„Demonstranten“ stiermen de Chrëschtmaart a klammen op de Sockel vun der „Gëlle Fra“, Polizisten mussen d‘Gebai vun der Chamber virun „Manifestanten“ beschützen, ee Mob zitt virun dem Premier säin Haus, fir do ze randaléieren.

Dat erënnert alles ganz staark un den Ugrëff op d’Kapitol zu Washington an un de Stuerm op d’Reichstagsbebäude zu Berlin. Et geet längst net nëmme méi ëm d’Corona-Politik.

Eng deelweis aggressiv Minoritéit behaapt, datt mir an enger Diktatur liewen a vergläicht d‘CoronaMesuren mat de Methoden vum Nazi-Regime. (Dee Verglach verbidd sech aus Respekt virum onendleche Leed vum Holocaust.) A Wierklechkeet ass genau de Géigendeel wouer:

- D‘Manifestanten dierfen (friddlech) demonstréieren, also liewe mir net an enger Diktatur. Och wann engem ee (Covid)Gesetz net gefält, heescht dat net implizit datt een an enger Diktatur lieft.

- D‘Manifestanten selwer wenden extrem Methoden un, andeem si Staatsgebaier, Staatsmonumenter an de Staatsminister ugräifen a bewosst Ligen iwwert de Vaccin, d’Masken an d’Regierung verbreeden. Ee sachlechen Débat wëllen a kënnen déi Leit net féieren, well si d’Realitéit ignoréieren an just un hir alternativ Fakte gleewen.

D’Mooss ass voll. Et ass héich Zäit, datt de Staat reagéiert an datt esou Zoustänn an Zukunft verhënnert ginn. Esou eng staatszersetzend Tendenzen dierfen op kee Fall toleréiert ginn. Eleng op Deseskalatioun ze setzen kann net d’Léisung sinn. D’Demonstratiouns- an d’Meenungs-Recht dierfe net dozou mëssbraucht ginn, fir ze randaléieren an Angscht ze verbreeden.

D’Biller vum organiséierten Ugrëff op eis Demokratie an op eis Institutiounen dierfen sech net widderhuelen. Déi selwerernannten „Fräiheetskämpfer“ mussen zur Rechenschaft gezu ginn, wann si d’Gesetzer vun eisem Land mëssuechten. Och gezilte Feelinformatiounen dierfe net weider higeholl ginn.

All déi Leit, déi do matgelaf sinn, kënne sech schummen a sollen sech ganz gutt iwwerleeën, ob si nächste Weekend nach ee Mol d’Marionnettë vun de Verschwörer a vun de Randaléirer spille wëllen. Et kann een net do matlafen a matbrëllen an sech duerno vun allem distanzéieren.

Mir hunn d’Chance an engem fräien, demokratesche Land ze liewen, wou d’Regierung sech ëm d’Sécherheet an d’Gesondheet vun der Allgemengheet këmmert. Déi individuel Fräiheet steet eben net iwwert dem Wuel vun der gesamter Gesellschaft. Solidaritéit amplaz vun Egoismus!

Sven Migy