Duerch e rezent Gesetz, dat eestëmmeg vum russesche Parlament ugeholl ginn ass, gëllen d’Wierder „Krich“ an „Invasioun“ a Russland als „falsch Informatioun“. Wann een déi Wierder an der Ëffentlechkeet benotzt, dann „diskreditéiert“ een d’russesch Arméi a riskéiert bis zu 15 Joer Prisong. An der offizieller Staatspropaganda ass di russesch Arméi an der Ukrain an enger „militärescher Spezialoperatioun“ engagéiert, fir d’Ukrain ze „demilitariséieren“, ze „denazifizéieren“, a fir di russesch-sproocheg Ukrainer virun engem „Genozid“ ze protegéieren. An anere Wierder, d'russesch Arméi ass an der Ukrain op enger "humanitärer Friddensmissioun", esou wéi si dat scho beispillsweis an Tschetschenien, a Georgien an a Syrien war. D'Resultater hu mer gesinn a mir gesinn se elo.

Des falsch Informatioune ginn der russescher Bevëlkerung vu Moies bis Owes agedrummt an hiren Haass op eis, op de Westen, am Stonnentakt mat ëmmer neie Ligen alimentéiert.

Gräife mer hei emol just d’Missioun vun der sou genannter "Denazifizéierung" eraus. Et maag duerchaus stëmmen, dass an der Ukrain kleng Gruppen existéieren, déi sech un der Nazi-Ideologie inspiréieren, och kleng militant Gruppen. Dat gëtt et leider a ville Länner, besonnesch an den USA, esouguer an Däitschland, an de skandinavesche Länner, an och a Russland.

Een dee sech mam Nationalsozialismus e bëssen auskennt, weess, dass an dëser rassistescher Ideologie, ugestrieft ginn ass, fir di sou genannt „aresch Rass“ (Arier) zur Härerass ze etabléieren, déi sollt 1000 Joer laang iwwer all di aner angeblech „mannerwäerteg“ mënschlech Rassen herrschen. [Haut ass an der Wëssenschaft gewosst, dass et keng mënschlech Rasse gëtt, mä just eng eenzeg mënschlech Aart (Espèce), déi Homo sapiens genannt gëtt].

An der Nazi-Ideologie ass de „Judd“ als Äerzfeind duergestallt ginn, als e parasitären „Untermensch“, deen et gegollten huet aus dem "aresche Vollekskierper" erauszehuelen a schliisslech ze vernichten. Fir d'Nazie war et net virstellbar, dass an enger arescher Gesellschaft hätte kënne Judde liewen. „Den gewaltigsten Gegensatz zum Arier bildet der Jude“, hat den Hitler a senger Haassschrëft „Mein Kampf“ geschriwwen.

Wéi ass et also méiglech, dass (am Putin-Sproochgebrauch) eng „nazifizéiert“ Gesellschaft (d’Ukrain) e Mann vu jüddescher Origine, en Nokomme vun engem Holocaust-Iwwerliewenden, zum President gewielt huet, dass an dem Land bis zur Invasioun ca. 140.000 Judde gelieft hunn an dass beispillsweis aktuell d’Judde vun Odessa masseweis flüchten, anstatt op hir „Befreier“ ze waarden?

A wann een da bedenkt, dass verschidden Ex-Covid-Schwurbler hei zu Lëtzebuerg elo eng nei Vocatioun doran entdeckt hunn, fir dës russesch Staatspropaganda als "alternativ" Fakten ze verbreeden!

Mil Lorang