D'Lëtzebuerger Naturschutzgesetz gouf an der Chamberplenière vum 18. Januar nogebessert. Mä och no dëser Upassung profitéiere bestëmmten Industrien ëmmer nach vun engem oppene Favoritismus am Kontext vum Naturschutzgesetz, ouni dass eng konkret Begrënnung vun hirem Notzen an der Praxis gefuerdert ass − trotz dem objektive Schued dee se no Ëmweltverdréiglechkeetsprüfunge kënnen uriichten.

Esou stécht am Artikel 6 vum Naturschutzgesetz e Saz eraus mat enger erstaunlecher Formuléierung, déi eng Rei vu Froen opwërft : „Des constructions répondant à un but d'utilité publique et les installations d'énergie renouvelable peuvent être érigées en zone verte pour autant que le lieu d'emplacement s'impose par la finalité de la construction."

Ass et net scho mol bemierkenswäert, datt installations d'énergie renouvelable nieft de constructions répondant à un but d'utilité publique ganz explizitt am Gesetzestext ugefouert ginn ?

Heescht dat elo datt installations d'énergie renouvelable a priori vun ëffentlechem Interêt sinn ? Oder heescht dat dass se vun enger Derogatioun profitéieren an et emol guer net néideg hunn fir vun ëffentlechem Interêt ze sinn, an et an hirem spezifesche Fall just nëmmen duergeet mat der Rechtfäerdegung „datt déi Plaz wou se sollen hikommen hirer Zilsetzung entsprécht" ?

Am Gesetzestext gëtt och net preziséiert wat ënner dëser „Zilsetzung" ze verstoen ass. D'Zilsetzung kann ee sech jo dann eraussichen a se kéint z.B. einfach vun enger kommerzieller Natur sinn, mä dee Moment géinge jo Partikularinteressen virun allgemeng Interesse gestallt ginn.

Wann eng geséchert Energieliwwerung hei d'Zilsetzung wier, da wier dës Konditioun op engem physikaleschen an technesche Plang am Fall vu volatille Stroumquellen ewéi Wandanlagen net erfëllt, et sief dann et géife spezifesch Equipementer gefuerdert fir d'wiederofhängeg Leeschtung pilotabel ze maachen (Elektrolyseuren, Gastanklager, Backup Gaskraaftwierker, dräi- bis véiermol méi Wandanlagen fir d'Prozessverloschter ze kompenséieren...). Dee Moment géifen d'Produktiounskäschten fir d'Bedreiwer awer direkt ëm e puer honnert Prozent wuessen. Wann d'Bedreiwer hir Produktioun da missten direkt vermaarkten ouni datt ewéi haut d'Systemkäschte vun der Allgemengheet iwwerholl ginn, da wier et mat der Industrialiséierung vun der Natur séier eriwwer.

Wann d'Zilsetzung en effiziente Klimaschutz viséiert, da weist och hei d'Praxis datt dës Konditioun z.B. bei Wandanlagen net erfëllt ass. Do brauch ee just d'Beispill vun eisem däitsche Noper ze huelen, dee mat 64 GW installéiert Leeschtung an iwwer 31.000 Wandanlagen op 357.386 Km2 déi weltwäit héchsten Densitéit vu Wandanlagen opweises huet, a gläichzäiteg wéinst de physikalesche Barrièren eng vun den héchsten CO2 Intensitéiten am europäesche Stroumsecteur huet (iwwer 400 gCO2/KWh).

RTL

D'Formuléierung „Des constructions répondant à un but d'utilité publique et les installations d'énergie renouvelable peuvent être érigées en zone verte pour autant que le lieu d'emplacement s'impose par la finalité de la construction" wërft awer och nach eng weider Fro op.

Dëse Saz formuléiert jo eng Konditioun déi muss erfëllt sinn fir e Projet an enger Gréngzon dierfen ze realiséieren. Eng Konditioun gëtt normalerweis gestallt fir eng aschränkend Wierkung ze hunn. Soss kéint ee jo a priori alles erlaben an et bräicht een des Konditioun net.

Wat bedeit elo dëse Saz am konkrete Kontext vun der Wandenergie ?

