
Zu Glasgow hunn se séch getraff,
hu vill geschnësst, a gett gebafft,
eraus koum, wat mer eis erhofft,
dat heescht: En décke Koup waarm Loft.
Déi wor, wéi kann et aanescht sinn
entwach
aus dem vichten an hënneschte Lach
wéi et di einfach Leit verstinn!
Si wollten d’Äerd,
an d’Mënschheet retten,
siéf et zu Pärd
oder a Guetten,
de Pobst gouf och nawell säi Seegen
dofir brauch keen séch op ze reegen.
Mee wat een do konkreet muss maachen,
si Saachen
déi s’äis net gäre soen:
Mir kéinten ons bekloen,
well mir dee ganze Remmi-Demmi,
dee Luxus an dee Schickimicki,
dat wëllt Gefier,
dat geckégt Fléien,
dat Geldverdéngen,
Schwindlen ,Léien
gréisstendeels da misste loossen,
et un de Méigléchkeete moossen
déi ons d’Natur huet kënne ginn:
Da kéim och Besseres op d’Schinn!
Kee Véih zillen
kee Fleesch iéssen,
keen Uelég bueren,
kee Kuelewullen,
kèng Déiren,
Planzen a Vullen
zerstéiren,
keen Äis -a- Waasser -Iwwergoen
kèng Mënsche futtischloen!
Si hunn séch Ziler och gesat
vu wivill Grad ee muss erréchen,
an hu versprach, ouns ze erbleechen,
dass si séch géifen drunn.
Si haaten deemols scho gelunn,
a gëscht wéi haut, dir wärt gesinn:
Déi séch un hirt Verspriéchen halen,
wärten alt nees op d’Schnëss da falen.
Well déi di nach net bremsen dinn
Wéi ëmmer d’Profiteure sinn.
“Shame on you”!
P.S.
Een Här,hién ass nach net ganz fou,
huet mam Atom nees rendez-vous.
Wié weess, wat mat sénger Kärebritt
no honnert Joer ass geschitt,
an ob déi nuklearesch Reschter
net eemol d’ganzég Äerd verpäschten?
Ob se net d’Planzen all vergëften,
de Buedem gutt mat Strahle mëschten?
Wann d’Leit Geméis dann iéssen déiten
fir op ee verspéiten
rendez-vous ze goen,
da bräichte si séch net ze ploen
fir nach d’Elektresch an ze riichten:
Si géife selwer dann wuel liichten?