op enger Lëscht ët nëtt an d’Chamber packt, an sëch duerno als Minister erëmfënnt?

Dass Deputéiert “gewielt” ginn an d’Regierung “ernannt” gëtt, kréie mer jo bei all gudder Gelegenheet vun onsen Politiker virgesot. An trotzdem, an iwwer 40 Joer wiele goen, fällt engem op, dass ët ëmmer méi “Quereinsteiger” gëtt, dat heescht Leit di sëch nie legislativen Wahlen gestallt hun, oder duerchgefall sinn. Dobai geet ët bestëmmt nëtt drëms, den Quereinsteiger eng Kompetenz ofzeschwätzen (all Minister ass awer nëmmen esou gutt ewéi séng Ekipp, di him baisteet). Mee d’Vollék géif gären déi Leit wielen déi herno iwwert Vollék “gouvernéieren”. E gutt Beispill dofir waren di duebel Kandidaturen fir Legislativwahlen an Europwahlen. Dat ass jo elo eriwwer (gewollt, oder???). Op den Europalëschten stoungen lauter Kandidaten di souwisou nie wëlles haaten zu Stroossbuerg unzetrieden. An da wonneren sëch eis Politiker iwert d’Wahlverdrossenheet vun de Biirger!!! Méng Propose wier: « Les membres du Gouvernement sont nommés parmis les députés (m/f) élus, lors des élections législatives nationales ». An all Partei misst jo genuch kompetent Leit hun fir op eng Lëscht. Am Ausland huet jo och all Partei sai “Schattenkabinett”. Un eise Juristen ze préifen wat méiglëch ass.