Et woer emol e klengt Land an dem d’Regierung joerzéngtelaang seng Awunner fläisseg ënnerstëtzt an encouragéiert huet sech den Dram vun enger eegener Wunneng, oder nach besser engem eegen Haus mat Gaart, ze erfëllen. Déi hunn dofir der Regierung ëmmer brav Merci gesot an se ëmmer erëm gewielt.

Iergendwann an Iergendwéi ass d’Saach awer aus dem Rudder gelaf , an dat eegent Haus (mat Gaart) ass zum Statussymbol gin, nom Motto: Wanns de keen eegent Haus hues, bass de keen. A wat d‘Haus méi grouss, wat de Besëtzer méi dichteg.

Natierlech wollt du jiddereen e grousst Haus mat Gaart, awer am klenge Land ass d‘Platz dofir esou lues ausgaangen an de Präis dofir an d’Luucht gaangen.

D’Vollek huet sech dunn erwaart, dat seng  Regierung de Wunnengsproblem géif léisen, wëll dofir wär eng Regierung jo do. Sou ass op emol an all Eck an all Bistro vum Land vum Wunnengsproblem geschwat ginn, a kuerz duerno vun enger Wunnengsnout an esou guer d'Wuert Wunnengskris huet en ëmmer méi oft héieren.

An d'Regierung huet gemaach, wat se nach ëmmer gemaach huet, se huet de Leit virgegaukelt dat se genuch bëlleg Wunnengen kéint a géif bauen, a mat vill Gedauschs an Trara an de Medien sech selwer op d‘Schëller geklappt wann erëm e puer glécklech Auserwielter konnten an hiert eegent Haus op geléintem Buedem anzéien. Dat déi glécklech Koppelen dofir a Kaf geholl hunn e Liewe laang zu zwee missen ze schaffen fir iwwerhaapt de finanzielle Risiko iwwer 30 Joer kënnen ze stäipen an hir Kanner just nach owes no der Aarbecht oder de Weekend konnten erliewen, ass als modern an hip Liewensform verkaaft  ginn an der jiddereen sech kéint realiséieren.

Bis dann den een oder dat anert vun der Koppel sech getraut huet sech wierklech ze realiséieren an d’Scheedung d’Immobiliendramblos platze gedoen huet an op mannst een vun deenen zwee, wann net esou guer déi zwee, erëm huet missen kucken fir en Ënnerdaach ze fannen.

E puer onofhängeg Quierdenker hunn du proposéiert dat et un der Zäit wär fir e radikaalt Ëmdenken an dem klengen Land, an endlech mat der aler a falscher Iddi opzeraumen dat de Staat misst all Bierger de Besëtz vun enger Wunneng erméiglechen.

Sie hunn proposéiert dat de Staat (esou wei et seng Bestëmmung ass) alles sollt dofir maachen fir dat all Bierger kéint dezent wunnen.

Konkret sollt de Staat ophalen private Besëtz mat ëffentleche Suen ze ënnerstëtzen, an dëst Geld (an aneres) dofir notzen fir Lounen a Verlounen vun dezenten Wunnengen ze fërderen an domat ville Leit d‘finanziell Méiglechkeeten zeréck ginn fir e flott a schéint Liewen ouni stänneg Geldsuergen ze féieren.

Hei hält d’Geschicht op, a kee weess op d’Regierung vun dem klenge Land sech getraut huet e Paradigmewiessel erbäi ze feieren.

A wei zum Schluss vu all Geschicht :

Wann se erëm gewielt gin, da regéieren se och nach weider

Dës kleng Geschicht gouf inspiréiert duerch d’Publikatioun vun IDEA : La politique du Logement (entre bons motifs et gros montants )