An der éischter Phase vu Corona ass vill vum franséische Philosoph Albert Camus sengem Roman La Peste geschwat ginn. Obwuel dat Wierk vun 1947 an éischter Linn eng Allegorie vum Faschismus ass (“le bacille de la peste ne meurt ni ne disparaît jamais”, schreiwt de Camus op der läschter Säit vum Buch), sinn d’Parallele mat eiser crise sanitaire natiirlech evident. Et ass notamment vill vum Dokter Rieux geschwat ginn, dem Protagonist vum Buch, deen sech an der algerescher Stad Oran em seng Patiente këmmert ouni Récksiicht op seng eege Gesondheet. D’Corona-Situatioun huet sech awer vu Well zu Well geännert, an haut sinn aner Personnage vum Buch net manner interessant wéi den Dokter; virun allem déi di, anescht wéi de Rieux, duerch d’Experienz vun der Peste hir Iwwerzeegunge mussen iwwerdenken. An der aktueller Diskussioun ëm d’perséinlech Fräiheeten an d’Impfen ass d’Figur vum Raymond Rambert speziell interessant.

De Rambert ass ee jonke Journalist vu Paräis deen d’Liewen an d’Léift a vollen Zich wëll genéissen, a wie kéint him dat och verdenken? Heen huet awer de Pech fir grad zu Oran ze sinn wou an där Stad d’Peste äusbrecht. Oran gëtt ofgeschnidde vun der Welt, an hee ka lo net méi fort. Hee freet dofir beim Dokter Rieux eng Attestatioun déi him kéint hëllefe fir d’Stad ze verloossen. Hee wier jo gesond, seet heen. De Rieux äntwert him datt dat mënschlech wuel ze verstoen ass, datt heen awer als Dokter fir hee keng Ausnam ka maachen: “Cette histoire est stupide, je sais bien, mais elle nous concerne tous.” De Journalist gett rosen. Fir hee lieft den Dokter an der Abstraktioun. Hee fënnt datt d’Medezin just kal hir Statistike kuckt a keng Récksiicht hellt op den Eenzelen. De Rambert ass der Iwwerzeegung datt dat perséinlecht Gléck – et kéint een och soen déi perséinlech Fräiheet - iwwert allem anere muss stoen (“le bien public est fait du bonheur de chacun”, seet heen). Déi Argumentatioun kennt engem bekannt viir. Mais déi absolut Gewessheet vum Rambert kritt no an no Rëss, a sou ass hee bereet fir als bénévole an de “formations sanitaires” ze hëllefen esou laang wéi kee Fortkomme méiglech ass. Do gesäit heen awer lo all Dag Krankheet an Doud, an hee mierkt datt dat alles guer net esou abstrakt ass. Lo kennt de Moment am Roman wou d’Flucht endlech méiglech ass – an de Raymond Rambert décidéiert fir trotzdem zu Oran ze bleiwen a fir weider ze hëllefen. Firwat dee volte-face? Dem Dokter Rieux seet heen, datt heen engersäits ëmmer nach zu séngen Iwwerzeegunge steet. Op der anerer Säit huet de Rambert awer verstan, datt et Momenter am Liewe vun engem Mënsch ka ginn wou eben nët dat eegent Wuelbefanne mais d’Allgemengwuel muss d’Prioritéit sinn. De Rambert dréckt et esou äus: «Il peut y avoir de la honte à vouloir être heureux tout seul. (…) Maintenant que j’ai vu ce que j’ai vu, je sais que je suis d’ici, que je le veuille ou non. Cette histoire nous concerne tous. »

Am Jargon vun haut kann een also soen datt de Raymond Rambert décidéiert huet fir een Deel vun der Léisung ze sinn, an net vum Problem. Dem Albert Camus säi groussaartege Roman ass, wéi schon esou oft an de läschte Joërzéngten, och hei eng formidabel “piqûre de rappel”.

Tom Klonski