Lëtzebuerg huet sech ambitiéis Ziler ginn fir vu fossillen Energien ewech ze kommen. Mä wéi brénge mer et fäerdeg, fir dës ambitiéis Ziler ze erreechen ?

Den 10. Juni gouf et heirop eng Rei Äntwerten an engem RTL Reportage mat der Vereenegung Eurosolar, déi den Ausbau vu regenerativen Energien promouvéiert.

Dës Vereenegung viséiert eng klimaneutral Energieversuergung bis d’Joer 2030. Déi gutt Nouvelle :  all technesch Léisungen fir dat ze erreechen, sinn no hiren Aussoen haut schonn do. D’Approche vun dëser Vereenegung huet de grousse Meritt, dass se versicht konkret Zuelen op e Narrativ ze setzen an op dës Aart a Weis d’Energietransitioun méi gräifbar mécht. Wéilt een d’regenerativ Energien zum Beispill komplett op eisem eegenen Territoire produzéieren, da misste no hire Berechnungen nieft anere Moossnamen ronn 35 Wandanlagen pro Joer zu Lëtzebuerg opgeriicht ginn. Par rapport zum aktuellen Ausbau wier dat jo nawell vill, mä wann een domadder a grad emol 8 Joer kéint klimaneutral sinn, da wier dat jo absolut phenomenal.

Besonnesch wann ee bedenkt wou mer haut stinn. De gesamten Energieverbrauch läit 2019 nom Statec bei ronn 52 Terawattstonnen (TWh) d’Joer. D’Wandenergie liwwert no aktuellen Zuelen vum ILR 0,35 TWh an d’Fotovoltaik 0,16 TWh pro Joer. Dat sinn also Undeeler vun 6,8 Promill respektiv 3,1 Promill um gesamten Energieverbrauch, dee bis 2030 soll komplett dekarboniséiert sinn.

Zenarien mat 100% regenerativen Energien baséieren op bestëmmten Aarbechtshypotheesen, déi natierlech eng gewësse Warscheinlechkeet hunn datt se zukünfteg antrieden oder och net. Do ass et ëmmer interessant fir ze gesinn wéi z.B. folgend véier Aspekter behandelt ginn :

Wéi e gesamten Energieverbrauch gëtt ugesat ?

Wéi vill Energie misst nieft der lokaler Produktioun nach importéiert ginn fir de Bedarf ze decken ?

Op wéi eng Aart a Weis gëtt an de Berechnungen de Schwankungen vu wiederofhängege Stroumquelle Rechnung gedroen ?

Wéi kann een déi noutwendeg Moossnamen technesch a wirtschaftlech um Terrain ëmsetzen ?

Am genannten 100%-Zenario géif d’Energie komplett op eisem Territoire produzéiert ouni Importer (ee vun dräi Zenarien, déi een op der Internetsäit vun dëser Vereenegung fënnt).

Beim Energieverbrauch geet dësen Zenario dofir awer vun engem signifikativen Reduktiounspotenzial aus, fir schlussendlech bei engem gesamte Verbrauch vun 10 TWh ze landen. Dat wier also ronn e Fënneftel vum effektiven aktuellen Energieverbrauch vun 52 TWh. Nieft enger konsequenter Reduktioun vum Tanktourismus, deen zwar och de Verbrauch vu Frontalieren, Touristen oder och nach den Transport am Kader vun eisem Logistikstanduert begräift (deen also deelweis e feste Bestanddeel vun eiser Ekonomie ass), féieren esou spektakulär Verbrauchsreduzéierungen an de Kontext vun engem „Suffizienz-Zenario”. Do muss ee sech just bewosst sinn, datt esou een Zenario iwwer reng Effizienzmoossnamen erausgeet a radikal Ëmstellungen vun eisem gesamte Konsumverhale abegräift.