De Wand bléist jo zäitweis méi oder manner op all Plaz. Op esou zimmlech all Plaz kann ee jo dann méi oder manner Wandenergie bedreiwen. Déi formuléiert Konditioun am Gesetz kann een also an Aklang bréngen mat esou zimmlech all Plaz, an dofir gëtt et mat dëser Formuléierung am Gesetz dann och keng aschränkend Wierkung méi.

Dee Moment mécht dëse Saz am spezifesche Fall vun der Wandenergie ouni Restriktioun also absolut kee Sënn méi, an et wier sënnvoll fir dëse Saz duerch eng méi verbindlech Formuléierung ze ersetzen.

Esou wéi de Saz haut am Gesetz formuléiert ass, gëtt en awer absurderweis esouguer zu engem Argument pervertéiert fir d'Wandenergie quasi iwwerall ze exploitéieren. An effektiv gëtt dat elo och vun de Promoteuren explizitt ausgenotzt andeem se an de Geneemegungsdossieren uféieren datt „wa se de Projet net kéinte bauen, da géing de Potenzial vun der betreffender Plaz jo ongenotzt bleiwen".

Aus deem Grond gëtt een den Androck net lass, datt Gesetzer haut deelweis esou formuléiert sinn, ewéi wa se vun dësen Industrien selwer diktéiert wieren.

En anert Beispill heifir ass och de Plan sectoriel Paysage (PSP) wou d'aschränkend Konditiounen am Text explizitt fir linear Equipementer gëllen, awer net fir vertikal Equipementer, déi an deem Text einfach guer net ernimmt ginn. Esou e semanteschen Trick mat enger subjektiver geometrescher Diskriminatioun ass scho bemierkenswäert.

Wier et net normal fir am Kader vun enger Revisioun den Text vum PSP manner subjektiv ze maachen andeem d'Konditiounen explizitt fir all geometresch Configuratioune gëllen, an zwar linear a vertikal ?

Beim Saz „Des constructions répondant à un but d'utilité publique et les installations d'énergie renouvelable peuvent être érigées en zone verte pour autant que le lieu d'emplacement s'impose par la finalité de la construction" stécht awer elo nach e fundamentale Punkt an d'A dee fir e Bierger vu bausse gekuckt nëmmen an der Logik vun enger Industrielobby ze verstoen ass a kaum an der Logik vum Natur- an Ëmweltschutz.

Effektiv priméiert jo hei d'Finalitéit vun der Constructioun iwwer d'Finalitéit vun der Zone verte !

Bei der Exploitatioun vun industriellen Energieanlagen stelle sech awer enorm Kontradiktiounen mat de globalen Zilsetzungen vum Naturschutz, der Landesplanung an dem Plan sectoriel Paysage, notamment bei Zones vertes déi an de „Zones de préservation de grands ensembles paysagers" leien.

D'Objektiver vun dëse Gesetzestexter sinn am Wesentlechen jo den Erhalt, de Schutz an och d'Restauratioun vu Charakter, Diversitéit an Integritéit vun de natierleche Liewensraim a Landschaften.

Do stellt sech d'Fro wéi et méiglech ass datt Wandanlagen, also wäit iwwer 200 Meter héich Industrieanlagen, nach weider an déi vum PSP definéiert „Zone de préservation de grands ensembles paysagers" kënnen opgeriicht ginn. Eng offiziell Erklärung dozou gëtt et an enger gemeinsamer Äntwert vun der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie a fir Landesplanung op d'parlamentaresch Fro N°3875. An der Äntwert gëtt lapidar festgestallt datt industriell Wandanlage prinzipiell an de „Zones de préservation des grands ensembles paysagers" méiglech sinn, well se eben keng „linear Installatioune" sinn.

Dës industriell Anlage wieren also prinzipiell compatibel mat den Zilsetzungen vum PSP an dem Landesplanungsgesetz (Article 1er, paragraphe 2, point 3, de la loi modifiée du 17 avril 2018 concernant l'aménagement du territoire), dat heescht „préserver les paysages en garantissant leur intégrité et en maintenant les fonctions agricoles, sylvicoles, viticoles, écologiques, récératives et climatiques du territoire."

Wéi schlëmm muss eng industriell Anlag dann elo ausgesinn, fir dass se am Sënn vum PSP a vun dem Landesplanungsgesetz et fäerdeg bréngt fir d'Integritéit vun enger Landschaft ze beanträchtegen ? Wat passt an e natierlecht Landschaftsbild a wat net ? Sinn d'Krittären objektiv begrënnt a novollzéibar?

