Zu menger Persoun. Vu Formatioun : Infirmier Diplômé an Infirmier Psychiatrique. Diploméiert säit 1997, geschafft am Spidol, Soins-à-domicile, Centre Psycho Gériatrique, Centre intégré pour personnes âgées (bis de Juli 2020). Duerno, mat 46 Joer, Secteur Wiessel.

Ech hu mech (als Gesondheet Beruffler) nach net ëffentlech zum Thema Impfen geäussert.

Firwat ?

Ech hunn den Androck , dass mer enorm gespléckt sinn an dann een net méi roueg, faktuell diskutéiere kann. Ech kenne vill Mënschen déi sech net impfen aus bestëmmte Grënn, déi fir mech mol méi oder manner "plausibel" / novollzéibar sinn. Oft dréine meng Gedanken dorëms, dass grad ee vun deene Mënschen (ongeimpft) ënner enger méi aggressiver Form erkranken, stierwen oder Long Covid Schied behalen. Ech sinn da verzweiwelt an denken :"hoffentlech ginn si awer iergendwéi iwwerzeegt" a schléissen sech deenen un, déi nach "Vertrauen" hunn. Et ass grad dat Vertrauen denken ech, wat e puer vun dëse Mënschen erëm brauchen. Fir dass en "ok, dajee alt" aus hirem Mond kennt. Wëssend, dass et heiansdo méi Courage brauch seng Meenung ze änneren, wéi stuer drop ze beharren.

Ech sinn der Meenung, dass een sech Vertraue verdéngt. Do ass de Problem an der Situatioun, wou mer eis säit laangem befannen. Weltwäit  hu mir et mat engem Virus ze dinn, deen ufanks onberechenbar war, fir Wëssenschaftler, Dokteren, Politiker, den Duerchschnëtt Bierger. Komplizéiert war an de leschte ville Méint d'Kommunikatioun, well d'Erkenntnisser ronderëm de Virus awer och d'Impfstoffer progresséiert hunn. Mol war et esou, dann rëm esou. An der Wëssenschaft an och an anere Beräicher sinn déi wiesselend Kenntnisser opgrond vun Erfarungen absolut normal. Hei ass et dann nach esou, dass Millioune Mënschen erkrankt, iwwerlieft, gestuerwen, geimpft an ongeimpft sinn. Milliounen... Dann goufen et natierlech och ongeimpfte Mënschen, déi "Chance" haten, si hunn sech erkrankt, hate wéineg Symptomer a soten :"gesitt dir, ass net esou schlëmm, wéi et gemaach gëtt".

Déi Millioune Kierper, reagéieren all op verschidden Aart a Weisen. All Kierper ass esou komplex a virun allem verschidden ufälleg, dass et bei der Impfung sécher och em eng Saach vu "Fatalitéit" handelt, wéi mäi Kierper drop reagéiert. Des Fatalitéit ass awer kombinéiert mat wëssenschaftlechen Erkenntnisser (Zuelen, Daten, Fakten), déi erfuerscht sinn. Déi direkt Niewewierkungen si bekannt. Et gi bei ville liewenswichtege Medikamenter (wéi bspw Antibiotik) Risike wéi bspw en anaphylaktesche Schock. D'Niewewierkungen, vu fir eis all als "banal ëmfonnten" Medikamenter si bekannt. Si stinn op de Beipack Ziedelen. An awer gi se am Alldag oft liichtfankeg gebraucht.

Fir mech ginn et an der ganzer Situatioun, net just déi Mënschen déi géint d'Impfung sinn, mee e puer "Profiller" (zielen se net all op) :

1. déi Mënschen déi Angscht hunn, fäerten an d'Vertraue verluer hunn, duerch déi ännernd Erkenntnisser/Informatiounen. Ech denken awer, dass dat villäicht Mënsche sinn, déi scho säit ëmmer och an anere Liewens Situatiounen en absolut Sécherheet Gefill brauchen an weder Vertrauen an anerer oder villäicht och an sech selwer haten ;

2. déi Mënschen déi wierklech noliese ginn, net sou richteg wëssen, wat se gleewe sollen an déi onsécher sinn. Well déi beschte Frëndin oder Frënd awer gesot huet, gelies ze hunn dass d'Impfung ... Si gleewen dat dann emol ... a schléissen sech mol deem un, wat si sou héieren hunn. Si lafen dann mol Freides mat Frënn a Bekannte mat a posten houfreg op sozialen Netzwierker. Si gehéieren engem Grupp un ;

3. déi Mënschen déi eng Persoun kennen, déi no der Impfung vill Niewewierkungen haten an/oder leider och verstuerwe sinn. Do touchéiere mer dann e ganz sensibelen an intime Beräich, ganz schwéier ... ;

4. déi Mënschen, déi d'Office géint Alles sinn, ... an dat konsequent, géint Alles ... vu Politiker, vun hirem Patron, géint d'Wirtschaft an Konzerner, ... einfach géint all Form vun Decisioune sinn, wou si net mat schwätze kennen. Si gesinn sech als Kämpfer fir déi absolut Fräiheet an maachen aus Prinzip alles entgéint dem "Mainstream". "Kuckt mech, ... ech sinn Extra, net mat mir". Ganz nom Motto :"Dogéint fir dogéint ze sinn", Haaptsaach Oppositioun" ;

5. déi Mënschen, déi sech "beruff" spieren aktiv ze ginn. Si gesinn sech als Opklärer, Retter... Si kennen déi eenzeg Wourecht. Hu sech vill mam Virus an Impfung befaasst. Hu sech awer oft eesäiteg informéiert. Fir si priméiert dat "Béist" bezüglech der Impfung. Villäicht och an Kombinatioun mam "Great reset" asw. Si organiséiere Manifestatiounen, posten äifreg just "Niewewierkungen", "Stierffäll no Impfung" asw. Dass Millioun geimpfte Mënschen net, oder just liicht erkrankt ginn, blenden si aus enger gewësser "Ideologie" aus ;

6. déi ongeimpfte Mënschen, déi "Chance" haten, si hu sech erkrankt, hate wéineg Symptomer a soten :"gesitt dir, ass net esou schlëmm, wéi et gemaach gëtt". Fir si ass Covid19 net esou schlëmm oder "et gëtt en net" ;

7. déi Mënschen, déi sech gesond spieren an der Meenung sinn, dass si keng Impfung brauchen. Hirem Immunsystem vertrauen ;

8. déi Mënschen déi der Pharmaindustrie net vertrauen ;

- ...