Am Transport heescht dat z.B. e gréisstméigleche Verzicht op motoriséiert Individualmobilitéit, d’Ënnerhuelen vun Deplacementer a Reesen an engem erweiderte Rayon virrangeg mat ëffentleche Verkéiersmëttel (kee Fliger), verbonne mat enger Reduzéierung vun der Heefegkeet a vun der Distanz vu Reesen. Beim Wunnen heescht et iwwer d‘Energieeffizienz beim Isoléieren, Heizen a Killen eraus och eng signifikativ Reduzéierung vun der Wunnfläch pro Awunner. Beim alldeegleche Konsum heescht et ganz allgemeng eng signifikativ Reduzéierung vum Volume a konkret z.B. eng Ëmstellung vun den Iessgewunnechten op nohalteg regional Produkter (op alle Fall kee Fleesch méi).

Fir des Ëmstellungen vum Konsum systematesch ëmzesetzen, geet et wuel kaum ouni Verbueter. Ech si mer awer net sécher, ob dat op eng breet Akzeptanz wäert stoussen.

Esou eng radikal Reduzéierung vum Konsum op just nach e klenge Brochdeel vun haut geet natierlech Hand an Hand mat enger Reduzéierung vun der wirtschaftlecher Aktivitéit, déi och an enger digitaliséierter Welt ëmmer nach u physesch Fluxen gebonnen ass. Eise soziale System ass awer net kompatibel mat enger systematescher Kontraktioun vun der Wirtschaft. Och hei sinn ech mer net ganz sécher, ob déi postuléiert Aarbechtshypothees op eng breet Akzeptanz stéisst.

Am berechenten Zenario geet d‘Vereenegung dovun aus, datt Wand- a Solarenergie d’Haaptsaile vun der Energietransitioun wäerte sinn, mat respektiven Undeeler vu 40% a 50%, well notamment d’ëmweltverdréiglech Notzung vun der Biomass relativ limitéiert ass. Bei der Wandenergie geet een da vun industrielle Megawandanlagen aus mat enger installéierter Leeschtung vu 5 Megawatt pro Unitéit, déi ronn 10 GWh pro Joer liwwere soll. D‘Berechnung baséiert sech op den Ausbaustadium vum Joer 2019 a kënnt esou op e noutwendegen Zoubau vun 349 GWh pro Joer, also op déi annoncéiert 35 Anlagen pro Joer fir déi noutwendeg 4000 GWh um Horizont 2030 ze erreechen. Bei der Solarenergie kënnt een 2030 op déi noutwendeg 5000 GWh mat engem järlechen Zoubau vun 448 GWh, d.h. enger zousätzlecher Panneaufläch vun 2,7 Km2 pro Joer.

D’Realitéit vun eisem wuesstumsofhängege Wirtschaftsmodell gesäit haut nach e wéineg anescht aus.  Säit dem Kyoto Referenzjoer 1990 ass de Lëtzebuerger Energieverbrauch effektiv bis 2019 duerchschnëttlech all Joer ëm ronn 1% gewuess. Effizienzsteigerunge gi manifestement vu Reboundeffekter an och vum Wirtschafts- a Bevëlkerungswuesstum nees kompenséiert. Et wier gutt, wa mer dës Tendenz an de nächste Joren wéinstens stabiliséiert kréichen. Et ass dofir warscheinlech och nach als optimistesch ze betruechten, wa mer de gesamten Energieverbrauch laangfristeg wéinstens op ronn 60% par rapport zu haut reduzéiere kéinten, ouni gréisser Rezessioun. Och eng Reduktioun op 60% wier z.B. no Berechnunge vum Fraunhofer Institut schonn e Suffizienz-Zenario mat groussen Ëmstellungen fir eist Konsumverhalen. Wann den Energieverbrauch op 60% gedréckt gëtt a wa mer bei der Hypothees vun 10% diversen regenerativen Energien bleiwen (ronn 3 TWh), da misste Wand- a Solarenergie mat engem Undeel vun 90% bis 2030 jo dann ronn 28 TWh liwweren. Dobäi kënnt awer elo nach e wichtegen Effekt.

E System mat 90% wiederofhängegen Energiequellen produzéiert effektiv enorm Schwankungen vun der Leeschtung.  Wéi gëtt dëse Schwankunge Rechnung gedroen ? Am proposéierten Zenario ginn eng Rei „Power-to-X“ Methoden ugeschwat, ouni dass se an de Berechnungen awer e Nidderschlag fannen.