De PSP stellt am Kapitel II.1. vum Exposé des motifs prinzipiell folgend Defiziter a Feelentwécklunge vun eise Landschafte fest :

„1° une fragmentation et une uniformisation des paysages,

2° une perte de la diversité biologique,

3° une rurbanisation et un mitage des espaces ruraux,

4° une érosion continue de facettes importantes de la qualité de vie des résidents."

Wann een dës véier Aspekter elo op d'Impakter vu Wandanlage bezitt, kann ee Folgendes feststellen:

Zu Punkt N°1, d.h. Fragmentatioun an Uniformisatioun vu Landschaftsbiller :

Landschafte ginn objektiv gesinn visuell fragmentéiert duerch Industrieanlagen déi iwwer 200m héich sinn an déi mat de Rotoren eng Fläch vu ronn annerhallwen Hektar iwwersträichen (zwee Fussballfelder) ; Landschafte gi visuell uniformiséiert an industriell iwwerformt duerch reegelméisseg verdeelten industriell Konstruktiounen, wou bei kumulativen Effekter um Horizont kaum nach en Ënnerscheed méi ze maachen ass tëschent industrialiséierten, urbaniséierten, ruralen a natierleche Landschaftsraim, an dat esouwuel bei Dagesluucht ewéi och an der Nuecht.

Zu Punkt N°2, d.h. biologesch Diversitéit :

Wandanlagen hunn zum Beispill en héijen Impakt op d'Avifauna. Et gëtt keng garantéiert wierksam Methoden fir deem entgéintzewierken. Déi ugewannte Methoden baséieren op engem Verdrängungseffekt, dee weder garantéiert nach ekologesch vertrietbar ass, notamment wa kumulativ Effekter mat der Zäit optrieden.

No der europäescher Vulleschutzrichtlinn ass et net nëmme verbueden fir absichtlech Déieren ëmzebréngen oder ze verletzen, mä och fir dës Schiedegungen wëssentlech akafzehuelen. Hei ass am Prinzip och net just d'Populatioun, mä all eenzelt Déier geschützt. Dës gesetzlech Ausleeung gouf an engem Urteel vum europäesche Geriichtshaff de 4. Mäerz 2021 nees gestäerkt, wat zum Beispill an Däitschland vun der Wandindustrie elo staark kritiséiert gëtt nodeem hei lafend versicht gëtt den Aarteschutz gesetzlech ze verwässeren.

Och zu Lëtzebuerg muss bei de gängege Praktiken am Kader vu Geneemegungsprozeduren hannerfrot ginn ob mer den am PSP gefuerderten Ziler fir de Schutz vun der Biodiversitéit gerecht ginn. Huet Lëtzebuerg en adequate gesetzleche Kader fir den Déiereschutz korrekt ëmzesetzen oder misst et zu Amendementer kommen ?

Zu Punkt N°3, d.h. Mitage (= prolifération anarchique des constructions) am ländleche Raum :

Et ass genau dee Wildwuchs dee mat de Wandanlagen elo potenziell entsteet well et kee „Wandkadaster" oder ausgewisen Terrainen gëtt wéi z.B. an Däitschland oder an der Belsch. An ëffentlechen Aussoen huet de Minister fir Energie a fir Landesplanung sech felicitéiert datt Lëtzebuerg op dëst Instrument verzicht (dat kann ee gutt verstoen, well soss en organiséierte Widderstand géint eng kommerziell Aktivitéit potenziell virprogramméiert wier).

Zu Punkt N°4 , d.h. Erosioun vun der Liewensqualitéit :

Visuell an akustesch ass d'érosion continue vun der Liewensqualitéit mat engem progressiven Ausbau vun der Wandenergie net ze verhënneren (plus kumulativ Effekter mat der Zäit).

Obwuel am Text vum PSP kloer drop higewise gëtt, datt de PSP en Instrument ass fir d'Integritéit vun der Landschaft ze schützen géint de Baudrock a géint de Wildwuchs vu Konstruktiounen, hu mer am Kontext vun den industrielle Wandanlagen also op all dëse véier Punkten scho mol vu vir eran Inkoherenzen mat den Zilsetzunge vum PSP an de Feelentwécklungen déi solle verhënnert ginn.

