De Logementsminister Henri Kox mecht Eescht. Direkt zwee gréisser Reformprojeten huet de grenge Minister bekanntleg déi läscht Woch der Ëffentlechkeet virgestallt. Et sin dat d’Reform vun der Grondsteier an awer och dat iwwerschafft sougenannt Bail à Loyersgesetz. Absënns déi zweetgenannt Reform risquéiert a Walkampfzäiten nach vir esou munch kontrovers Diskussiounen ze suergen.

Sollt dësen Text vum zoustännege Ministère esou duerch d’Chamber goen, risquéiert en wäiträichend Konsequenzen bis an d’Mëttelschicht ze hun. Beschäftegt een sech méi am Detail mam besote projet de loi, sou kënnt ee bal net dolaangscht vir festzestellen, datt dat wat de grénge Minister do présentéiert huet, méi un eng Plan- wéi un eng Maartwirtschaft erënnert. De Staat wëllt, laut dem neie Gesetz, d’Locatiounspräisser aktiv a méi streng reguléieren, wat awer op engem fräie Marché nëmme ganz schwéier méiglech ass, soss wär et jo kee fräie Marché. Déi Tatsaach risquéiert dann och matt sech ze bréngen, datt dëst Gesetz en ähnleche Flop kéint gin wéi de sougenannte Berliner Mietendeckel, respektiv just déi wärt treffen, déi et net treffe soll. D’Fro déi sech an deem Kontext och stellt ass, inwéifern dëst Gesetz op déi Immobilien applicabel ass, déi Sociétéiten a Spekulatiounsfongen gehéieren.

Ouni eng vir Laien dach awer zimleg schwéier verständlech Rechnung opzestellen, kann een an de groussen Zich eng zimleg kloer Tendenz erkennen. Déi betreffend Brochure mam Numm „Le plafond légal du loyer – Comment déterminer le capital investi dans un logement mis en location?“ ass um Site vum Logementsministère ze fannen. Datt den Invest an Immobilien ëmmer nach lukrativ wärt bleiwen, ass nëmme bedéngt richteg. Vir Appartementer an Haiser vun Enn den 2000er Joren un, maach dat nach stëmmen, bei méi alen Immobilien ass des Behaptung allerdengs wäitaus manner zoutreffend.

Huele mer en Appartement aus de 60er Joren um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, an där gin et der vill. Dëst gouf zu engem Moment kaf, wéi et an der Stad Lëtzebuerg nach erschwéngleg war, vir sech eng Wunneng ze leeschten. Esou eng Wunneng ass hautdesdags oft amortiséiert. Well et sech bei Gebaier aus de 60er Joren an der Regel net em déi energieeffizienst Constructiounen handelt, géif dëst bedeiten, datt just nach 3% vum investéierte Kapital dierften als Loyer vum Proprietär gefrot gin. Déi maximal 8 Euro déi am neie Gesetz sollen festgehale gin an déi d’Geriichter zukünfteg als Sanktioun dierften fixéieren, schénge nach favorabel ze sin wann een trotzdem emol d’Rechnung, inklusiv Koeffizienten an déi sougenannt décote pour vétusteté, matt engem konkrete Beispill gemaach huet. Berechent een dës 8 Euro op eng Fläch vun 100 Metercarré, wären dat nach just 800 Euro, no heitegen Maartpräisser also e lächerleche Loyer an der Stad Lëtzebuerg.

An der Hypothes, den aktuelle Proprietär géif sech virum Hannergrond vun dësem Loyer entscheeden, säi Bien ze verkafen, gëtt et dann nach méi cocasse. Huele mer als Verkafspräis eng Millioun Euro, wat an der Stad Lëtzebuerg net onübleg ass vir en Appartement vun där Gréisst. Dee Moment kéime bei déi Millioun vum Verkaf nach emol ronn 7% Enregistrementskäschten dobäi, wat also 1.070.000 Euro géif ausmaachen. Vun där investéierter Zomm dierft de neie Proprietär dann erëm maximal 3% als Loyer fixéieren. Dee Moment wäre vir déi selwecht Wunneng vir déi virum Verkaf nëmmen 800 Euro Loyer hun dierfen gefrot gin, op eemol 2675 Euro zoulässeg, also méi wéi dat dräifacht.

De Risiko bei dësem Gesetz ass also deen, datt Locatioun vir bestehend Proprietären esou oninteressant gëtt, datt si hir Wunnengen zum heitege Maartpräis verkafen. Bei den aktuelle Präisser ass et awer éischter onwarscheinlech, datt des Haiser a Wunnengen vu Leit aus der breeder Mëttelschicht kënne kaf a virun allem bezuelt gin. Et ass vill méi probabel datt dee Moment grad déi dovu wärte profitéieren, déi scho genuch Kapital ugeheeft hun vir sech nach weider Immobilien unzeschafen. De Loyer géif dee Moment och net erofgoen, au contraire, vu d’Maartpräisser um Immobiliemarché. Et ass also net ausgeschloss, datt vum neie Bail à Loyersgesetz esouguer nach déi profitéieren, déi souwisou schonn eng jett Immobilien an hirem Besëtz hun.

Eng weider Gefor ass, datt duerch déi méi niddereg Loyeren, bestehend Proprietären eventuell net méi interesséiert sin, nach vill an hir Haiser an Appartementer ze investéieren. Domatt wären souwuel de Locataire, wéi och d’Handwierk perdant. De Locataire kréich eng manner héichwärteg Wunnecht, an d’Handwierk manner Opträg. Eng weider Konsequenz wären demno och manner TVA-Recetten vir de Staat.

D’Fro stellt sech awer och, ob de grenge Koalitiounspartner eventuell nach e ganz aneren Nieweneffekt matt dësem Gesetz wëllt erreechen. Stellt een sech vir, et géifen op eemol massiv Immobilien duerch dëst Gesetz op de Verkafsmarché kommen, well d’Locatioun vir den aktuelle Proprietär net méi interessant ass, wär et net ausgeschloss datt munch Gebaier nom Verkaf vun engem Promoteur ofgerappt gin vir op dem selwechten Terrain nei an energetesch korrekt Immobilien opzeriichten.

Ass et dat wat de Minister Kox bewierke wëllt?

Philippe Hoffmann