Ech mengen, jiddereen erkennt hei Undeeler vu sech selwer oder Mënschen an sengem Ëmfeld. Ech fannen et wichteg, d'Mënschen do opzefänken wou si sinn, duerch nolauschtere vun hirer Positioun. Jee no Beweeggrënn sech net impfen ze loossen, ginn si villäicht awer nach iwwerzeegt, nom Motto "dajee alt".

All, fannen si d'Vertrauen net, vu dass hiert d'Verhalen, d'Reaktioun, d'Angscht, d'Mësstrauen, de Frust, d'Resignatioun ... ganz déif verankert sinn, fir sech géint d'Impfung ze decidéieren. Et ass eng Illusioun ze gleewen, dass all Mënsch sech bereet erkläre léist, sech impfen ze loossen. Ech soen dat net erof loossend oder iwwerhieflech, spillen hei net den "Psycho Analyst ", mee ech well just erklären, wéi ech den Ëmgang mat "Impf Skeptiker-Verweigegerer-Géigner" erliewen. An et ass mir wichteg net all Mënsch an dat selwecht Dëppen ze geheien fir kennen mat deem een oder aneren faktuell, roueg an respektvoll diskutéieren ze kënnen.

Dass d'Konsequenzen vum "Net Impfen" en Afloss op eisen Alldag an d'Auswierkung op den Gesondheet Secteur huet, ass definitiv net ze niéieren.

Déi Kombinatioun aus der Verwierklechung vun den Grondbedierfnisser, wéi ... iwwer "MECH" a "MÄIN Kierper" bestëmmen kennen, Sécherheet, Individual Bedierfnisser (als Individuum akzeptéiert ze ginn,...), Selbstverwierklechung, Sozialer Zougehéiregkeet ... all dat spillt bei GEIMPFTEN an ONGEIMPFTEN eng grouss Roll.

Gouf an de leschten Joren net villäicht d'Solidaritéit am Generellen an eiser Gesellschaft net genuch gefuerdert a gefördert ? Nom Motto :"maach waats du wëlls, kuck no dir, du bass wichtëg" ?

Hei stellt sech dann och d'Fro :"Wou fängt meng Fräiheet un an wou héiert deng Fräiheet op ?".

D'Problem ass just, dass mir onbedéngt en héijen Immunitéit Taux an EISER Gesellschaft brauchen fir dass :

1. d'Intensitéit vun der Betreiung an de Spideeler, Altersheemer, Soins à domicile an engem Mooss bleift, wou fir d'Aide-ménagèren, Gesondheet Beruffler, dat administrativ Personal, ... ënner Aarbechtskonditiounen schaffen, déi ze meeschteren sinn

2. de Verlaf bei Infektioun (geimpft oder ongeimpft) esou schwaach wéi méiglech ass, dass net direkt jiddereen an d'Spidol muss

Wann mir Masken, Distanzéierung, QR Code aus eisem Alldag verbannen wëllen, ass d'Impfung e kruzialen Bestanddeel fir zu der sougenannten Herdenimunitéit ze kommen.

Ech selwer sinn geimpft a loosse mech noimpfen.

Jo, och ech hätt gären op den Agrëff verzicht, muss ech soen.

Firwat hunn ech mech impfe gelooss ?

- ech war am Secteur a weess, dass och "mir" just Mënschen mat limitéierten Ressourcen sinn ;

- ech ongeimpften Frënn hunn, déi um VIRUS gestuerwen sinn oder Laangzäit Schied behalen hunn ;

- ech es och genuch hunn vun der Pandemie an der Spaltung déi am gaangen ass ;

- ech endlech aus dëser Situatioun eraus wëll ;

- ech denken, mat dem Akt eppes fir d'Allgemengheet ze maachen ;

- ech mech schützen an e schwéieren Verlaf vermeiden well, bei enger Infektioun ;

- ech wëll d'Laachen vu mengem géigeniwwer erëm gesinn, oder gesinn dass ee mir d'Zong raus streckt , Mënsche an den Aarm huelen ;

- ech hunn als Infirmier vill Mënschen begéint, déi duerch den verschriwwenen, ugepassten Ëmgang mat Medikamenter hier Gesondheet erëm fonnt oder behalen hunn, vertrauen Wëssenschaftler

...

Obwuel ech mech an engem Zoustand tëschen Versteesdemech an Verzweiwlung befannen an der Situatioun, wou mir all eis Méint befannen, féiert menger Aschätzung no, kee Wee laanscht eng kollektiv Solidaritéit.

An jo, ech testen ech mech ëmmer selwer aus Respekt a Responsabilitéit Gefill viru mengen Matmënschen, ier ech iergendwou invitéiert sinn.

Firwat ?

Ma aus Respekt vis-à-vis mengem Matmënsch an Eegenresponsabilitéit.

Léif Gréiss, passt op iech op, ob Geimpft oder Ongeimpft.

Jean-Paul BLESER Dippech