Elo së märr den 12. Januar an d’Lousdeeg sënn eriwwer. Domat kann een da mol eng virsichteg Wiederprognos fir 2022 maachen. An et geet och nach dor fir e schéint Neit Joer an eng gutt Gesondheet ze wënschen.

An eppes ho märr fir dëst Joer schonns hannert eis. Märr honn all dat Uebst a Geméis, wat an engem Joer zu Lëtzebuerg wiisst an zeideg gëtt, scho gefrupst.

Dat misst jo e Landwirtschaftsminister op de Bam dreiwen an e ganze Sektor ëmkrämpelen. Dat heescht, datt an engem Land an deem d’Bevölkerung an d’Luucht geet, an ëmmer méi Land fir de Wunnengsbau an d’Industrie gebraucht gëtt, déi landwirtschaftlech Fläch sënnvoll muss genotzt ginn.

Et muss genuch Fläch do së fir Mëllech ze produzéieren, ouni zevill Iwwerproduktioun. Da brauche märr se nët ze « verramschen ».

Fir regional Produkter brauche märr Broutwees von heiheem a manner Mais fir eng industriell Notzung.

Wëll märr en haart Klima honn, brauche märr nieft dem Freilandubau och « Zären », an dofir brauche märr Gesetzer déi esou Betriber erméiglechen an nët verhënneren.

Märr brauchen e Raumnotzungskonzept, dat de Leit nach déi sougenannten « Selbstversorgung » méiglech mécht.

Fir Uebst ze plécken, brauche märr Beem a Bongerten, an net wéineg, well bis den 31.12. ass et nach laang. Wat wären eis Beien an eis Villercher frou, wa märr hinnen dat ze bidden hätten.

Nico HAMEN

Draufelt