No der rezenter Reportage Serie iwwer Holzpellets um RTL, wëll ech méi eng nuancéiert Perspektiv op de Sujet vun de Pellets geheien. Et ass nämlech net alles esou schwaarz a wäiss, ewéi et schengt. Eng Rees an d‘Welt vun der “grenger” Hëtzt – an a wéi enge Beräicher et och wirklech sënnvoll ass, d’Pellets komplett ze verbidden.

Gi Bëscher fir d’Pellets ofgeholzt, déi de Bierger doheem benotzt?

Anescht ewéi Elektrizitéit zum Beispill, wou et relativ einfach ass, sech ee grenge Mix matt erneierbaren Technologien virzestellen, ass d’Thema vun der Hëtzt méi komplex ze verstoën, wëll et méi dezentral Applikatiounen gëtt a meeschtens ee Brennstoff néideg ass.

Hëtzt stellt c. 50% vum finalen Energieverbrauch an Europa duer. Dovu geet d’Majoritéit un d’Erhëtzung vu Reimlechkeeten am residentielle an tertiäre Beraich, an ee Véirel un d’Industrie. Wat d’Source vun der Hëtzt ugeet, esou kënnt nach ëmmer iwwer ¾ aus fossiler Quell. Matt 17% ass d’Biomass dann matt Ofstand de gréissten „erneierbaren“ Energieträger, bestehend quasi nëmmen aus der fester Biomass (Holz, Pellets, etc.).

Eng pertinent Fro ass elo natirlech, vu wou dës fest Biomass / Pellets hierkommen an ob dëst iwwer laang Dauer wirklech gutt geet. Am Prinzip gëllt fir d‘Pellets: et gi just Nieweproduiten aus der Seeindustrie oder anererwäerts net benotztbart Holz (zB an der Pabeierindustrie) verwend. Firwat dëst als erneierbar gëllt ginn et e puer Perspektiven:

1. Fir all d‘Holz, dat verbrannt gëtt, sollen nei Beem geplanzt ginn, déi den Equivalent un CO2 erëm iwwer Joërzengten absorbéieren; an/oder

2. All d’Holz, dat verbrannt gëtt, huet wärend dem initiale Wuesstum vum Bam CO2 ofgespäichert, dee beim Verbrennen erem fräigesat gëtt – ee Circuit, deen ennert dem Strech also direkt neutral soll sinn.

Ähnlech ewéi et am Reportage iwwer Lëtzebuerg gesot gëtt, ass awer ganz wéineg Transparenz beim Sourcing vum Holz. Esou behaapt eisen Noper Däitschland, dass hier Pellets zu 90% aus Seemiël an anere Nieweproduiten aus der Holzindustrie géiwen hiergestallt ginn. Déi aner 10% géiwen aus Holz hiergestallt ginn, dat weder fir Seewierker nach als Pabeier verwertbar ass (hei sinn d’Zuelen matt Virsiicht ze genéissen, wëll se vum däitsche Pelletverband kommen). D’Pelletassociatioun a Frankräich behaapt desweideren, dass 100% vun der Matière Première aus Nieweprodukter kommen, déi soss nëmme „faiblement valorisé“ géiwe ginn. Credibel an onofhängeg Prouwen vun dëse Behaaptungen ginn et an der Praxis awer ganz wéineg. De Level un Transparenz ass a ville Fäll ganz niddreg an et muss een sech ob Labelen ewéi FSC verloossen.

Och wann et keng absolut Garantie gëtt, gëllt am Prinzip: et gi keng ganz Bëscher ofgeholzt, just fir résidentiell Pellets ze fabrizéieren (anescht ewéi fir industriell Pellets – dozou zum Schluss nach méi).

Onofhängeg vun dësem Constat ass et awer wouer, dass d’Pellets nëmmen eng limitéiert Scalabilitéit hunn. De Bësch ass eng limitéiert Ressource, matt limitéierte Bestänn, an et wier utopesch ze mengen, den Hëtztesektor op erneierbar Ressourcen emzestellen, andeems een de Prozentsaatz vun de Pellets signifikativ an d’Luucht sëtzt. D’Potential läit wuel nëmmen em 30% vum Gesamtmix, an och nëmme fir de residentielle Beraich.

Déi relevant Fro ass net, wéi greng d’Pellets wirklech sinn – mee méi generell: wéi hëtze mir greng?

