Ech hun mat Politik eigentlech neischt um Hut an hun och keng politesch Ambitiounen. Ech hun awer deifsten Respekt mvirun der Mammutaufgab dei dës Regierung dei lescht bal 2 Joer geleescht huet.

Et woaren schon bal onmenschlesch Efforten dei den Premierminister Xavier Bettel an Gesondheetsministesch Paulette Lenert hei erbruecht hun. Daat gëlt fir all Ministeren. Een Asaatz Daag an Nuecht fir eis all irgendwei gutt duerech des Pandemie ze manövreieren.

Sie hun an den Aaen vun menger Fraa an och fir mech des Erausfuederungen mat BRAVOUR gemeeschtert!! Daat hätt keen besser machen können. Natierlech schleissen ech do all dei Mataarbechter mat an dei nemen irgendwei un der Mammutaarbescht bedeelegt woaren. Ouni all dei Efforten wären mir net haut do wou mir elo sinn. Wann ech dann esou eppes muss kucken, wei daat waat sech den Samschdeg an der Stadt Letzebuerg oofgespillt huet, kann ech nemen bedauerenswert denn Kapp röselen. Hun dei bedeelegt Personnagen eng Patentleisung parat fir D'Pandemie ze beendegen. Just eng Froo dei ech mir stellen.

Manifesteieren, demonstreieren, seng Meenung duerfen äusseren an engem Rahmen vun Maneieren, Respekt an Toleranz geigeniwer sengen Mattmenschen, an dozou geheiert nawell och den Xavier Bettel, emol dovunner oofgesinn dat hien ausser Premierminister och een Mensch wei mir all ass, sprëcht dofir, dass mir an enger Demokratie liewen!!. Mais „il y a des limites". An dei sinn den Samschdeg eindeuteg iwerschratt ginn. Et ass einfach erschreckend an mat kengem Argument ze entschellegen.

Intensivmediziner, Infirmier(en) dei elo bal seit 2 Joer bis zur Erschöpfung an Burnout schaffen ennert denen schweiersten Bedingungen, ginn einfach an hierer heroescher Aarbescht ignoreiert, vun Leit dei mengen de Virus ass schon net esou schlem, wei daat emer behaapt get. Een groussen Irrtum, den kann dëitlech endegen. Intensivpatienten, dei un Covid-19 erkrankt sinn, an hu missen beotemt ginn, dei awer zum Glëck iwerliewt hun, hun et bedauert sech net impfen geloss ze hun. Daat wönscht een kengem. Emol dovunn oofgesinn, dass Intensivbetter beluegt sinn dei missen frei bleiwen fir postoperativ Interventiounen oder intensivmedizinesch Noutfäll. Dei sinn jo net manner ginn während der Pandemie. Dem Coronavirus ass daat egal op nach aaner Krankheeten do sinn oder net. Stattdessen get vill gejaut fir perséinlech Freiheet. Eng vermeintlech gefeierlech Freiheet dei iwert den Eescht vun dem Coronavirus eraus täuscht. Ech erenneren hei un eng Aussoo vum Dr. Gérard Schockmel, den et net hätt können besser treffen „ Wivill Doudeger brauchen mir dann nach"?. Daat seet wuel genuch!

Dass een onsecher ass sech impfen ze lossen wöll een net gutt iwert den Vaccin informeiert ass kann ech novollzeien. Me virwaat gleewen vill Impfgéigner fragwürden Behaaptungen dei net wëssenschaftlech beluegt sinn.

Seit Méint sinn Wessenschaftler an Dokteren onermiddlech dorems beméeit op eng gutt verständlech Art a Weis iwert Wierksamkeet vun Vaccinen opzeklären, esou dass et och fir Leit, dei net am Gesondheetsbereich schaffen, gutt ze verstoen misst sinn.

Iwregens nemen op Niewenwirkungen vum Vaccin ze kucken ass net richteg, wöll dann dierfen mir all guer keng Medikamenter mei anhuelen. Liest emol engkeier Effets secondaires, Effets indésirables. Mecht daat Medikamenter elo schlecht, mat Secherheet net. Et muss een alles am richtegen Kontext kucken.

Sech mat net wëssentschaftlech fundeierten Informatiounen bombardeieren ze loossen, egal vu welcher Quell, ass bei weitem mei schiedlech wei D' Covid-19 Impfung. Dofir den Opruff, losst Iech impfen fir Iech an Aer Matmenschen. Et get nemen een Wee aus der Pandemie: Impfen Impfen Impfen.

Passt op Iech op an bleiwt emer negativ.

Georgette an Laurent Olinger