Wéi ech a mengem Lieserbréif („Erfëllen eis Héichwaasserréservoir’en nach hiren Zweck?“ vum 04.10.2021 op RTL.LU) scho geschriwwen hat, goufen un de Flëss Prüm, Our a Sauer 1955 Stauséi’e als Héichwaasserschutzzonen gebaut.

Awer dass am Juli 2021, Sauer, Prüm an Our, bannen e puer Deeg drastesch géifen klammen, gouf vun allen Meteorologen am Viraus ugekënnegt. Direkt hätten déi Verantwortlech vun den Stauséi’en (Héichwaasserschutzréservoir’en) missen agräifen a reagéieren. Em 0,50 m bis 1 m hätt den Peegel am Viraus kënne gesenkt ginn, fir deene groussen Waassermassen Plaz ze schaaffen a fir dass esou eng Iwwerschwemmung ewéi am Summer 2021 hätt kënne verhënnert ginn. Awer wien wëllt haut nach vun deenen heitegen Responsabelen agestoen, dass esou Feeldécisiounen getraff goufen. Wéisou konnt eng Uertschaft wéi Veianen, direkt ënnerhalb vun der Staumauer esou schnell a schwéier iwwerschwemmt ginn?

Deemools beim Bau vum Rousperter Barrage, war eng Equipe vum Ponts & Chaussées (Cantonnier +- 10 Mann) agesat ginn fir de Stauséi an d’Sauerëmgéigend an der Rei ze halen, wat och gewëssenhaft gemaach gouf, am Respekt vun Natur, Ëmwelt an Déierewelt. No der Héichwaassertragédie vun 1993 ass en Waasserwirtschaftsamt mat engem "Bureau d’Etude" an d’Liewe geruff ginn. Déi Equipe déi laanscht d‘ganz Sauer eng super Aarbecht geleescht hat, gouf dunn vum Ponts & Chaussées iwwer Land, ënner Brécken an Tunnel‘en detachéiert.

Vun do un bis haut ass eise schéine Sauerdall deementspriechend vernoléissegt ginn. Ugeschwemmte Buedem gouf net méi ofgedroen, den Dreck hängt bis haut nach an den Hecken, ëmgekippte Beem leien iwwer Joren am Waasser, wouduerch zousätzlech Staubarrièren entstanen sinn a vill Dreck sech ugesammelt huet. Duerch déi onkontrolléiert Iwwerschwemmungen sinn Onmassen Buedem a Beem erausgerappt ginn, wat erklärt, dass déi Retentiounsbasengen a Gewässer innerhalb kuerzer Zäit nees komplett verschlammt sinn. Dat gëtt haut Renaturéierung vun eise Gewässer an Natura 2000 genannt.

Biotopen bremsen neierdéngs och Héichwaasser of, esou eis Ëmweltministesch op enger Informatiounsversammlung iwwer d’Héichwaasserkatastroph vum 15. Juli 2021 zu Rouspert. Déi Behaaptung, dass eng Klimaverännerung den eigentlechen Haaptverursaacher vun dëser Katastroph wier, ass och dorops zeréck ze féieren, dass déi Haaptverantwortlech vun den genannten  Héichwaasserschutzréservoir’en, a Schutz geholl ginn, a si mat enger schlechter Strategie kënnen weiderfueren. Angeblech wollten se de Bitburger Stauséi am viraus senken, vun Uewen erof goufen se ofgebremst, fir dass d‘Prüm net sollt ze séier klammen, bis dass si duerno keng Kontroll méi iwwer de Stau haten.

Et ass net ze erklären, an och net ze rechtfäerdegen, dass dat verantwortlecht Personal vun allen Héichwaasserschutzreservoir‘en bei esou engen extremen Wiederverschlechterungen, net eng manuell Reegelung duerften virhuelen. Esou war ënnerhalb kuerzer Zäit an ouni eng Virwarnung op ee Schlag villen Leiden hier Existenz vernicht ginn. Fir esou Précautiounen ze huelen, ass eng gewëssen Experienz gefuerdert, mat Récksiicht op déi vill betraffen Uertschaften ënnerhalb vun de Stauséien (Bitburg, Esch-Sauer, Rouspert an och den Ënnerstauséi vu Veianen). Eleng duerch esou Interventiounen hätt eis Natur kee weidere Schued erlidden, éischter wär et de Géigendeel, andeems vill Waasser am Viraus hätt kënnen evakuéiert ginn.

Wéi wier et wann eisen Ëmweltministère mat der "Gestion des Eaux" un all déi Verantwortlech vun deenen genannten Stauséi’en géift eruntriede fir zesummen eng besser a richteg viraussiichtlech Gestioun vun allen Héichwaasserréservoir’en ze suergen. Déi gréisser Iwwerschwemmungen vun 1993 bis 2021 sinn e klore Beweis, dass sämtlech Héichwaasserréservoir’en ausser Kontroll gerode waren. De Rousperter Barrage konnt sech iwwer déi lescht Joerzéngten nach just zu engem Bullisréservoir entwéckelen. Déi vill betraffen Affer einfach domat ze tréischten, dass si an Zukunft nach méi mat esou Iwwerschwemmungen missten rechnen, war bei deenen zoustännegen Instanzen ongehéierlech verantwortungslos.

Och wann d’Iwwerschwemmungen vum Juli 2021 elo eng Rei Méint zeréckleien, sëtzen de Schued a Misär vun deene betraffenen Uertschaften, nach ëmmer déif an de Maueren a Gedächtnisser. Een immensen irreparabele Schued, deen nach laang a finanziell an Erënnerung wäert bleiwen.

René Hauer
Steenem