D’Affaire rondërem d’Ex-Ëmweltministesch an hier Suiten weise ganz kloer ee vun de grousse Problemer vun der Lëtzebuerger Politik.

Sech berode loossen, a sech vun deene richtege Leit – wierklechen Experten – berode loossen, amplaatz sech komplett « beratungsresistent » ze weisen.

Wann d’Chamber oder d’Regierung sech an dësem Fall direkt un dee gréisste Lëtzebuerger Expert fir Verfaassungsrecht, de Professer Luc Heuschling, gewannt hätten, hätte se sech an och dem Land déi pénibel Situatioun erspuere kéinten, an där se lo sëtzen an déi e ganz schlecht Bild vun eisem Land ofgëtt.

Dat selwescht kann een och feststellen bei där neier Constitutioun, un där d’Politik säit 2009 schafft.

Hei 4 konkret Beispiller, un deenen ee gesäit, wat d’Resultat ass, wann ee sech net vun Experten berode léisst oder net op se lauschtert:

-         D’Fro, ob international Verträg (wéi z.B. d’europäesch Mënschrechtsconventioun) iwwert eiser Constitutioun stinn oder ëmgedréint, ass an där aktueller Constitutioun net gereegelt. Säit ville Joerzéngten hunn eis Riichteren – also keng vum Vollek gewielte Persounen – dës Fro misste klären, fir Recht spriechen ze kënnen. De Problem ass bekannt an ass scho méi wéi eng Kéier un eis Politiker erugedroe ginn. An dach hu si et fäerdeg bruecht, fir dës absolut kruzial Fro an där neier Verfaassung net ze klären, sou dass och weiderhinn dat Ganzt dovunner ofhänkt, wat eis Riichteren décidéieren. Wann déi muer hier Meenung änneren, kann déi nei Constitutioun si net dovunner ofhalen. Schon 1956 gouf an 2 verschiddene Projeten proposéiert, dës Fro an der Constitutioun ze klären; och no 2022 ass déi Fro do nach ëmmer net geléist a muss weiderhinn vun net gewielte Leit « nach bestem Wissen und Gewissen » entscheed ginn.

-          An där aktueller Constitutioun ass d’Existenz vun der Cour administrative (der Appell-Instanz am Verwaltungsrecht) am Text vun der Constitutioun selwer verankert (art. 95 bis).[1] Dat ass e staarke Schutz vun der Existenz vun dësem wichtege Geriicht, dat regelméisseg Décisiounen vum Staat oder vu Gemengen annuléiert an domat d’Politik « nervt » (z.B. huet d’Cour administrative 2021 den Premier Minister Xavier Bettel forcéiert, dem Deputéierten Sven Clement Accès zur Conventioun tëscht dem Staat an RTL Group ze ginn, fir dass hien als Oppositiounspolitiker kontrolléiere kann, ob den Här Bettel an d’Regierung hier Pflichten respektéieren[2]). An deem neien Text vun der Constitutioun, dee schon den 1. Vote an der Chamber passéiert huet an dohier och schon de Feu vert vu sou Kontrollgremie wéi dem Staatsrot krut, ass d’Cour administrative am Artikel zu de Verwaltungsgeriichter net méi explizit erwähnt,[3] sou dass hier Existenz net méi direkt an deem Passage vun der neier Constitutioun verankert si wäert. Resultat: an Zukunft kéint eng einfach 31-29 Majoritéit an der Chamber duergoen, fir d’Cour administrative ofzeschafen, wann een den neien Artikel 95 (5) zur Compositioun vun der Cour constitutionnelle (wou vum President vun enger Cour administrative rieds geet) net als « Rettungsreef » hëllt. Formuléirungsméisseg ass dat mindestens « héchst onglécklech » a weist, wéi eng Qualitéit vun « Experten » hei um Wierk waren.

-          An där aktueller Constitutioun (art. 11 (1)) sinn d’ « droits naturels de la personne humaine » verankert. An enger rezenter Affaire virun der Cour administrative (!) wollt eng pensionnéiert Bauerefra, déi gesondheetlech Problemer hat, hiert Haus, dat mëttlerweil an enger Gréngzon luch, behënnertegerecht ëmbauen. Den Ëmweltministère huet d’Gesetz iwwert d’Gréngzonen strikt applizéiert an där Dame den behënnertegerechten Ëmbau refuséiert (mam Argument, si hätt an der Pensioun keng « activité agricole » méi…). Resultat: déi Dame hätt de Schluss vun hierem Liewen net méi an hierem Haus verbrénge kéinten wéinst deem Refus. Dat huet d’Cour administrative op Basis vun deem aktuellen Verfaassungsartikel zu den « droits naturels de la personne humaine » verhënnert an dem Ëmweltministère säi Refus opgehuewen, fir dass déi Dame hieren Liewensowend an hierem Doheem verbrénge kéint.[4] An där neier Constitutioun ass dee Passage zu den « droits naturels de la personne humaine » einfach gestrach, sou dass d’Cour administrative an enger identescher Affaire an Zukunft déi « droits naturels de la personne humaine » net méi mobiliséiere kann, fir eng schockéirend Fehldécisioun vun engem Ministère opzehiewen. D’konsultativ Mënscherechtskommissioun, an där och en Droit-Professer sëtzt, schreift an hierem Avis un d’Chamber dozou: « la jurisprudence luxembourgeoise, notamment celle de la Cour administrative, a pu utiliser cette notion de droits naturels insérée dans la Constitution luxembourgeoise pour trouver un fondement juridique pour la protection accrue des droits des administrés. Or, le constituant [vereinfacht gesot: d’Parlament] efface toute référence aux droits naturels, qu’il remplace par des catégories étrangères à la tradition juridique luxembourgeoise ».[5]

