Offene Bréif un de Landwirtschaftsminister Claude Haagen

Här Minister,

Ech hu mech dës Lescht gefrot, ob Dir nach selwer akafe gidd.

Firwat ?

Well ee lénks a rieds gesäit, wéi d’Liewensmëttelpräisser explodéieren an ee vun Iech zu deem Thema vill manner héiert, wéi zu Ärer Zäit als Buergermeeschter a Saachen eidelstoend Immobilien an der Gemeng Dikkrech.

Probéiert emol, an engem normalen Supermarché (net Lidl oder Aldi) Liewensmëttel fir 1 Woch fir 4 Persounen fir manner wéi 100€ oder souguer 150€ anzekafen. Dat ass mëttlerweil e Konschtstéck ginn a brengt ganz vill Leit – besonnesch dee « klenge Mann », fir deen Är Partei sech ëmmer staark maache wollt – an eng schwiereg Situatioun, well se ebenfalls ënnert den horrenten Immobilienpräisser an anere Präisexplosiounen (z.B. Tanken oder Gas) leiden.

Wat mech bei där ganzer Explosioun vun de Liewensmëttelpräiser stutzeg mecht, ass, dass bei deenen, déi déi meeschten Zäit an Aarbecht an d’Produktioun vu Liewensmëttel stiechen – eis Baueren – quasi null vun där Präissteigerung ukënnt. Ech weess dat aus éischter Hand, well ech zwee Baueren an der Famill hunn.

Also muss dat Geld vun de méi héije Liewensmëttelpräiser bei Lëtzebuerger Produiten integral an der Keess vun den Händler (Metzleren, Supermarchéën, …) an Zwëschenhändler landen – dat Geld léist sech jo net einfach a Loft op.

De Staat ass gezwongen, d’Baueren ze ënnerstëtzen, fir dass déi um Enn vum Mount vun hierer haarder Aarbecht iwwerhaapt nach liewe kënnen. Dat Argument vun de « räiche » Baueren « mat ville Bauplaatzen » ass an deene meeschte Fäll e renge Mythos: wéi vill Bauere kennt Dir, déi eng Villa oder eng Luxuskaross hunn?

Et ass einfach absurd, dass engersäits de Staat d’Baueren mat Subsiden iwwer Waasser hale muss, fir dass anerersäits d’Händler an Zwëschenhändler sech mat de Präisexplosiounen d’Täschen vollschëppen a sech beräicheren. Vun deene soll kee behaapten, dat Geld géif einfach iergendwou « am Sand versickeren » – iergend engem gehéiert dee Sand jo schliesslech.

Fir Iech e konkret Beispill ze ginn: De Präis pro Kilo Schwéngefleesch, deen de Bauer bezuelt kritt, ass während quasi der gesamter Corona-Kris op engem Rekorddéif gewierscht (well en am 21. Jh. nach ëmmer un deen däitsche Präis gekoppelt  ass – verstehe, wer möge…). Dohier huet de Bauer bei all Schwäin, dat en un d’Schluechthaus verkaf huet, net just näischt verdéngt, mä duerch seng Produktiounskäschten nach Suen misste bäileeën. Mir Endkonsumenten hunn awer nie e Centime manner beim Metzler oder am Supermarché bezuelt – si (am Géigesaatz zu de Baueren) kënnen hier Präiser fräi festleeën an upassen. Koomesch, nee?! Also muss deenen hier Marge méi grouss gi sinn – op d’Käschten vun eise Baueren an op d’Käschten vun eis Konsumenten.

Et soll elo keen Händler oder Zwëschenhändler behaapten kommen, « de Stroum, de Spritt an d’Main d’œuvre si méi deier ginn, dowéinst muss ech méi froen… »: Fir de Bauer sinn se nämlech och méi deier ginn, an dee krut kee Su weider a kount seng Präisser net fräi upassen, well se him diktéiert ginn.

Ee weidere Punkt, wou d’Händler an Zwëschenhändler grouss profitéieren am Géigesaatz zu eise Baueren sinn d’Cantinesiessen an de lëtzebuerger Schoulen, Altersheemer a Spideeler, wou net gezielt probéiert gëtt, mat de Lëtzebuerger Baueren zesummenzeschaffen, fir dass regelméisseg Lëtzebuerger Produiten do servéiert kéinte ginn. Wa fir e bestëmmten Dag z.B. Dausenden Pouletsstrëmpelen oder Heeder Zalot gebraucht ginn an dann neess während enger Zäitchen net, da ka kee Bauer dat einfach esou liwweren, well keen déi Capacitéiten huet oder gezielt opbaue kann. Wann all Cantine am Land dee selweschten Daag dat selwescht servéiert, da muss am Ausland akaaft ginn (wie profitéiert ? d’Händler an d’Zwëschenhändler…). Wann een d’Menüer awer géif intelligent opdeelen (Menu X an der Woch 1 z.B. am Süde vum Land, an der Woch 2 am Zentrum asw.), kéint een d’Zuelen méi kleng halen an eng regelméisseg Demande crééieren, sou dass d’Lëtzebuerger Baueren d’Liewensmëttel liwwere kéinten an net am Ausland via Händler an Zwëschenhändler misst akaaft ginn (d’CO2 Bilanz wier wéinst de méi kuerze Weeër dann och besser…). Dass de Lëtzebuerger Staat engersäits eis Baueren mat Subsiden iwwer Waasser hale muss, während en anerersäits an d’Ausland akafe goë léisst, fir seng eege Cantinen beliwweren ze loossen, ass ebenfalls einfach just absurd.

Här Haagen, Dir sidd studéierten Economist a sëtzt als Landwirtschaftsminister un engem laangen Hiewel.

Dir wësst also bestëmmt, wéi een dës himmelschreiend Mëssstänn bekämpfe kéint.

Dir hutt elo déi rare Geleenheet ze weisen, wéi kreativ a kompetent Dir als Minister sidd, fir eng Kris wéi déi vun der Explosioun vun de Liewensmëttelpräisser ze bekämpfen.

Marie-Jo Dupont-Schumacher

PS: Klengen Tipp: bei verschiddene Broutsorten huet de Staat scho säit Joerzéngten de Präis gesetzlech festgeluecht. De Staat huet also Moyenën, fir eng Explosioun bei de Präisser vu verschiddene Grondnahrungsmëttel ze bekämpfen.