Wann ee wëssenschaftlech Modeller ewéi z.B. vum Fraunhofer Institut am Detail analyséiert, da stellt een awer fest, datt vun der Gréisstenuerdnung hier ronn d’Hallschent vun der initial produzéierter volatiller Energie am gesamte System verluer geet bei den diversen Integratiounsprozesser. Dat geschitt an engem Mix vu verschiddene Prozesser :  Verloscht bei Waasserelektrolys tëschent 30% a 40% (Power-to-Gas), zousätzleche Verloscht bei der eventueller Ëmwandlung vum Waasserstoff a Methan vu ronn 20%, zousätzleche Verloscht bei der Gaskompriméierung vu ronn 12%, plus zousätzlech Veloschter beim Transport ; oder zousätzlech Verloschter bei der Verflëssegung vum Waasserstoff vu ronn 25% bis 35% plus zousätzlech Verloschter nees beim Transport. Bei enger Réckverstroumung vun dësem Gas an de Backup Kraaftwierker gi nees 40% bis 65% verluer. Oder och nach Verloschter bei der Produktioun vu flëssege Syntheeskraaftstoffer vu ronn 60% (Power-to-Liquid) ; oder Verloschter bei enger saisonaler Späicherung vun thermescher Energie bei Power-to-Heat...asw.

Fir de globale Verloschter an der Gréisstenuerdnung vun ongeféier 50% Rechnung ze droen, misst den annoncéierten Ausbau also nach mat engem Facteur 2 multiplizéiert ginn. Wand- a Solarenergie missten dann an engem méi realitéitsnoen Zenario zesumme ronn 56 TWh liwweren (déi uewe genannten 28 TWh mol 2). Fir eng optiméiert Synergie tëschent Wand- a Solarenergie ze erreechen, geet ee gemengerhand vun engem Mix vun zwee Drëttel/een Drëttel aus.

D’Wandenergie misst also insgesamt ronn 37 TWh liwweren. Op déi nächst 8 Joer verdeelt entsprécht dat dann engem järlechen Ausbau vu ronn 4,6 TWh. Déi stäerkste Megaanlagen déi haut zu Lëtzebuerg opgeriicht ginn mat enger Héicht vu ronn 230m (dräi Véierel vum Eiffeltuerm) an engem Rotorduerchmiesser vu ronn 140m (zweemol d’Spanwäit vun enger Boing 747) hunn eng installéiert Leeschtung tëschent 3,5 MW an 4,2 MW. Dat wieren dee Moment ëmgerechent ronn 600 zousätzlech Anlagen pro Joer. Also e puer Anlage méi ewéi déi ugangs annoncéiert 35 Unitéiten.

Den Drëttel Undeel Solarenergie misst dann nach insgesamt ronn 19 TWh d‘Joer liwweren fir op 100% ze kommen. Dofir missten dann bis 2030 all Joer ronn 2,4 TWh dobäikommen. Do geet et mat den Daachflächen awer laang net méi duer an et misst massiv mat Fotovoltaikfräiflächenanlage geschafft ginn. Déi hunn nom Fraunhofer Institut e Flächeverbrauch vun ca. 1,4 bis 1,7 ha pro installéiert Megawatt. Dee Moment misst een duerchschnëttlech ronn 40 Quadratkilometer zousätzlech Fräifläche pro Joer mobiliséieren. Dat entsprécht der Fläch vun iwwer 5000 Fussballterrainen pro Joer.

Eventuell brénge mer et mat nach méi Efforte fäerdeg, fir de gesamten Energieverbrauch ëm e puer weider Prozent ze drécken, dat ännert awer näischt un der Gréisstenuerdnung vum Resultat. Et kann een den Ausbau och nach zäitlech méi strecken. Och dat ännert net vill un der Gréisstenuerdnung. Et ännert op alle Fall näischt um noutwendege Gesamtausbau :  eng héich véierstelleg Zuel vu Wandanlagen an e puer honnert Quadratkilometer Solarfräiflächenanlagen fir d‘100%-Zil ze erreechen.

