Mëttwoch, den 2. November 2022. Et ass Vakanz zu Lëtzebuerg a bekanntlech ass da manner lass op de Stroosse vum Land. Richteg? Net ganz.

Wien deen Dag am Südweste vum Land ënnerwee war, hat d‘Gefill, et wär eng normal Schaffwoch an ee vun de ganz schlëmmen Deeg. Zu a ronderëm Nidderkäerjeng ass näischt gerullt an et war een ze Fouss méi séier derduerch wéi mam Auto. Wat war lass? Zënter dem 5. Oktober (!) war am Rondpoint Biff schonn d‘Opfaart fir op d‘Collectrice du Sud fir sechs Woche wéinst Aarbechte gespaart. De ganze Verkéier aus der Stad iwwer Käerjeng kommend huet sech iwwer d‘Haapt- an d‘Niewestroosse vu Péiteng an Nidderkuer gequëtscht. No puer Deeg hat ee sech dru gewinnt. D‘Kiischt um Kuch koum awer den 2. November.

Vakanzenzäit ass bekanntlech och Chantierszäit zu Lëtzebuerg. Um Terrain vun der Gemeng Käerjeng hunn déi Verantwortlech (Gemeng a Ponts & Chaussée) et fir eng gutt Saach gehalen op zwou Haaptverkéiersachsen e Schantjen unzefänken respektiv eng Strooss komplett ze spären. Zu Lénger, dat vu villen Autosfuerer als Alternativ zu Käerjeng genotzt gëtt, gouf d’Haaptstrooss carrement fir dräi Deeg komplett gespaart an zu Käerjeng goufen zwee Haiser op der Haaptstrooss ofgerappt an de Verkéier gouf mat provisoresche Verkéiersluuchte gereegelt - an un déi aner Rout Luuchten huet ee sech och nach mussen halen. Doduerch war de Verkéierschaos virprogramméiert, wann ee weess - an déi Verantwortlech missten dat eigentlech wëssen -, wat fir e grousst Verkéiersopkommes sech all Dag iwwer d’N5 an Richtung Stad Lëtzebuerg respektiv a Richtung Grenzgebitt beweegt.

Dës Situatioun war alt nees e Beweis dofir, dass déi verantwortlech Acteuren entweder net iwwerleeë kënnen oder si de Chaos op de Stroosse bëllegend a Kaf huelen. Mee geschwënn kënnt jo do Contournement an da gëtt alles besser, richteg? Nee! De Verkéiersprobleem gëtt just aus der Uertschaft Nidderkäerjeng op enger aner Plaz verlagert. Mat deem aktuelle Projet vum Transportministère wäert et zu enger Vereenegung vun de Blechlawinnen op der Collectrice du Sud virum Rondpoint Biff kommen. Da stinn d’Autoen zwar net méi an der Uertschaft Käerjeng, mee op der Collectrice; an net just bis Suessem, wéi et bis elo war, mee bis an den Tunnel Aessen. Den Transportministère mécht sech heimat zum Kompliz vun enger Gemengepolitik, déi sech dem Verkéiersprobleem op hirem Terrain zënter Jore bewosst ass, awer léiwer näischt ënnerhëlt a léiwer reegelméisseg op de sozialen Netzwierker an an de Medien iwwer déi katastrophal Zoustänn am Kär vu Käerjeng opmierksam mécht. A verschiddene Sportinfrastrukturen gëtt souguer Werbung fir de Contournement ronderëm d’Südgemeng gemaach. Déi Verantwortlech vun der Gemeng Käerjeng hunn et virun 20 Joer verschlof, sech fir e Contournement anzesetze wéi d’Zuchlinn amenagéiert gouf. Deemools war schonn ofzegesinn, dass d’Industriezon, déi laanscht d’Schinne verleeft, en nach méi grousst Verkéiersopkommes produzéiere géif, dat sech, fir op d’Autobunn ze kommen, duerch Käerjeng knëschele misst. D’Gemengeverantwortlech hunn awer léiwer d’Aen zougemaach a gesot, dat klappt schonn. Fir dass de Verkéier net esou gutt duerch Käerjeng rullt, goufen a ginn d’Verkéiersluuchten zu de Spëtzestonne mat Absicht net op dat méi héicht Verkéiersopkommes ugepasst. Dobäi ginn et hautesdaags technesch Méiglechkeeten, Verkéiersluuchten esou auszerüsten, dass si richteg aschätze kënnen, wéi eng Strooss oder wéi eng Bunn elo Prioritéit muss hunn a wou d’Verkéiersopkommes am gréissten ass. E gutt Beispill dofir ass an Holland ze fannen. Ausserdeem géif et d’Gemengen an de Lëtzebuerger Staat - an domat och de Steierzueler - vill méi bëlleg ginn, eis Stroosseninfrastrukturen op de wichtege Verkéierskniet uechter d’Land mat kënschtlecher Intelligenz auszerüsten. E weidere Virdeel wär, dass keng weider Naturgebidder fir nei Stroossen ëmgehaen oder zerstéiert misste ginn.