Am Text vum PSP ginn d'Finalitéit an d'Funktiounen vun de zones vertes ganz explizitt definéiert.

Am Exposé des motifs vum PSP ginn z.B. folgend Orientatioune beschriwwen :

„Le PSP préserve les paysages en tant que facteur de qualité de vie et comme matrice du développement socio-économique.

La dimension récréative des paysages prend une ampleur de plus en plus importante dans une société où le lieu de travail et les activités professionnelles en elles-mêmes n'offrent plus guère de contact direct avec la nature. Ainsi, des paysages diversifiés invitant aux activités en plein air contribuent de manière significative à la qualité de vie des populations. Il en est de même des dimensions émotionnelles et esthétiques associées au paysage qui constituent des facteurs déterminants de la qualité de vie et du sentiment d'appartenance à un lieu précis. Ainsi, les paysages perçus de manière positive sont une ressource nationale et régionale essentielle à développer avec précaution. L'objectif du PSP est de préserver des paysages de qualité invitant au séjour.

Le PSP vise le maintien de paysages encore peu fragmentés et perturbés. Le développement économique du Luxembourg, la croissance démographique et l'extension de la surface bâtie y liée rendent nécessaire la protection du patrimoine paysager. Cette dernière s'impose pour préserver la qualité de vie de la population, l'activité touristique pour laquelle le patrimoine paysager constitue le fondement économique ainsi que la qualité de l'environnement naturel, ce dernier accomplissant de nombreux services écologiques souvent ignorés (...)."

D'Landschaft gëtt also explizitt verbonne mat „facteur de qualité de vie", „dimension récréative", „dimension émotionnelle et esthétique", „sentiment d'appartenance à un lieu précis", „perception positive", „paysage de qualité invitant au séjour". Dat si staark Wierder déi weise wéi wichteg eng intakt a méiglechst onberéiert Natur ass. Landschaft ass nom Gesetz net just eng Niewesaach.

Mä wéi sinn all déi opgezielten Aspekter nëmmen an Aklang ze brénge mat de visuellen an akusteschen Impakter vun Industrieanlagen déi op der Plaz eng erdréckend Wierkung hunn, a wäit iwwer 100 Dezibel produzéieren mat dem Charme vun enger Start- a Landespist, wou kaum nach eng Openthaltsqualitéit oder e „sentiment d'appartenance à un lieu précis" opkënnt, an d'Zerstéierung vum Landschaftsbild an déi verluere Liewensqualitéit éischter mat „Heemechtsverloscht" verbonnen ginn ?

An der Äntwert op déi virdrun ernimmte parlamentaresch Fro N°3875 gëtt och folgend Ausso gemaach:

„Wandturbinnen an der Gréngzon brauchen eng Geneemegung nom Naturschutzgesetz an nom Kommodo/Inkommodo-Gesetz. „Bautechnesch Krittäre" gehéieren zum Beräich vun den Normen déi generell duerch esou Anlage mussen agehale ginn a sinn net vu Belang am Landschaftsschutz."

Wann den Text vum PSP korrekt géing applizéiert ginn, da géing et awer ewéi bis elo üblech net méi duergoen fir eng Evaluatioun z.B. vum Kaméidi, vum Schattenwurf oder vun dem visuellen Impakt nëmmen um Niveau vun enger Agglomeratioun ze maachen, mä d'Anhale vu Schallpeegelen an dem Respekt vum Landschaftsbild misst och fir d'Plaz an der zone verte selwer gëllen wou nom PSP den Openthalt zum positive Liewensgefill bäidréit a weider bäidroe soll.

Deemno sinn déi bautechnesch Krittären tatsächlech vu Belang am Landschaftsschutz, an déi uewe genannten Ausso an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro N°3875 ass vun der Logik hier falsch.

An de Geneemegungsprozeduren wou déi bautechnesch Krittären an de zones vertes haut net consideréiert ginn, gëtt et also e kloere Widdersproch zu den Zilsetzungen vum PSP. Misst hei net um Niveau vun de Geneemegungsprozeduren en Ëmdenke kommen, amplaz datt eng Verwaltung ewéi elo ënner dem Drock vu politeschen Objektiver muss schaffen.

