Am Kader vun der COP26 sollen dëst Joer wichteg Akzenter gesat ginn − grad ewéi iwwregens bei deene 25 virdrun − fir dass d'Auswierkungen vu Klimaännerungen op e Minimum kënne reduzéiert ginn. D'Ziler si bekannt. Déi global Äerderwiermung soll op 1,5 Grad par rapport zur virindustrieller Zäit begrenzt ginn an dofir misst bis spéitstens Mëtt vum Joerhonnert d'Klimaneutralitéit erreecht ginn.

Onofhängeg vun all COP sinn d'Zäregasemissiounen weltwäit säit 1990 duerchschnëttlech ëm ronn 1,5% pro Joer gewuess a missten fir d'Ziler ze erreechen elo järlech ëm ronn 5% reduzéiert ginn.

Iwwer dräi Véierel vun den Zäregasemissiounen gi weltwäit duerch de Verbrauch vun der Energie verursaacht. Den Energiesecteur misst also bannen e puer Joerzéngten dekarboniséiert ginn.

Dëst betrëfft net just eleng de „Stroumverbrauch vun de Stéit“ − deen offensichtlech zu enger neier physikalescher Moosseenheet fir d'Energie deklaréiert ginn ass wann ee sech z.B. d'Berichterstattung iwwer Stroumprodukiounsanlagen, oder Pressekonferenzen vum ILR, oder z.B. och nach d'Ried zur Lag vun der Natioun ukuckt − mä hei geet et natierlech drëm fir déi gesamt Primärenergie ze dekarboniséieren, déi zu Lëtzebuerg méi ewéi 50-mol iwwer dem „Stroumverbrauch vun de Stéit“ läit.

Op der Grafik hei drënner gesäit een de weltwäite Primärenergieverbrauch, dee sech tëschent de Joren 1973 an 2019 méi ewéi verduebelt huet, vu 6.115 Milliounen Tonnen Pëtrolequivalent (71.117 Terawattstonnen) bis op 14.486 Milliounen Pëtrolequivalent (168.472 TWh).

RTL

Den Undeel vun de fossillen Energien Pëtrol, Kuel a Gas läit iwwer 80%. De Pëtrol huet mat 31% de gréissten Undeel. Och wann engem Klimaverännerungen net wichteg wieren, muss ee wëssen datt de Pëtrol nom Peak Oil vum konventionellen Ueleg am Joer 2008 an de nächste Joerzéngten ëmmer méi knapp gëtt an egal wéi duerch eng Alternativ muss ersat ginn fir dass z.B. déi weltwäit Transport- a Logistikinfrastruktur net zesummebrécht. D'Notzung vun de fossillen Energien huet zu engem enorme Produktivitéitsschub gefouert deen d’Basis vun der wirtschaftlecher Entwécklung an dem soziale Fortschrëtt säit dem 19. Joerhonnert ass. Mä domat ass elo Schluss.

No de Feierdeeg kënnt elo de Kappwéi an déi grouss Entzéiungskuer :  fir d’Ziler ze erreechen, mussen déi 80% erof op Null. Wéi soll dat elo ëmgesat ginn ?

Beim Developpement vun der Waasserkraaft an de Bioenergien kann ee sech keng Quantespréng méi erwaarden, well d'Potenzialer scho gréisstendeels genotzt ginn an dës Energieproduktioun och net onbedéngt alle Krittäre vun der Ëmweltverdréiglechkeet entsprécht.

Déi grouss Hoffnungsträger heesche Wand- a Solarenergie.

Dës zwou Stroumproduktioune kënne säit dem Joer 2000 e weltwäit héije Wuesstem verzeechnen ewéi een op der Grafik hei drënner gesäit :  vun 32 TWh am Joer 2000 op 2.447 TWh am Joer 2020. Dat ass e weltwäiten Zouwuess vun iwwer 7.500%.

RTL

Mat 2.447 TWh leien d’Wand- a Solarenergie awer ëmmer nach ënner 1,5% vum gesamten Energieverbrauch. Rechent een den Undeel vu Wand- a Solarenergie fir 2019 nom Substitutionsprinzip bei deem gekuckt gëtt wéi vill fossil Energien mat engem Wierkungsgrad vun ca. 40% ersat goufen, da gëtt d‘Energieproduktioun vu Wand a Sonn mat engem Koeffizient vun 2,5 multiplizéiert a beleeft sech dann op en Undeel vu ronn 3% vun der Primärenergie där hire Wäert op 173.340 TWh ugepasst gëtt.

