Viru Jore war de gréngen Transportminister houfreg, d'Parkplatse laanscht d'Stroossen an op de Betriebsterraien ze reduzéieren, fir datt d'Salariéen net méi géife mam Privatauto op d'Aarbecht fueren. Aplaz dovun huet hie Bus shuttel'en, e.a. fir d'Frontalieren, agesat.

Puer Joer méi spéit, war den gréngen Energieminister houfreg, chargy Bornen op de reschtleche Parkplatsen opzeriichten, fir datt d'Salariéen géife mam Privatauto, ass gläich, e-Autoen, op d'Aarbecht fueren.

An elo ass den Transportminister houfreg, datt hie vum 12ten Februar 2023 un, 18 Buslinnen déi d'Aarbechter op d'Schicht féieren an do ofhuelen, ofschaaft.

Da fueren d'Aarbechter ebe vun dann un alleguerte mat engem subventionnéierten e-Auto (wann si sech de leeschte kënnen) op d'Schaff ... oder stinn da mat hirem "wat-och-ëmmer" Auto am Stau.

Mee esou ass dat mat der grénger Konsequenz: viru Joren hunn ech an enger Walversammlung vun de gréngen, fir Duerfemgehungsstroosse plädéiert. Ma do sinn ech awer zréckgepaff gin. Haut plangt de gréngen Transportminister ... Emgehungsstroossen.

Viru Joren, sollte mir vum Bensinnsauto op den Diesel ëmklammen, dunn rëm vum Diesel op de Bensinn, haut vum Bensinn op den e-Auto, a muer da wuel vum e-Auto op de Waasserstoff-Auto. D'Busentreprisen haten fir d'Schichtaarbechter ze féieren deier Busse kaf, déi kennen si lo verschrotten, an hir Clientë sollen elo e-Autoe kafen ... bis si déi dann och verschrotte kënnen. Wéi gesot: vun Heppches op Hapches.

Jean Lichtfous