Et get jo vill propseiert an delibereiert mais no Glasgow as dann erem alles beim Aalen.

Munnech Bierger probeieren dann awer mol ëppes ze machen, wat dei aktuel Situation e bessen keint verbesseren.

- Sou hun ech mer en Diesel missen zouleen, ech hun dun fier en Add Blue Motor opteiert, well den jo d’Steckstoffoxiden ofbaut.

Den war natierlech e Steck mei deier, mais tant pis, et war jo fier eng gut Saach.

Elo liesen ech dann haut, dat den Add Blue soll drastesch mei deier gin, weinst mangelnder Ammoniakproduktioun. Schweier ze gleewen. Besonnesch well d’Waasserstoffindustrie am Essor as an aus Waasserstoff an Stëckstoff kann een Ammoniak hierstellen.

- Ech wollt mer och en e-Auto zouleen. Den Här Transportminister leet ons dat jo un d’Härz. Weinst der allgemengen Problemer bei de Zouliwwerer, kommen dei Autoen awer mat Verspeidung. As et dann net ze speit fier en Subsid unzefroen? Ech fannen, dat den Datum vum Kaafkontrakt soll verbindlech sin an net den Datum vun der Immatrikulatioun. Et kann dach net sin, dat de Keefer bestroft get, well en seng Wuer net mat Zeit kritt!

Summa summarum, an et gin där Beispiller nach e Koup, schengt et wei wann all dei gutgemengten Rotschlei fier mei Nohaltekeet ze pflegen nëmmen als Zweck hun dem Bierger an der Portemonnaie ze greifen…….