Dowéinst sinn d’Wand- a Solarenergie kaum ze erkennen op der Grafik hei drënner, déi d’Entwécklung vum weltwäite Primärenergieverbrauch nom Substitutiounsprinzip tëschent 1800 an 2019 weist.

RTL

Ganz am Géigesaz zu dem gewaltege fossille Sockel dee vum Joer 2000 bis d’Joer 2019 vu 94.314 TWh op 136.761 TWh ëm 42.447 TWh geklommen ass, also ronn 20-mol méi ewéi d’Wand- a Solarenergie an dem selwechten Zäitraum !

Dës Realitéit tranchéiert dach zolidd mat dem Androck deen ee kritt wann een déi medial a politesch Duerstellung vu Wand- a Solarenergie virun Aen huet, wou déi gréng Energie gefillten 99% vun der Opmierksamkeet genéisst. D‘Realitéit vun der grénger Energie ass och erstaunlech wann ee bedenkt wéi staark de politesche Support ass, wéi vill ëffentlech Gelder investéiert ginn, a wéi vill industriell Energieequipementer schonn an d’Natur hu misse gesat ginn.

Wand- a Solarenergie kréie nogesot dass se schnell developpéiert kënne ginn, an dat zu ëmmer méi gënschtege Käschten. Hei gesäit een awer dass d’Kompetitivitéit vu Wand- a Solarenergie vun der formidabeler Produktivitéit profitéiert déi quasi integral vu fossillen Energien gedoppt gëtt.

Dat geet vun der Fërderung vun de noutwendege Rohstoffer an de weltwäite Minnen, vum Transport iwwer grouss Distanzen an dem Traitement vun de Rohstoffer, bis iwwer d’Weiderveraarbechtung an de Fabricken, dem Transport vu Baudeeler, dem Opriichten mat Baumaschinnen, ...etc.

Wéi gesäit zukünfteg den techneschen a präislechen Developpement vu gréngen Energien aus, wa se sech ouni d'Produktivitéit vu fossillen Energien aus eegener Kraaft eraus misste weiderentwéckelen ?

D’Grafik weist op der lénker Säit awer och, datt en Energiesystem op der Basis vun 100% regenerativen Energiequellen duerchaus méiglech ass :  dat ass eng Welt mat engem Zéngtel vum haitegen Energieverbrauch, mat enger staark reduzéierter Produktivitéit, kaum industriell Aktivitéit, eng Liewensweis als genügsam Selbstversorger, mat geographesch wesentlech ageschränkte Beweegungsméiglechkeeten fir eng méi begrenzte Weltbevëlkerung,...

D’ass net sécher ob et en allgemenge Konsens wäert ginn fir dohinner zeréckzegoen.

Et gesäit ënner dëse Konditiounen also éischter méi schlecht aus fir kuerz- bis mëttelfristeg aus de fossillen Energien erauszeklammen, wann déi regenerativ Energiequellen sech weider staark entwéckele sollen an eise wirtschaftlechen a soziale System net kollabéiere soll.

Dofir stellt sech fir de Klimaschutz an och fir d’kuerzfristeg Ersetze vum knappe Pëtrol eng entscheedend Fro :  wéi laang bräichte mer iwwerhaapt fir de fossille Sockel mat regenerativen Energiequellen ofzebauen ? Respektiv:  wéi eng Ausbaugeschwindegkeet bräichte mer fir géint 2050 d’Primärenergie ze dekarboniséieren ?

Dat kënne mer hei ganz pragmatesch op der Basis vu Gréisstenuerdnungen graff ofschätzen :

Step 1 :  Wéi vill Primärenergie muss nach dekarboniséiert ginn ?

An der Grafik mam Primärenergieverbrauch gesäit een datt scho ronn 30.000 TWh (ouni Nuklearenergie) dekarboniséiert sinn vun insgesamt ronn 173.000 TWh. De Primärenergieverbrauch wäert awer nach weider wuessen wéinst der wirtschaftlecher an demographescher Entwécklung weltwäit, haaptsächlech an de Schwellelänner. A verschiddene Studien gesäit een en zukünftegen Zouwuess vun der weltwäiter Primärenergie an der Gréisstenuerdnung vu ronn engem hallwen bis ee Prozent pro Joer (z.B. Globale Szenarien und Prognosen zur Energieversorgung im Vergleich, World Energy Council/Weltenergierat Deutschland, April 2020).

Fir den Horizont 2050 géing dat zu engem Energieverbrauch vun iwwer 200.000 TWh féieren.

