Eng Tripartite gëtt aberuff, fir grouss Problemer vum Land probéieren zesummen, Regierung, Patronat a Gewerkschaften, ze léisen, dëst am Interesse vum Land, de Bierger an de Betriber. Wéi sou erstaunt et mech net, dass et meeschtendeels Problemer ginn, wann et net d’Patronat ass, da sinn et d’Gewerkschaften oder an dësem Fall eng Gewerkschaft.

Den Index, een zanter Joerzéngten hëtzegt Thema! Ass den Index net ongerecht duerch seng Upassung a Prozenter un d’Präisdeierecht vun de Paien a Pensiounen? Ass et net esou, dass z.B. Brout d’selwecht deier gëtt fir een deen EUR 8.000,00 de Mount verdéngt oder een deen EUR 4.000,00 de Mount verdéngt? Just deen, deen EUR 8.000,00 verdéngt kritt EUR 200,00 bei an deen, deen EUR 4.000,00 verdéngt kritt EUR 100,00 duerch den Index bei. Eng Gerecht Upassung?

An dann soll nach ee soen dass duerch den Index, wéi en haut gerechent gëtt, d’Forschette vun de Paien net géing auserneen goen! Ass dat dee richtegen Wee fir eng gerecht Präisdeierecht auszegläichen?

Ech sinn erstaunt dass d’Gewerkschaften vun enger Index Manipulatioun mat festem Betrag fir jiddereen anstatt Prozenter näischt wëllen héieren. Ass et net esou dass bei engem festen Betrag z.B EUR 150,00 dann hier Presidenten an héich bezuelten Memberen esou wéi d’Politiker, d’Patronat an anerer vill géingen verléieren? Ass et net esou, dass d’Patronat, d’Vertrieder vun der UEL, asw keen Index brauchen fir sech hier Paien ze erhéijen a sécherlech méi wéi z.B EUR 150,00 bei enger Index Upassung bei kréien?

Ass net grad dat de Problem? Keng Index Manipulatioun well de Grouss Verdénger zevill géing verléieren? Geet et iwwerhaapt em d’Saach, den Ausgläich vun der Präisdeierecht an d’Erhale vun der Kafkraaft? Wien Schued dann am Endeffekt dem Betrib, der Kompetitivitéit, bei dem aktuellen Index méi, den Direkter oder dee klengen Aarbechter? Duerch wiem seng Augmentatioun gëtt d’Produktioun an de Verkaf vill méi deier?

Soll net grad d’verréckelen vun enger Indextranche de Betriber hëllefen d’Aarbechtsplazen ofsécheren? Misst dat nët am Interesse vun all schafende Mënsch sinn, deen d’Chance huet nach eng Aarbecht ze hunn a verhënnert dat nët eventuell eng méi schnell weider Präisdeierecht?

Ass et net un der Zäit, dass d’Spëtzt vum OGBL hier Presidentin nees op de Buedem vun der Realitéit zeréck hellt a sech endlech enger gerechter Upassung vun dem Index un d’Präisdeierecht unhëlt, dëst am Interesse vun de Betriber, vum schafende Vollek a nët am Interesse vun de Grouss Verdénger?