E weidere Probleem zu Lëtzebuerg ass déi mangelnd Kommunikatioun tëscht Gemengen a Ponts & Chaussées. Dofir gëtt et am Land genuch Beispiller. Vill Leit hu sech schonn an der Situatioun erëmfonnt, dass zwee oder méi Schantercher zur selwechter Zäit stattfonnt hunn an een doduerch gezwonge war, e massiven Ëmwee ze fueren. Ee gouf vun der Gemeng an Optrag ginn, op der anerer Plaz war Ponts & Chaussées responsabel. Et wär dohier ubruecht, dass déi lokal an déi regional Institutiounen e bessere Kommunikatiounsaustausch fleege géifen. Dozou zielt och e Chantier mat Zäiten unzkënnegen. Huele mir emol un, den 2. November hätt de CGDIS oder d’Police séier am Ëmkrees vu Käerjeng agräife mussen. Si wären am Verkéier blockéiert gewiescht respektiv hätten net esou séier op der Plaz kënne sinn. Si hätten de Verkéier och net ëmgoe kënnen, well d’Alternativen och gespaart waren. Wie wär da fir méiglech Konsequenze juristesch verantwortlech gewiescht? All eenzelen Autosfuerer, deen d’Ambulanz oder d‘Pompjeeën um Weiderkomme gehënnert hätt? Oder wär et d’Institutioun gewiescht, déi wéinst Inkompetenz fir e Verkéierschaos gesuergt huet? Oder hätt een op gutt Lëtzebuergesch gesot, dat ass domm gaangen?

Et wär dohier ubruecht, dass alleguer d’Acteure sech an Zukunft besser iwwerleeën, muss dëse Chantier wierklech an där Zäit sinn oder kann en och nach e puer Deeg no hanne geréckelt ginn. Et ass och en Opruff un déi Responsabel, fir net ze mengen, dass d‘Vakanzenzäit zu Lëtzebuerg automatesch fir alleguer d’Leit gëllt. Dëse Lieserbréif soll kee Plädoyer fir d’Autofuere sinn, mee op déi ongesond Situatioun, déi zu Lëtzebuerg besteet, opmierksam ze maachen. Eng ganz Rei Leit kënne sech net mam ëffentlechen Transport deplacéieren, well d’Ubannung aus dem Grenzgebitt an och am ländleche Raum net esou gutt ass wéi an enger Agglomeratioun. Dohier brauch et en Zesumme vum Individual- an Allgemengtransport. An och d’Bereetschaft vun de Leit op Zuch oder Bus ëmzeklammen. Wat bréngt et mir de Bus ze huelen, wann de Bus um Enn awer am Stau steet?

Yannick Glod

Rodange