Aus Grënn vun Akzeptanz a virun allem vun der Ëmweltverdréiglechkeet wäert ee realistesch gesinn awer kaum méi ewéi een Zéngtel dovun zu Lëtzebuerg ëmgesat kréien.

Kréie mer de Rescht dann iwwer Kooperatiounen ëmgesat ? Wa jo, da bréngt dat natierlech nëmmen eppes, wann d’Equatioun och tatsächlech fir ganz Europa opgeet. De gesamten europäesche Pimärenergieverbrauch läit op engem Niveau vu ronn 16.000 TWh. D’europäesch Wandenergie huet 2021 368 TWh geliwwert an d’Fotovoltaik 130 TWh. Dat mécht zesummen en Undeel vu ronn 3%. Dat ass wäit manner ewéi ee vläicht spontan geduecht hätt.

Dobäi kucke mer léiwer mol net op déi weltwäit Situatioun, wou Wand- a Solarenergie bei engem Undeel vu just eppes iwwer 1% leien (2126 TWh am Joer 2019), an dat bei engem weltwäite Verbrauch dee no gängege Prognosen vun aktuell ronn 170.000 TWh laangfristeg op ongeféier 200.000 TWh nach weider wäert wuessen.

Kucke mer also vläicht léiwer op en héich entwéckelt europäescht Land, dat eng Referenz an der Energietransitioun ass :  Däitschland. D’lescht Joer huet déi däitsch Wand- a Solarenergie no den Zuele vum Fraunhofer Institut 112 TWh respektiv 49 TWh geliwwert. Domat goufen zesummen 4,7% vun den 3.387 TWh Primärenergie dekarboniséiert. Däitschland verfüügt op d’Landesgréisst bezunn déi weltwäit héchsten Densitéit vu Wandenergie, déi vu ronn 31.000 Anlage geliwwert gëtt. Awer och an Däitschland geet kaum eng offiziell Expertise dovun aus, datt d’Rechnung global kann opgoen.

An der Referenzetüd „dena-Leitstudie“ geet een effektiv dovunner aus, datt Däitschland fir eng 95-prozenteg Dekarboniséierung vun der Energie a vun der Industrie bis zu 27 Milliounen Tonnen Waasserstoff-baséiert Kraaftstoffer bräicht. Dovunner missten no dëser Etüd ronn 82% importéiert ginn. De Bundesministerium fir Bildung a Fuerschung verweist op Berechnunge vum Max-Planck-Institut déi esouguer vun engem noutwendegen Import vu 45 Milliounen Tonnen Waasserstoff-baséierte Kraaftstoffer ausginn. Dat entsprécht engem thermeschen Energiegehalt vu ronn 1.500 TWh. Iwwerschlägeg bräicht een dofir iwwer de Wee vun der Waasserelektrolys vun der Gréisstenuerdnung hier also ronn 3.000 TWh Wand- oder Solarenergie. Fir dëse Produktiounsniveau ze erreechen,  bräicht een eng Elektrolyskapazitéit eleng fir den däitsche Verbrauch an engem héijen dräistellege Gigawatt Beräich.

D’Waasserstoffstrategie deen de viregte Wirtschaftsminister Altmaier initiéiert huet, gesäit bis d’Joer 2040 eng Kapazitéit fir vun 10 Gigawatt. Wat d’Waasserstoffwirtschaft an d’Klimaneutralitéit bis d’Joer 2030 ubelaangt muss ee realistescherweis och soen, datt déi aktuell Elektrolyskapazitéit quasi um Nullpunkt ass, an datt et esouwuel technesch ewéi wirtschaftlech keng seriö Perspektiv gëtt fir eng industriell Produktioun. Dofir geet z.B. den däitschen Institut fir Wirtschaftsfuerschung DIW a sengen aktuellen Zenarien och dovun aus, datt een bei de Bestriewungen vu russesche Kraaftstoffer lasszekommen am Joer 2030 nëmme marginal Quantitéiten u „gréngem“ Waasserstoff huet. Souvill zum Theema „all Léisunge sinn do“.

