Ech kommen direkt zur Saach : Et ass ee Sujet dee mech net lass léist, besonnesch wéi en vun der Santé an de  Medien präsentéiert gëtt !

Hire Wocheréckbléck ass eng opgebauscht a komplizéiert Duerstellung, gespickt mat  mathematischen Kurven. Dat alles interesséiert den Normalbierger net, well en et net versteet!? Wéi ee Prozentsaz vun de Leit, meng der, géif dee Puzzle do liesen ? Genau esou är Dagesbilanz, déi eis dagdeeglech virgelueccht gëtt, déi net stëmme kann !? Dir maacht keen Ennerscheed zwëschen positiv PCR-Getester an onbekannt  Positiver déi an der Géigend erëmlafen!? Ech gesinn näischt Wesentliches un deem nei gestëmmte Covid-Gesetz, 4 Deeg anstatt 7 Deeg Isolatiounsdauer, dat kann d’Zuel vun den Neiinfektiounen  jo nëmme vergréisseren ? D’Positivitéit kann bis zu 10 Deeg daueren ! Dat flottst fannen ech ëmmer wann esou ee Gesetz unanime an der Chamber ugehooll gëtt;  da soen ech  mer ëmmer: Sollen déi dann dee Virus all esou gutt kennen!?

Wat bleift schlussendlech nach vun deem uersprengleche Gesetz?  Ma leet et dach komplett ad acta!? D’Zuel vun den Neiinfektiounen an de Reinfektiounen ass nach ëmmer héich an et gëtt och nach ëmmer Doudesfäll ! Gitt de Leit emol Präzisiounen , a sot hinnen  ob dat Geimpfter oder Ongeimpfter sinn ; et ass dat wat d’Leit interesséiert !

Elo nach e puer Wuert zum Long-Covid. Do ginn als Nowéien Middegkeet, Kuerzotmegkeet,, Konzentratiouns – a Gediechnesproblemer als déi gängegst Symptomer genannt ; d’psychesch Problemer nach esou niewebäi.

Vu Gelenkproblemer a Schankeproblemer gëtt guer näischt gesot !? Vergiess gëtt awer ni, fir den Omikron ze minimiséieren ! Vu Pandemie héiert een och net méi vill, obschon den Omicron iweraall ass !?

Preparéiert Iech, wéi schon ugesot, fir den Hierscht  an de Wanter, well no den Zuelen, déi am Moment iwwerall zirkuléieren, ass den Omikron nach ëmmer do, an en ass, wéi scho gesot, net esou harmlos, wéi en ëmmer duergestallt gëtt, an hee kann eis nach vill Misär maan!? Wann net , emsou besser!!

PS. Et war nach ni esou einfach fir infizéiert ze ginn wéi haut !?