Russeche Gas ass schlecht. En ass bluddeg a mënscheveruechtend. Et ass eng Schan dass mir elo net dorobber verzichte kënnen. Mee eis global Ofhängegkeete verhënneren dass mir elo an der aktueller Situatioun méi konsequent, méi ugepasst reagéiere kéinten…an de russësche Gas einfach ofstellen. Et ass schrecklech wéi d’Vollék an der Ukraine just e Spillball vu geopolitëschem Intérêt ass. De Putin ass verréckt soen déi eng, déi aner soen dat och, mee e wier intelligent. Och den Hitler war intelligent…a verréckt. Intelligenz schéngt also keng Garantie ze sinn dass ëmmer eppes Gescheites dobäi erauskënnt.

Kee russësche Gas heescht dann wuel méi amerikanësche Gas. Méi Fracking-Gas. Mee ass dee Gas da besser wéi dee russëschen? Ass deen amerikanësche Gas manner schlecht, manner bluddeg a manner mënscheveruechtend?

Dee brittëschen „Supreme Court“ huet ganz aktuell refuséiert de Fall « Julian Assange » ze verhandelen. Den Julian Assange ass Grënner vu WikiLeaks, enger Plattform déi nawell onbequem Wourechten public mécht a gemaach huet. Sou wéi 2010 wou ee Video weist wéi amerikanesch Zaldoten onschëlleg Zivilisten erschéissen (collateral murder – youtube), dorënner 2 Reuters-Journalisten a souguer Kanner. Ee klore Fall vu Krichsverbriechen. Zënter dëser Publikatioun ass den Assange op der Flucht. Net virun den amerikaneschen Zaldoten déi, sou misst ee jo unhuelen, riskéieren an de Prisong ze kommen…nee, hien ass op der Flucht virum Staat. „Geheimnissverrat“ heescht d’Uklo.

De Nils Melzer ass UN-Sonderberichterstatter für Folter. Am Fall Assange agéiert de Westen an engem „rechtsfräie Raum“ seet hien däitlech. „They are literally killig him“. „Vor unseren Augen kreiert sich ein mörderisches System“. "Das Problem ist nicht, dass wir Menschen die Wahrheit nicht kennen. Das Problem ist, dass wir den Mächtigen wider besseres Wissen erlauben, Recht und Gerechtigkeit zu missachten“. „Es geht darum ein Exempel zu statuieren“. De Nils Melzer huet ee Buch geschriwwen an ass permanent an der Öffentlechkeet well hien, obwuel hien UN-Sonderberichterstatter ass, „im System nicht weiterkomme“!!

Lëtzebuerg sëtzt zënter dem 1. Januar 2022 fir 3 Joer zu Genève am UN-Mënscherechtsrot…an zur gläicher Zäit stelle mir zu Dubai op der Weltausstellung aus. Ass dat heuchlereschen Zynismus oder scho Sarkasmus? Dass den Assange riskéiert am Prisong ze stierwen ass de Choix vun den USA…an och vun alle westleche Länner, inklusive Lëtzebuerg. Et geet eis nit ëm Mënschrechter! Et geet em Geopolitik. An do wou et passt, hale mer de Bak. An do wou et nit passt, braddele mir iergendeppes iwwer Mënschrechter.

Déi Solidaritéit fir ukrainesch Flüchtlingen innerhalb vun Europa ass groussarteg, an hoffentlech hällt se un. Déi Mënschen hun eis Hëllef batter néideg. Si kënne net fir déi russësch Invasioun.

Mee hunn déi Flüchtlingen, déi Amerika an de „gudde“ Westen ze veräntwerten hunn, da manner Urecht op eis Hëllef? Firwat sinn all déi Mënschen aus Syrien, Afghanistan, Libyen, Irak, Pakistan, Mali, Burkina Faso, Niger, Jemen, manner wëllkomm? Sinn dat noutwendeg Flüchtlingen? Notwendeg Kollateralschied fir dat „Gudd“ ze installéieren? Fir Demokratie a Mënscherechter ze installéieren? Bei esou vill westlechem Demokratieverständnis, bei esou vill westleche Werter gëtt mir schlecht!

Et stéiert offensichtlech kaum nach een dass eis Kleeder am Bangladesh esou hiergestallt ginn, wéi se eben hirgestallt ginn. Dass knapp 1 Milliard Mënschen Honger leider obwuel mir 2 mol esouvill produzéieren wéi iwwerhaapt néideg. Dass Liewesmëttel op der Bourse gehandelt ginn. Wéi kann et sinn dass mir am 21te Joerhonnert bei der Transitioun op Elektromobilitéit nach ëmmer op kolonialistesch Methoden zréckgräifen. Och dëse Paradigmewiessel an der Mobilitéit geet op Käschte vum globale Süden (Kobalt aus dem Kongo). Firwat stéiert dat keen? Mir halen olympesch Wanterspiller op Konschtschnéi of. Mir spillen d’Fussball-WM a klimatiséierte Stadien….am Katar. Eleng bei der Lufthansa starten 18.000 sougenannte „Leerflüge“ fir Start- a Landerechter ze behalen. Et geet offensichtlech net ëm Ëmweltschutz oder Mënschrechter oder Recht a Gerechtegkeet. Et geet just drëms een total absurde System „auf Teufel komm raus“ um Liewen ze erhalen. Reegeléisseg gi Plooschtere verdeelt mee de System duerf net a Fro gestallt ginn. Elo refuséiere mir einfach all russësche Sportler, all Muséker a Filmemmacher. All russësche Geschäftsmann ass elo béis, all Bank op eemol Staatsfeind. Wat si mir awer aremséileg Heuchler…

Dass all dës Schwéngereien (a nach vill anerer) net all Dag an de Medien optauchen weist, dass de System amgaangen ass ze gewannen. Kritesch Stëmme gi monddoud gemaach. Ween eng Ännerung wëll gëtt als radikal ofgestempelt. Alles wat aus der Rei danzt riskéiert séng Fräiheeten an ass een Idiot.

An d’Politik ass inexistent. An der Chamber sëtze just nach Parteivertrieder déi 31 zu 29 mam Kapp wénken. Entweder vun uewe no ënnen oder vu lénks no riets. Volléksvertriedung muss eppes aneschtes sinn! An dobäi sinn ech iwwerzeegt dass de Gros vun eise Politiker mat fantastëschen Ambitiounen untrieden…mee de System déi Energie, déi Motivatioun, dat Talent, déi Integritéit opfrësst. Parteizaldoten. Keng Iwwerzeegunge méi. An der doter Form ass d’Chamber obsolet.

Mir brauche wesentlech méi wéi just Wahlen wou mir déi eng géint déi aner austauschen. Mir brauchen ee Wiessel vum System. Deen hei ass et net méi derwäert!