Wann een dat Ganzt op den europäesche Niveau skaléiert, da missten déi däitsch Zuele jo ganz graff mat engem Facteur 4 bis 5 multiplizéiert ginn. Déi europäesch Waasserstoffstrategie gesäit iwwregens eng Elektrolyskapazitéit um Horizont 2030 vir vun 40 Gigawatt. Och do feelen also eng bis zwou Gréisstenuerdnungen.

Europa rutscht also mat senger aktueller Strategie vun enger Importofhängegkeet an déi nächst, well de gesamte Potenzial vu regenerativen Energien no offizielle Studien eng ganz Gréisstenuerdnung ënner engem adequate Niveau läit. Domat ass och d’Fro vun der Sënnhaftegkeet vun europäesche Kooperatiounen fir Lëtzebuerg gekläert.

Et kann een d‘Associatioun Eurosolar nëmmen doranner ënnerstëtzen fir eng optimistesch Visioun ze hunn. Et muss awer och funktionéieren, wann een un d’Enjeuen denkt. Et muss plausibel sinn.

Et muss awer och ekologesch a wirtschaftlech sënnvoll sinn.

All Versuch fir dës Strategie ëmzesetzen leeft jo zwangsweis mat den affichéierten Zuelen op en héije Flächen- a Rohstoffverbrauch eraus, mat enger héijer technescher Iwwerformung vun den Ökosystemer. Den iwwerproportionale Rohstoffverbrauch féiert och bei enger Verknappung zu méi héije Käschten. No rezenten Analyse vun Rystad Energy steigen z.B. d’Präisser vu Solarmodulen nees säit dem Joer 2020, nodeem se jo virdrun stänneg gefall sinn. Dobäi komme Systemkäschten déi bei der Integratioun vu volatillen Energien bei steigendem Ausbau iwwerproportional klammen. Dës Energiestrategie riskéiert domat och ee vun den zukünftegen Inflatiounsdreiwer ze sinn.

Dobäi kënnt jo, wéi ugangs beschriwwen, den Effekt datt d’Dekarboniséierung net nëmme mat Effizienzmoossnamen, mä och an engem allgemenge Kontext vu Suffizienz a wirtschaftlecher Kontraktioun stattfënnt fir d’Klimaziler anhalen ze kënnen. Do stellt sech dann d’Fro, wéi een am Ëmfeld vun enger rekurrenter Rezessioun d‘aktuell promouvéiert Energiestrategie, déi héich Käschte generéiert a quasi op alle Niveauen op Subventiounen ugewisen ass, laangfristeg vollekswirtschaftlech ka stemmen.

Wat d’Ëmweltimpakter vun der Wandenergie ugeet, fënnt een an der Analys vun der Associatioun déi selwecht verharmlosend Argumenter, déi ee säit Joren z.B. vun de Vertrieder vun der däitscher Wandbranche héiert. Hei sollt een bei aller Sympathie fir dës Associatioun awer vläicht e wéineg méi virsiichteg sinn. Wann ee sech effektiv an déi honnerte vu Säiten vun Ëmweltverdréiglechkeetsprüfungen am Kader vu konkrete Wandprojeten eraliest, da ginn engem an där Hisiicht d’Aen op. D’Fuerderung vun der Vereenegung, fir d’Geneemegungsprozeduren nach weider ze lackeren ass dowéinst kaum nozevollzéien, zemol wou d’industriell Produktiounsanlagen vu regenerativen Energiequellen schonn haut explizitt Derogatiounen an de Gesetzestexter vum Naturschutz genéissen.

Wann een all déi reell Zuelen an Zesummenhäng gesäit, da kënnt ee net derlaanscht fir sech éierlech d’Fro ze stellen, ob et a puncto Versuergungssécherheet, Ëmweltverdréiglechkeet a Bezuelbarkeet méiglech a sënnvoll ass, fir mat dëse Moyenen eng fundamental Transitioun duerchzezéien, egal bis 2030, 2050 oder doriwwer eraus.

Oder ass déi ganz Strategie tatsächlech just eng europäesch Beschäftegungstherapie, en attendant datt déi chineesesch Alternative prett sinn ?