Klinicken - Dokteren - IRM _ Reanimatioun - Mammographie

Gleeft een eise Politiker, dann hu mir eng ganz gutt Gesondheet’s-Versuergung zu Lëtzebuerg.

Abee jo! Net genuch Dokteren, net genuch Better an de Kliniken, net genuch IRM-Apparater, net genuch Reanimatioun’s-Apparater, Problemer an den Urgencen, zoumaache vun der Gebuerte-Statioun zu Ettelbréck, « Anerer an Gefor an oder iwwerlaascht », an elo och nach, net genuch Mammographie Apparater! Wat kënnt als nächst? Laang Waardezäiten sinn d’Folgen dovun. Bravo un Regierung an Deputéiert. Alles am Grëff?!

Si net schonn ënnert der CSV-LSAP Regierungen 2004, ënnert dem fréiere Premier Jean-Claude Juncker an dem fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo, Better an de Kliniken ofgebaut ginn fir lues a lues d’Urgencen an der Stad nach just op den CHL Stroossen an d’Hôpitaux Schunan um Kierchbierg ze ënnerstëtzen an esou Fusiounen provozéiert ginn, oder soll ech soen motivéiert ginn? Ass Esch nët och esou ee Beispill zesumme mat Nidderkuer an Ettelbréck mat Wolz?

Huet de fréiere Premier Juncker 2004, an déi Joren duerno, net ëmmer gesot, dass Lëtzebuerg weider géing wuessen? Kann een dann esou een  Ofbau als Wäitsiicht gesinn? War ënnert esou Konditiounen, ënnert där Wäitsiicht, een Ofbau iwwerhaapt verantwortlech an ze toleréieren gewiescht?

A wéi wäit huet d’Europaparlament hei d’Fangeren mat am Spill? Huet z.B Frankräich an Däitschland, an aner europäesch Länner net déi selwecht Problemer ewéi Lëtzebuerg? Sollt effektiv hei d’Europaparlament blockéieren a blockéiert hunn, muss da net d’Europaparlament, Deputéiert a Beamten heifir Responsabel gemaach ginn, kënne mir, Lëtzebuerg, eis esou Décisiounen leeschten an déi 6 Europadeputéiert hei ganz roueg nokucken loossen?

Wou ass, a war, d’Formatioun vun Dokteren an Infirmerien fir Lëtzebuerg, d’Grouss Regioun, an déi Europäesch Länner no 2004?

Wann ech dat richteg verstan hunn, da soll méi Ambulant gemaach ginn. Wou ass dann déi Hëllef déi deem Betraffen soll 24 Stonnen zur Säit stoen? Kann de Mënsch z.B op Kommando op d’Toilette goen, oder huet de Mënsch just Duscht wann een vun deenen Hëllefsorganisatiounen bei him doheem ass? Komme mir, oder si mir hei schonn an enger 2 Klasse Behandlung, Versuergung? Wéi ass et Nuets? Hunn oder kréien hei Politiker, d’Patronat, déi héich Gewerkschaftler an hier Familljememberen déi selwecht Fleeg a Behandlung ewéi d’Fouss Vollek oder sinn dat d’Ausnamen fir déi ëmmer ee Bett an der Klinik fräi ass, wann déi ee Fuerz kromm hunn oder kënnt do een op Kommando Heem?

Hu mir net schonn zanter Jorzéngten net genuch IRM Apparaten an eise Kliniken? Ass dat keen Skandal? Waardezäiten vun 4-6 Méint a méi si keng Ausnam! Alles am Botter?

Hu mir net grad während dem Covid 2020-2021 festgestallt wat hei zu Lëtzebuerg alles am Gesondheet’s-System feelt? Wat ass verbessert ginn, wat ass kuerzfristeg virgesinn? Wat gëtt laangfristeg verbessert? Ech fäerte näischt oder net ganz vill!

Wien blockéiert ënnert anerem weider IRM-Apparaten an de Kliniken, Reanimatioun’s-Apparater Mammographie-Apparater an zousätzlecht Personal, asw? Ass et een Budget’s-Problem oder een Problem wien, wat fir ee Ministère, wat akkordéieren soll, oder wat fir een Ministère bezuelen  misst?

Jo, d’Gesondheetsministesch an den Sozialversécherung’s-Minister schénge mir hei d’Responsabilitéit missten ze iwwerhuelen! Sollen déi Ministeren dann elo demissionéieren, esou wéi am Sport, wann d’Équipe Mätscher verléiert, muss den Trainer goen? Sinn d’Ministesch an de Minister hei net och, zum Deel, Opfer, déi Ofhängeg sinn vun de Rotschléi , Virschléi, a virun allem dem Ëmsetzen vun Décisiounen vun hiren héijen Bekannten , déi Sie berode « sollen » a virun allem, verantwortlech fir d’Ëmsetze vun Décisiounen a Gesetzer sinn? Wär et net besser dës Leit, déi héich Beamten ze ersetzen? Hei duerf een keng Angscht virun der CGFP Gewerkschaft hunn, déi jo sécherlech hannert hiren héich bezuelten Membere steet, selwer  misst feststellen dass hei net alles leeft wéi et soll, a wou d’Vollek, d’Gesellschaft, feststellt, dass näischt geschitt, et net besser gëtt, vill Problemer do sinn. Ass d‘CGFP, ee Staat am Staat?

Ass et net och un der Chamber ze soen wou et hi geet? Wär et net héich Zäit, dass, ënnert anerem honorabel Deputéiert déi, nach haut an der Chamber setzen , déi Schold un dësen feel Décisiounen, dëse Problemer sinn, zur Verantwortung géinge gezu ginn a fir dëse Manktem, dës Problemer, Problemer déi duerch hier falsch Décisiounen geholl gi sinn zum Récktrëtt an der Chamber motivéiert géingen ?

Brauche mir net méi Jonk Politiker a Politikerinnen an der Chamber, an der Regierung? Nei Iddien, nei Methoden, eng nei jugendlech Wäitsiicht mat hire Problemer vun Haut, der Zukunft, an de Léisungen an hir Virschléi, fir a vun der Jugend fir Muer? Ech perséinlech gleewen an hu ganz vill Vertrauen an Zouversiicht an eis Jugend!

Gehéiert een am Privatsecteur mat 55 Joer net zum alen Eisen, erlieft een an der Politik mat 55 Joer net säin 2. Fréijoer? Majo dann! Hunn des Jugend Politiker vun der Amiperas Section an der Politik, net laang genuch, Jorzéngten, do Vegetéiert an hire Polver scho laang verschoss, a wat ass d’Resultat? Wat soll dann do nach vill neies kommen? Ass et net Zäit fir e Wiessel, neit jonkt Blutt an der Politik?

Gehéiert d’Gesondheet net an d’Hand vum Staat a net a privat kapitalistesch Hänn? Ënnersichungen, Analysen,. IRM. Mammographie Fleeg, asw, mussen dem Staat ënnerstoen, reglementéiert sinn a rembourséiert ginn no Tariffer déi de Staat festleet a net deen eenzelnen Dokter eleng. Hu mir net elo scho genuch Agrëff wou de Patient vill Geld muss bäi leeën?

An der Hoffnung op eng schnell a gutt Léisungen.