An dës Geneemegungsprozeduren sollen no den Informatiounen vum kierzlech presentéierte Klima- an Energieinventär elo och nach beschleunegt ginn !

Dobäi kënnen déi a Geneemegungsdossieren gefroten „Kompensatiounsmoossnamen" fir all déi am Kader vun den Ëmweltverdréiglechkeetsprüfungen ermëttelt erhieflech Impakter − notamment op d'Avifauna − schonn haut objektiv gesinn kaum als seriö betruecht ginn.

Zum Beispill muss just de Proprietär vun der Parzell wou eng Wandanlag steet dem Bedreiwer Bescheed soen fir d'Anlag auszeschalte wa geplout gëtt, déi Proprietäre niewendrun awer net, esou datt Gräifvigel dee Moment trotzdeem ugezu ginn, an de Rotorblieder grad esou gutt ausgesat sinn.

Da muss de Bedreiwer als weider „Kompensatioun" ofgeleeën „Fudderplaze" fir Gräifvigel virgesinn, fir d'Vigel vun den Anlagen ze verdrängen. Dobäi gëtt de Wandpark jo selwer zur Fudderplaz well Gräifvigel déi Asfréisser sinn vun de Schlagaffer ugezu ginn. Et ass och absurd fir eng Verdrängungstaktik vun den Déieren aus hirem natierleche Liewensraum als Kompensatiounsmoossnam unzegesinn, besonnesch wann an Zukunft ëmmer méi kumulativ Effekter optrieden.

Als e weidert Beispill muss och elo grad d'Ëmweltverwaltung de Promoteure vu Wandparken e Pretext liwweren fir industriell Wandanlagen nach méi héich kënnen ze bauen, ausgerechent a Brutt- a Juegdgebidder vu geschützte Vullenaarten ewéi Roude Milan an Uhu.

Effektiv ass d'Argument vun der Ëmweltverwaltung elo dat hei datt de Risiko vum Vulleschlag als tolerabel unzegesinn ass wann d'Rotorspëtzen net méi no ewéi 50m un de Buedem kommen.

Esou eng forfaitaire Reegel ass offensichtlech awer komplett absurd wann ee weess datt d'Gräifvigel potenziell op d'mannst e puer honnert Meter (esouguer iwwer 1 Km) héich fléien, an domat ass et och an enger probabilistescher Iwwerleeung − wou Vigel vläicht méi heefeg ënner 50m fléien − jo just awer nëmmen eng probabilistesch Fro vun der Zäit bis d'Déieren vun de Rotorblieder zerfetzt ginn.

Zousätzlech verstäerkt sech bei méi héijen Anlagen och nach de visuellen Impakt an d'Problematik vun der fräier Schallausbreedung déi net méi mat vereelzte Normen ka korrekt appreciéiert ginn.

Bei de beschriwwenen Impakter ass et wichteg ze gesinn, dass et hei net ëm d'Fro geet vun alternativen Energiesystemer respektiv ëm d'Fro ob d'Impakter vu Wandanlagen méi oder manner akzeptabel sinn ewéi déi vun engem konventionelle System („Hu der léiwer e Kuelekraaftwierk ?"). All dës nei Impakter kommen effektiv just nëmme bei déi bestoend Impakter vum konventionelle System dobäi, well gewosst ass datt de Problem vun der Volatilitéit och laangfristeg weder physikalesch nach wirtschaftlech ze léisen ass, an een esou op quasi 100% Backupkraaftwierker ugewise bleift (nota : bei der Illusioun vum „grénge Gas" als Backup gëtt ee séier an d'Realitéit zeréckgeholl wann ee konkret vergläicht wéi vill „grénge Gas" insgesamt gebraucht gëtt a wéi vill realistesch gesi kéint produzéiert ginn : bei dem intensive Verdeelungswettbewerb tëschent den Uwännungen am Bau, Transport an Industrie bleift kaum eppes fir déi noutwendeg saisonal Späicherung vum volatille Stroum iwwereg).

