Moien dir léif Leit. Vun do u wou ech schwätze geléiert hunn war et déi Lëtzebuerger Sprooch, an déi schwätzen ech och nach Haut, wou ech net wäit vun 89 Joer ewech sinn.

Awer, ech wëll et net vergiessen datt, wou ech doheem war 3 Sprooche geschwat gi sinn. Dat ware mäi Lëtzebuergescht dat ech mat menger Mamm, déi jo déi ganzen Zäit fir mech do war, geléiert hunn. Dann huet meng Mamm mat mengem Papp Franséisch geschwat, well se jo keen Italienesch konnt, meng Oueren awer opgeholl hunn. Mäi Papp jo, deen huet, wann hien mat mer gepotert huet, dat natierlech op Italienesch gemaach.

Ech géing soen dat dëst, Sproocheméisseg, eng gutt Ausgangspositioun war fir meng Sproochkenntnesser. Méi Spéit, hunn ech jo nach déi Däitsch Sprooch an der Schoul jo och musse léieren. An duerno, dat Franséischt, wou ech vrun deenen aneren am Virdeel war. Du koum awer vu 1940 bis 1944 déi Zäit, wou et nëmmen erlaabt war eng Sprooch ze schwätzen an zwar déi Däitsch. Doduerch ass jo d’Situatioun vun deene Joergäng, mer wëssen et jo, dat déi an der franséischer Sprooch net doheem sinn, an domat duerch déi vill franséisch Leit déi hei schaffen, sech net ausdrécke an och net verstoe kënne.

Et dauert net méi ganz laang, dann ass déi Generatioun ausgestuerwen, dat gëtt et vun deenen kee méi. Spéiderhi, hunn ech och nach Englesch a Spuenesch derbäi geléiert. Dofir, näischt géint déi Englesch Sprooch awer, musse mer dann och wierklech, wann et och méiglech ass et op Lëtzebuergesch ze soen oder ze schreiwen, dat op Englesch maachen?

An da kënnt direkt meng Fro, wann et esou viru geet wat fir eng Sprooch schwätze mer am Joer 2060? Schwätze mer dann nach eis Mammesprooch eist Lëtzebuergesch? Oder, si mer duerch ee gewësse Snobismus do ukomm dat et se net méi gëtt.

Firwat ech dëse Bréif schreiwen, ee Mann deen eleng op enger Insel war deen huet gesot: Je pensais que la pire des choses dans ma vie, était de ne plus entendre un mot de ma langue maternelle. An och, well ech gelies hu, dat d’Gesondheetspersonal eng Aktioun mëscht ënnert dem Slogan: Yes we care. Et ass mer bewosst, dat d’Hallschent vum Land dat net versteet.

Dofir, firwat dat net op Lëtzebuergesch, mer si jo an eisem Land. Mer si fir iech do, dat klengt dach genee esou schéin a gutt. An et sinn der bestëmmt méi, déi et verstinn. Vru Kuerzem ass mer och den Hutt héich gaangen wéi ech dat gelies hat wat d‘Ministesch Sam Tanson, Ufank Oktober, vu sech ginn huet wéi se vum Unesco Wee geschwat huet.

Op gutt Lëtzebuergesch huet si de Saz gesot: Dëse Wee ass och gehighlighted bei dëse Journéeën. Geet et dann net nach besser, firwat dann net alles op Englesch?

Elo ginn et der jo bestëmmt en etlech déi wäerte soen, wat wëll deen alen do. E soll seng Pensioun genéissen an de Mond halen dat wier besser fir hien an och fir säi Frënd, de Lex, deen hien inspiréiert.

Vläicht bis eng aner kéier

Willy Allamano