Een Abléck an engem Psy seng privat Frustratiounsveraarbeschtung

Wann et dir zu Lëtzebuerg mental net gutt geet,

steet dir direkt all Hëllef bereet,

CNS a Fapsylux sinn sech zwar nach net eenz,

mä 7 Joer streiden ass jo kloer okay

A wee brauch scho privat Therapie,

eis Servicer lafen esou gutt wei nach ni,

d'Waardezäit ass quasi inexistent,

a vlait hues du bis den éischten RDV scho net mi dFlemm

fills du dech dann net wuel bei dem den dech therapéiert,

da geet den Wiesel ob een néien wierklech séier an onkomplizéiert,

klappt dat dann alles komescherweis net,

dann hu mir och do d'Léisung, well et gëtt,

bei eis jo wierklech alles am Land, dat sief gesot,

Heroin, Speed, Gras a ganz ganz GANZ vill Koks,

du kanns also iwwerliewen an dengem Zoustand,
vergiessen dass et dir schlecht geet,

jo och do gëtt dir d'Hand gereecht,

d'Accessibilitéit ass phenomenal,

ob der Strooss, beim Banker, beim Noper an der Täsch,

kanns du seguer bestellen, haut och mat Diggicash,

Alkohol gëtt et hei net, doriwwer gëtt och guer net geschwat,

just engkeier dWoch ob RTL,

mä dat ass eng aner Saach, d'Leit fueren einfach ze schnell.

Fällst du dann an den Konsum,

well Sucht entsteet leider oft wann een Drogen hellt wann et engem net gutt geet,

da keng Angscht, well zu Lëtzebuerg hu mir keen Drogeproblem,

nee nee nee mir hunn den mega System.

Fënns du an dengem schwaarzten Moment dLoscht obzehalen,

brennt dLuut am Sevrage,

mä fir téischt hues du dChance ob eng Platz ze waarden,

sech tëschent Liewen an Doud rëm ze schloen,

ka jo just zu denger perséinlecher Entwécklung bäidroen.

Bass du lo an enger akuter Kris,

keen Stress, mir hu wierklech déi beschten Psychiatrie,

Mental Krankheet ass jo wei eng Gripp,

e vu ville Psychiateren hei am Land zaubert an et mëscht klick,

da bass du geheelt an dierfs och scho no 3 Deeg rëm heem.

Wann s du een Doheem hues, mä maach mol lues,

jiddereen hei am Land huet een Dag iwwert dem Kapp,

Am Logement, do si mir wierklech ob Zack,

wat sinn ech frou hei zu Lëtzebuerg,

wat sinn ech frou dass au moins bei eis alles klappt.