-          Mir zwee haten den 3. Juni 2021 d’Parlament an d’Regierung an engem oppene Bréif drop higewisen,[6] dass e Passage aus der aktueller Versioun vum Art. 52 vun der Constitutioun, deen op 1848 zréckgeet, deene Lëtzebuerger, déi sech eng Wunnéng hei am Land net méi leeschte kënnen, ee vun hiere wichtegste politesche Rechter ewechhëlt: d’Recht, als gewielten Deputéierten an der Chamber ze sëtzen. Well dat wéinst dem Logementsproblem Bierger 1. Klass (voll politesch Rechter) an Bierger 2. Klass (kee Recht, an der Chamber ze sëtzen) krééiert an domat eng skandaléis Diskriminatioun vun finanziell manner gutt gestallte Matbierger duerstellt, hu mir dozou opgeruff, dës veraalten an haut finanziell diskriminatoresch Conditioun an der neier Verfassung ze sträichen. Manner wéi ee Mount no dësem oppene Bréif hunn d’Deputéiert Simone Beissel (DP), Mars Di Bartolomeo (LSAP), Léon Gloden (CSV) a Charles Margue (Déi Gréng) hier Proposition de révision de la Constitution n° 7777 eragereecht, an där si dës diskriminatoresch Conditioun ganz bewosst bäibehalen. De Staatsrot huet dës Discriminatioun net weider kommentéiert. (Ass se ëm iwwerthaapt opgefall?) An engem Bréif un déi 4 Deputéiert am Dezember 2021 hu mir nach eng Kéier op dëse Skandal higewisen. Dëse Bréif ass bis haut ouni Reaktioun bliwwen. Dobäi hätte souwuel d’Chamber wéi och de Staatsrot dee Problem a senger haarsträubender Gravitéit missten erkennen: de Professer Heuschling hat se schon op dee selweschten wonne Punkt am neie Gesetz iwwert de Staatsrot vun 2017 higewisen,[7] wou d’Parlament eng Residenzpflicht als Conditioun agefouert huet, fir dass eng Persoun Member vum Staatsrot ka ginn. Och deemols huet d’Parlament net op en Expert gelauschtert an bewosst en Text gestëmmt, deen d’Egalité devant la loi de tous les Luxembourgeois violéiert, déi vun der Constitutioun geschützt ass (art. 10 bis (1)).

Schon an engem Interview 2018 huet de Professer Heuschling betount, dass d’Commissioun vum Parlament, déi un der Verfaassungsreform schafft, ganz bewosst décidéiert huet, fir keng Expertise vu baussen anzehuelen, an dat, obwuel an eiser Politik quasi keng Leit méi sinn, déi sech sérieux mat Verfaassungsrecht auskennen. Un deem Text ass vun 2009 bis 2013 hannert zouënen Diere geschafft ginn, an et si keng Experten vun der Universitéit agebonne ginn. [8]

D’Parlament léisst sech bei der Constitutioun – bei all Land deem wichtegsten nationalen juristeschen Text – net vun héich unerkannten Experten beroden, a vun deenen uewe genannte 4 Deputéierten, déi déi 4 Kapitelen vun der Verfaassungsreform déposéiert hunn, sinn d’Halschent net emol Jurist an dohier par définition keng unerkannten Experten fir Verfaassungsrecht.

Wa Lëtzebuerg schon déi grouss Chance huet, fir international unerkannten Experten fir Verfaassungsrecht ze hunn, da soll eis Politik sech vu sou Leit endlech ganz enk berode loossen, ier d’Kand (alt nees) am Pëtz läit an « allgemeine Ratlosigkeit » doriwwer herrscht, wat dann elo passéiere soll / kann / dierf / muss.

Esou kéinten eis Politiker évitéieren, fir eng nei Constitutioun ze fabrizéieren, déi se enges Daags selwer als « dem 21. Joerhonnert net méi würdeg »[9] bezeechne kéinten – fir d’Vize-Premierministesch Paulette Lenert zum Récktrëtt vun der Ex-Ëmweltministesch ze zitéieren.


[1] Art. 95 bis (1) (actuel) : « Le contentieux administratif est du ressort du tribunal administratif et de la Cour administrative. Ces juridictions connaissent du contentieux fiscal dans les cas et sous les conditions à déterminer par la loi. »

[2] https://ja.public.lu/40001-45000/44997C.pdf

[3] Art. 84 ter (nouveau) : « Le contentieux administratif et fiscal est du ressort des juridictions de l’ordre administratif, dans les cas et sous les conditions déterminés par la loi. »

[4] https://ja.public.lu/40001-45000/43470CA.pdf

[5] https://www.chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=CF849829F15843753475E93F95A925EE65F20ECA18678B1CD2CABB3984AD20F4A4109444B73DF6EF83CC7A5BCEF8CD8C$C5A142495432F0123165845DB9B8DA09, S. 9.

[6] https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1731127.html

[7] https://www.land.lu/page/article/639/332639/FRE/index.html

[8] https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1192996.html (ab ca. 7’00)

[9] https://www.rtl.lu/news/national/a/1902405.html