Dovunner sinn also haut scho ronn 30.000 TWh dekarboniséiert. Wann d’Waasserkraaft nach ëm 50% kéint gesteigert ginn, an ënner der optimistescher Aarbechtshypothees vun enger Verzéngfachung bei diversen „other renewables“, kéinten déi 30.000 TWh op ongeféier 50.000 TWh gehuewe ginn.

Dee Moment missten also vun insgesamt 200.000 TWh nach op d’mannst ronn 150.000 TWh mat der Wand- a Solarenergie dekarboniséiert ginn.

Step 2 :  Op wéi engem Niveau läit d‘Ausbaugeschwindegkeet vun de volatille Stroumquellen ?

Tëschent de Joren 2000 an 2019 weist d’Grafik vum weltwäiten Primärenergieverbrauch en Ausbau vun 90 TWh op 5.333 TWh, also duerchschnëttlech 276 TWh pro Joer (Substitutiounsprinzip).

Tëschent de Joren 2010 an 2019 gouf den Ausbau vun der  Wand- a Solarenergie beschleunegt, vun 991 TWh op 5.333 TWh, also duerchschnëttlech 482 TWh pro Joer.

D'Drauwen déi niddereg hänke ginn awer elo méi rar, an d'Ausbaugeschwindegkeet wäert beaflosst ginn duerch eng ëmmer méi schwéier Integratioun an den Terrain, an de Stroumreseau an och an de Stroummarché :  Flächeverbrauch, Ressourcëverbrauch, Käschte vum Gesamtsystem, Netzstabilitéit an d'Disponibilitéit vu saisonalen Energiespäicher wäerten hei eng ëmmer méi wichteg Roll spillen.

Et spillt och elo nach en zousätzlechen Effekt mat, deen ee graff quantifizéiere kann.

An engem gréisstendeels elektrifizéierte System wou d’Secteure vum Stroum, dem Transport an der Wäermt gekoppelt sinn, entstinn effektiv wesentlech Wierkungsgradverloschter, déi duerch eng zousätzlech Produktioun vu Primärenergie muss kompenséiert ginn.

Dat geschitt z.B. bei der Späicherung vun dem net bedarfsgerecht produzéierte Wand- a Solarstroum, wou beim Prozess vum Power-to-Gas-to-Power 70% bis 80% vun der ursprünglecher Energie verluer ginn. Verloschter entstinn och bei der Produktioun vu syntheetesche Kraaftstoffer iwwer de Wee vum Waasserstoff, woubäi ronn 60% bis 70% vun der ursprünglecher Wand- a Solarenergie verluer ginn, oder och nach bei der Laangzäitspäicherung vun der Wäermt déi iwwer Power-to-Heat produzéiert gëtt, wou sech jee no Späicherdauer e wesentlechen Deel vun der ursprünglecher Energie verflüchtegt.

An engem gesamte System kann een dovun ausgoen, datt ronn d’Hallschent vun der volatiller Energie duerch Ëmwandlungsprozesser verluer geet. Dat heescht konkret, datt bei enger industrieller Megawandanlag, déi jee no installéierter Leeschtung a no Standuert tëschent 6 GWh an 10 GWh pro Joer liwwert, am Endeffekt just 3 GWh bis 5 GWh beim Endverbraucher ukommen an dass déi initial Zuel vun den Anlagen also muss verduebelt ginn.

Dat heescht awer och datt déi aktuell Ausbaugeschwindegkeeten, déi haut nach net vun dëse Verloschter beaflosst ginn, zukünfteg wäerten hallwéiert ginn.

Dee Moment léich d'Ausbaugeschwindegkeet also bei ronn 250 TWh pro Joer.

Wann déi virdru berechent 150.000 TWh fossil Primärenergie mat der haiteger Ausbaugeschwindegkeet misste reduzéiert ginn, da bräicht ee vun der Gréisstenuerdnung hier also ronn 150.000 TWh gedeelt duerch 250 TWh pro Joer, d.h. ronn 600 Joer fir d’Energie komplett ze dekarboniséieren.

Fir d'Klimaneutralitéit ze erreechen an déi schlëmmste Klimafolgen ze verhënneren, mussen dës 600 Joer awer elo op knapp 30 Joer bis 2050 reduzéiert ginn, d.h. den Ausbau misst duerchschnëttlech iwwer 20-mol méi séier goen ewéi déi lescht 10 Joer.