Wéi ass et elo mat der „Utilité publique" ? Am ganzen Text vum PSP gëtt drop higewisen datt Projeten an de viséierte Gréngzonen nëmme kënne realiséiert ginn an engem Kontext vun „Utilité publique" a vun „Intérêt général". Industriell Wandanlagen déi an enger Gréngzon geplangt ginn brauchen eng Geneemegung am Kader vum Naturschutzgesetz. Och am Kontext vum Naturschutzgesetz misst e Projet vun Industrieanlagen noweisen, datt no der Zilsetzung vun dësem Gesetz d'Integritéit vun der Landschaft garantéiert ass, an datt de Projet en Interêt general huet.

Datt d'Exploitatioun vun industrielle Wandanlagen iwwer déi kommerziell Partikularintressien eraus och nach en Interêt general huet, gëtt am Allgemengen just ënnerstallt, ouni awer konkret nogewisen ze sinn. An de Geneemegungsprozeduren gëtt dat an der Praxis och net gefuerdert, well dëst iwwer administrativ Prozeduren eraus als politesch Fro bewäert gëtt. De Sënn vum Bau vu Wandanlage gëtt haut einfach nëmme baséiert op d'Erreeche vu politeschen Absichtserklärungen. Ech hunn dat an engem konkrete Fall materlieft.

Theoretesch missten am Kader vun engem EIE Dossier awer déi konkret negativ a positiv Effekter vun engem Projet géigeniwwer gestallt ginn. Konkret missten déi positiv Effekter déi negativ Effekter iwwerweien. Och sollt nogewise sinn, datt et keng solution de substitution gëtt.

De vermeintlechen Interêt general vun industrielle Wandanlage kéint awer just nëmme beluecht ginn iwwer de Noweis vun enger gesécherter Energieversuergung an vun engem effikasse Klimaschutz.

Eng geséchert Energieversuergung duerch Wandanlagen ass jo awer grad just net ginn (cf. VGB-Studie Windenergie in Deutschland und Europa, Thomas Linnemann und Guido S. Vallana).

Et gëtt och keng plausibel konkret Strategie fir dat ze erreechen. Dat gesäit ee kloer opgrond vu konkreten Aussoen vum Minister fir Energie, z.B. an den Äntwerten op Questions élargies den 19. Mee an den 8. Juni (cf. Bäiträg op rtl.lu an dëser Rubrik vum 15.06.2021 an 25.07.2021).

Op der Basis vu ganz konkrete Referenzen kann een illustréieren datt d'Wandenergie keen adequate Bäitrag fir eng geséchert Energieversuergung an en effiziente Klimaschutz leeschte kann. Stellvertriedend sief just un e Rapport erënnert vum Bundesrechnungshof an Däitschland, deem Referenzland also wou d'Wandenergie déi weltwäit héchsten installéiert Leeschtung opweist op d'Landesfläch bezunn. Am Mäerz 2021 fuerdert do de Bundesrechnungshof eng Reform vum deiere Subventiounssystem a stellt fest datt bei der däitscher Energiewend op onrealistesch Ëmsetzungszenarien a Verbrauchsprognose gesat gëtt an aktuell déi héchste Stroumkäschten an Europa generéiert ginn. Fir de Bundesrechnungshof besteet keng kloer Perspektiv wéi den ëmmer méi „bedarfsonofhängeg" produzéierte Stroum versuergungssécher kann integréiert ginn, reprochéiert dat d'Blackout Gefor ënnerschat gëtt, an datt d'Risiken déi duerch Versuergungsdefiziter entstinn emol guer net richteg erfaasst sinn.

Wann ee bedenkt datt haut iwwer 31.000 Wandanlage mat der weltwäit héchster installéierter Leeschtung op d'Landesfläch bezunn just ronn dräi Prozent vun der däitscher Primärenergie ouni Versuergungssécherheet hierstellen, da brauch et scho vill Fantasie fir der Wandenergie en Interêt general bäizemoossen (nota : weltwäit an och zu Lëtzebuerg manner ewéi 1% Undeel).

Lëtzebuerg wäert et do net besser ergoen : nodeem an der Rifkinstrategie nach erkläert gouf datt et méiglech wier fir de Lëtzebuerger Energiebedarf quasi komplett op regenerativ Energien ëmzestellen, gëtt een elo am Klima- an Energieplang nees vun der Realitéit ageholl, well dem Haaptpilier Wandenergie fir den Zäithorizont 2040 just e Potenzial vun 1166 GWh zougestane gëtt, also ronn 2% vun eisem haitegen Energieverbrauch. Dat ass kuerz virun der uviséierter Klimaneutralitéit.

