Gëtt et de Corona net méi hei zu Lëtzebuerg ? Et schéngt emol esou ! Déi lescht verbleiwend Brems-Moossnam ass ofgeschaaft ginn ! Dat ka jo net sinn well d’Zuel vun den Neiinfektiounen vun Dag zu Dag klëmmt? D’Maskeflicht am Bus, Zuch an Tram ass opgehuewe ginn. D’Pandemie gëtt et ëmmer nach, den Omicron iwwerdréit sech nach ëmmer ganz séier an ass guer net bei jidderengem esou harmlos wéi dat ëmmer virgegaukelt gëtt!?

Ass dat nach zum Schluss ee BONUS fir déi „VULNERABEL“, déi op de Bus ugewise sinn fir bei een Dokter ze fueren??

Nujé, déi kréie jo awer recommandéiert, eng FFP2-Mask unzedoen ; wéi gnädeg? Oder kënnt et net erëm drop eraus, fir ze soen: déi sollen „Doheem“ bleiwen?