Ee Plädoyer fir méi gegensäitegen Respekt an eiser Gesellschaft

Bass de geimpft ? Dat ass wuel déi Fro déi een am Moment mat am heefegsten gestallt kritt. Et gett dann och just zwou méiglech Äntwerten : Jo oder Nee, grad wéi een net e bessen schwanger ka sin, kann een och net e bessen geimpft sin. Doduerch gehéiert een dann zu denen engen oder denen aneren, derteschent gett et näischt. Wann een awer mol denen aneren noläuschtert, da gett et do vill verschidden Grenn virwat een Deel vun eiser Gesellschaft sech nach net impfen geloss huet, déi eng äus Kamoudheet, déi aner well se reel Ängschten hun, nach anerer well se Bedenken weenst Virerkrankungen hun an dann natirlech och déi di Verschwörungstheoretiker noläuschteren an hinne blannemännerchers nolaafen. Mäi Problem ass, dass mer se all an een Deppen geheien, an all d’Leit déi net geimpft sin pauschal veruertdeelen an als domm an ignorant duerstellen, an hinnen mat hirem Verhalen souguer « Totschlag » ennerstellen, dest souwuel an der Press wéi och massiv op den sozialen Medien awer och am Alldag.

Wann et eist Ziel ass, an dat Ziel deelen ech ganz stark, dass sou vill wéi méiglech Leit sech impfen lossen, da musse mer jiddfereen do ofhuelen wou en grad steet. Fir déi di sech äus Kamoudheet nach net impfen geloss hun ass et secher eng sennvoll Mesure fir d’Schrauwen e bessen bäizedréinen an e bessen Drock ze machen andeems een hir Fräiheet e bessen aschränkt, sou wéi dat am Moment geschitt. Bei denen Leit di Angscht hun ass et scho méi komplizéiert. Enner Angscht ass et schwéier rationell ze denken, well déi negativ Emotioun dest net wierklech zouléisst. Des Leit musse mer eescht huelen, an an enger éischter Phase mat Verständnis begéinen, hinnen erlaaben äus dem Angschtgefill eräuszeklammen fir hinnen dono sou gudd wéi méiglech mat wessenschaftlechen Fakten ze erklären dass eng Impfung fir si bedeitend méi Vir- wéi Nodeeler mat sech brengt. Et ass nach keen op deser Welt manner ängschtlech gin andeems een en enner Drock gesaat oder pauschal als « Vollidiot » duergestallt gouf. Bei dene Leit déi Verschwörungstheoretiker gleewen ass d’Situatioun natirlech méi komplizéiert, well des Persounen schon vu sech äus eng extrem Positioun ageholl hun an sech ganz bewosst ofgrenzen vun denen aneren. Ech wees net op mer vill vun denen Leit bekéiert kréien, mee ech färten dass mer nach méi Leit an desen Eck drecken wann mer hinnen zumindest an enger éischter Phase net mat e bessen méi Respekt begéinen.

Et gett genuch Argumenter fir rosen ze sin iwwer déi di sech net impfen lossen. An der momentaner Situatioun därf een duerchäus soen dass de fait fir sech impfen ze lossen ee solidareschen Akt ass. Wann een dat sou äusdreckt ass dat iwwregens eppes aneschtes wéi wann een seet : Du bass onsolidaresch ! obwuel et un sech zweemol di selwescht Äusso ass. Et ass verständlech dass di eng sech opreegen, dass all Steierzueler fir Käschten muss opkommen déi doduerch entstinn, dass nach emmer net genuch Leit geimpft sin fir der sanitärer Kriis méiglecherweis een Enn ze setzen.

Mee komm mir verléiren Ziel net äus den Aan a kucken zesummen wéi mer méiglechst vill Leit mat an d’Boot kréien ouni se ze stigmatiséiren an ouni déi eng geent déi aner äuszespillen. Wa mer eis Gesellschaft an där Fro splecken, si mer kee Schrett weiderkomm, an langjähreg gudd Relatiounen tescht eenzelnen Persounen kennen an d’Brech goen well mer mat der Fro : Bass de geimpft ? op eemol niewteneen an net méi beieneen stin.

Jacques Kremer