A puncto Klimaschutz läit an Däitschland den CO2-Gehalt vum Stroum mat iwwer 400 gCO2/KWh am Verglach zu anere Länner op engem ganz héije Niveau. Den CO2-Gehalt vun der gesamter däitscher Primärenergie goung ab de 60er Jore linear erof mat ongeféier duerchschnëttlech -1% pro Joer analog zu Gesamteuropa, awer ouni spierbaren zousätzlechen Effekt duerch d'Energiewend déi lescht 20 Joer.

Dogéint läit den CO2-Gehalt zum Beispill vum franséische Stroum eng Gréisstenuerdnung ënner deem däitschen, a bei der franséischer Primärenergie ass den CO2-Gehalt parallel zu dem schnellen Ausbau vun der Kärenergie insgesamt ëm ronn d'Hallschent gefall.

RTL

Dat weist zumindest datt et solutions de substitution fir eng geséchert an CO2 fräi Energieproduktioun gëtt mat deenen ee kéint an enger raisonnabeler Zäit Klimaschutzziler erreechen.

Dat weist och en dréngende Bedarf fir eng Revisioun vum Lëtzebuerger Klimaschutzgesetz dat ineffizient Instrumenter ausdrécklech fërdert, an dat Innovatiounen bei der genannter Alternativ, bei där esouguer déi véiert Generatioun haut schonn a China Realitéit ass, ausdrécklech diskriminéiert.

Wéi kann et sinn datt ee bei all dëse Gesetzestexter den Androck net lassgëtt, datt hei eng Industriepolitik (vun där Lëtzebuerg net vill huet) iwwer de Natur- a Landschaftsschutz an esouguer iwwer de Klimaschutz gestallt gëtt ?

Déi kontraproduktiv politesch Approche bei de Gesetzestexter wat de Natur- a Landschaftsschutz ubelaangt gëtt op e Neits duerch déi aktuell „Nobesserung" vum Naturschutzgesetz bestätegt, konform zu ëffentlechen Aussoe vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, wou postuléiert gëtt datt „Wandanlagen elo zum Landschaftsbild gehéieren".

Op där enger Säit passen also déi vum PSP Text explizitt viséiert an diskriminéiert urban a linear Strukturen (d.h. Dierfer a Stroossen, déi et als prägend Landschaftselementer elo scho säit Mënschegedenke gëtt) a priori net méi an e nohaltegt Landschaftsbild, mä anerersäits wiere vertikal Industriestrukturen, déi iwwer 200m héich sinn an déi et eréischt an där Form säit e puer Jore gëtt, elo scho partie intégrante vun engem natierleche Landschaftsbild.

Et gëtt also eng zimmlech subjektiv Ausleeung, wat zu engem Landschaftsbild gehéiert a wat net.

Ass et akzeptabel datt e legale Kader e subjektiven Charakter huet ? Huet d'Ëmsetzung vun dëser dogmatescher an aus technescher a wirtschaftlecher Siicht irrationaler Energiepolitik net éischter eppes vun engem legislativen a prozedurale Rouleau compresseur ewéi vun enger gesonder Rechtsstaatlechkeet ?

Wouhin dës ideologesch an innovatiounsfeindlech Approche hiféiert gesäit een elo um ofschreckende Bild déisäits der Musel. No iwwer 20 Joer exzessiver „Energiewend" mat wéineg Rücksicht op den Aarteschutz, mat villfach zerstéierte Landschaften, mat engem ëmmer méi héije Blackout-Risiko, mat europawäit den héchste Stroumkäschten, mat enger katastrophaler Klimabilanz an dem offizielle Constat vun der neier Regierungsequipe dass ee klimatechnesch nach ëmmer net iwwer d'Starting-Blocken eraus ass, gëtt et an der däitscher Energiepolitik trotzdeem ëmmer just dat selwecht Rezept : nach méi maache vun deem wat net funktionéiert, oder mat de Wierder vum Rita Mae Brown „Insanity is doing the same thing over and over again, but expecting different results".

A wa mer scho bei Zitater sinn, de Reinhold Messner sot : „Alternative Energiegewinnung ist unsinnig, wenn sie genau das zerstört, was sie eigentlich bewahren will : Die Natur."