Hëtzen implizéiert halt meeschtens, dass een ee Brennstoff an engem Kessel verbrennt, dee waarmen Damp/Waasser erhëtzt, deen dann an d’Hiezkierper geet. Hei ass et nun awer emol esou, dass déi gängeg Technologien nach emmer op dësem Prinzip bestinn. Mazout oder Gas sinn hei déi gängest Brennstoffer, allebéid op fossiler Basis.

Wéieng Alternativen ginn et? Weiderhin fossil Brennstoffer benotzen, mee andeems ee parrallel zum Beispill den CO2 kompenséiert (matt all de Limiten, déi d‘CO2 Kompensatioun matt sech brengt)? Waasserstoff (mee ass et net secher, ob dësen Iwwerhaapt käschtegënschteg an effizient am Hëtztberäich kann ugewend ginn)? Brennstoffer aus aneren Offallquellen? Wärmenetzwierker (mee da bleiwt de Problem vum Brennstoff)? An da gëtt et halt eben nach d’Pellets, déi – trotz de Limiten vum Feinstaub (falls dëst iwwerhaapt gëllt, wëll et ginn och aner Quellen u Feinstaub, déi mir dagdeeglech anotmen) a Scalabilitéit – wuel awer déi „gréngst“ oder emweltfrëndlechst Method sinn.

Aner Alternativen, déi kee Brennstoff implizéieren, existéieren matt dem Solarthermal (wuel nëmme matt limitéiertem Potential), Wärmepompelen (scaléierbar mee matt Käschte an Opwand verbonnen, zumools beim Albau) oder elektresch Léisungen (ofhängeg vum Elektritzitéitmix, deen och net iwwerall greng ass) hunn och Potential, mee hunn och hier Limiten. Ee wichtegt Konzept bleiwt och d’Energieeffizienz, matt Passivbau fir Neihaiser oder Renovatiounen/Isolatioun fir den Albau, déi awer och oft matt héijem Materialopwand fir d’Isolatioun verbonnen ass.

De Sujet ass also méi komplex, ewéi nëmme géint d’Pellets ze jäizen. Et feelt generell un enger scaléierbarer Léisung fir den Hëtztsektor. Wou d’Politik haut verstanen huet, dass et Léisungen fir Elektrizitéit a Mobilitéit ginn, bleiwen d’Léisungsusätz fir d’Hëtzt nach intangibel.

Vu wou kënnt d’Kontrovers vun de Pellets ?

Schließlech ginn et och Gebidder, wou d’Notzung vun de Pellets komplett aus dem Rudder gelaf ass. Anescht ewéi bei residentielle Pellets zum Beispill, ginn effektiv fir industriell Zwecker deelweis ganz Bëscher ofgeholtzt.

Dat berühmtenst Beispill ass d’Stroumproduktioun vun Drax an England: Hei sinn enorm Kuelewierker a Biomasswierker emgewandelt ginn, déi haaptsächlech Pellets verbrennen, fir Stroum hierzestellen. Des Statiounen holze ganz Bëscher (oft „old grown forests“ – also al Bëscher déi wichteg fir d‘Biodiversitéit sinn) a Kanada of, déi da matt Frachtschëffer de ganze Wee an England transportéiert ginn, fir do verbrannt ze ginn. Dëst ass een enorme Skandal an et ass onverständlech, ewéi dëse Projet konnt genehmegt a matt bis zu £6 Milliarden och nach konnt subventionnéiert ginn!

Och an europäesche Länner ewéi Estland a Rumänien ginn deelweis ganz Bëscher ofgeholzt fir d’Verstroumung a Länner ewéi Dänemark, Belsch oder Holland. D’industriell Pellets fir d’Verstoumung vu risege Wierker sinn also ee reellen Emweltproblem; hei ee Lien matt residentielle Pellets ze etabléieren, ass awer ganz wäit hiergeholl.

Dowéinst iwwerleet een entretemps op EU-Niveau, d'primär Biomass - also Biomass, déi direkt aus dem Bësch geholl gëtt - netméi ze subventionnéieren (ab 2027). Dëst heescht awer dann och net, dass dës primär Biomass als Brennstoff definitiv kéint verbuede ginn. Doriwwer ewech wéilt d’EU och keng grouss Stroumwierker matt Biomass méi subventionnéieren (oft vun e puer honnert MW Kapazitéit), mee just nach kleng Wierker (bis zu 20MW) matt Kraft-Wärmekopplung a minimalen Effizienzgraden (>60%), déi och nëmmen Offall- an Bäifallholz benotzen.

D'Pellets ... Et wäert weiderhin ee kontroverst Thema bleiwen