Dat ass elo eng wesentlech Feststellung. Well wann ee weess, dass déi volatil Stroumquellen wéinst hirer klenger Energiedicht vun der Gréisstenuerdnung hier ronn 10- bis 100-mol méi Baumaterial verbrauchen ewéi konventionell Kraaftwierker (s. Metals for a low-carbon society, Nature Geoscience), da versteet een dass hei eng Materialschluecht engagéiert gëtt déi kaum ze gewannen ass. Esouguer wa mer géingen unhuelen datt déi noutwendeg saisonal Energiespäicher an de nächste Joerzéngten an enger adequater Kapazitéit disponibel wieren (wat zwar absolut onwarscheinlech ass, well et keng technesch a wirtschaftlech Perspektiv fir dës Hypothees gëtt), an huele mer och nach un datt een déi onwarscheinlech finanziell Mëttelen heifir mobiliséiert kréich, da muss een awer feststellen, datt et an de nächsten 20 bis 30 Joer keng relevant Recyclingméiglechkeete fir dat immobiliséiert Baumaterial gëtt well dës Period der Lafzäit vun den Anlagen entsprécht.

Hei misst also bis zum Horizont 2050 manifestement de gréisste Raubbau um Planéit virgeholl ginn dee jee stattfonnt huet, mat alle Konsequenzen fir d'Biodiversitéit. Dat wat mer offiziell wëlle schützen gëtt bei dëser Strategie onweigerlech zerstéiert. Duerch de Verbrauch vu fossille Kraaftstoffer fir dës Energietransformatioun um Terrain ëmzesetzen missten déi betreffend Zäregasemissiounen eng Gréisstenuerdnung iwwer den haitege leien an d'Klimaverännerungen zousätzlech beschleunegen.

Bei dëser Strategie gëtt et also offensichtlech méi ewéi een Denkfeeler, well net op Zuelen an op Gréisstenuerdnunge gekuckt gëtt a just blann engem Narrativ nogelaf gëtt.

Kann et sinn datt d'Promoteure vun dëser Strategie, d.h. eng gewësse Politik a verschidden ONGen, net um Courant sinn vun den Zuelen a Gréisstenuerdnungen déi hei am Spill sinn ?

An enger Welt wou d'Zäregasemissiounen méiglechst séier musse reduzéiert ginn, an ee mat ëmmer manner verfügbare Ressourcen ëmmer méi grouss Problemer muss léisen, gëtt et och ëmmer méi wichteg fir op Effizienzkrittären ze kucken. Kann een do och als Ëmweltschutzorganisatioun einfach ëmmer nach d'Usiicht matdroen, dass et op all produzéiert Drëps „gréng“ Energie ukënnt, egal wat et kascht, egal wéi vill Terrain verbraucht gëtt, egal wéi vill Rohstoffer gefërdert a Baumaterialien immobiliséiert ginn, egal wéi vill Schued un der Biodiversitéit an un der Liewensqualitéit vun de Mënschen entsteet, an enger Natur déi mat der aktueller Strategie progressiv industrialiséiert gëtt ?

Oder ass et gewosst datt dës Equatioun net kann opgoen, esou dass d'Wand- a Solarenergie am Endeffekt just d'Roll vum Greenwashing musse spillen, fir dass den aktuelle ressourcëverschwenderesche Wuesstemsmodell ka viru gefouert ginn ?

Gëtt de Leit hei just d'Illusioun vun enger 100% regenerativer Welt verkaf fir datt se d'Nuisancen an d'zousätzlech Käschte vun dësem Subventiounsbusiness ouni Widderstand akzeptéieren ?

Wéi eng spezifesch Interesse ginn hei verdeedegt:  e politesche Fonds de commerce, eng däitsch Industriepolitik, oder wat ass hei esou vill méi wichteg ewéi d'allgemeng Interessen ?

Ass dat Ganzt just regenerativen Opium fir d'Vollek?

Ass et net extreem kuerzsiichteg an esouguer onverantwortlech, wa sech eis Regierung a verschidden ONGen dogmatesch de neien Energietechnologien verschléissen, déi z.B. an den USA, China, Russland oder Indien developpéiert ginn ? Nei Reaktertypen wäerten zukünfteg op eng inherent sécher Manéier Energie a grousser Quantitéit liwweren (ee Kilogramm Uran enthält wann e méi komplett genotzt gëtt zweemilliounemol méi Energie ewéi 1 Kg Pëtrol, ouni CO2 Emissiounen), dobäi kënne se Offäll vun der haiteger Reaktergeneratioun verschaffen an disponibel Energieressourcen fir dausende vu Jore notzen respektiv esou laang bis d'Kärfusioun technesch a kommerziell notzbar wier.

Wisou gëtt net iwwer Innovatiounen objektiv informéiert, amplaz se op engem onwëssenschaftleche Niveau a priori ze verdäiwelen ?

Ass dës Energie- a Klimapolitik nach glafwierdeg ?