An onse Medië waren an der leschter Zäit e puer Artikele respektiv Interviewe betreffend déi nei Struktur vun der ‘Nationaler Elternvertretung’. Hire President, den Här Massen, ass bestëmmt een engagéierte Mënsch, dee Positives am Schoul Beräich wëll erreechen. Awer ech si bass erstaunt iwwert seng Analys, datt mat dësem 'neien' Gremium hien huet misse bei 0 ufänken. Dat ass fundamental falsch. Et gouf laang virun der aktueller Elterevertriedung, déi eng vum Ministär opgebaute parallel Struktur duerstellt, scho ganz gutt funktionéierend Elterevertrieder, déi demokratesch organiséiert sinn a sech an hire Schoulen engagéieren. Ech schwätzen hei vun de lokalen Elterevereenegungen an de Schoulen, sief dat am Fondamental oder am Lycée.

Et gouf a gëtt hei mat der FAPEL eng Daachorganisatioun, déi genee dëse Rôle, deen den Här Massen beschreift, erfëllt huet an dëst demokratesch legitiméiert a laang Zäit finanziell a logistesch vum Ministär ënnerstëtzt ginn ass. Vertrueden an all relevante Kommissiounen op nationalem oder lokalen Niveau, wou konstruktiv probéiert ginn ass matzeschaffen, mat Matsproocherecht a gudden Iddien, déi diskutéiert an deelweis och da mol a Projete vum Ministär mat agefloss sinn.

Ech fannen et dofir erschreckend datt, och an onse Medien, bei dëser Thematik dës Tatsaachen einfach ausgeblennt ginn, an hei, a mengen Aen, eng Zort Geschichtsverfälschung bedriwwe gëtt.

Menger Meenung no, war d’FAPEL ze onofhängeg vis-à-vis vum Ministär an domat wuel ze onbequem. Ee vun de grousse Virdeeler hei ass awer d‘Representativitéit iwwert de Wee vun de sëllege lokalen Elterevereenegungen aus deene sech d’FAPEL zesummesetzt. De Kontakt um Terrain, deen den Här Massen beklot net ze hunn, war hei existent. Problemer a Proposë fir Léisunge méi einfach rauszefannen an ëmzesetzen.

Amplaz mat der FAPEL zesummen dës Kollaboratioun konstruktiv weider auszebauen, huet da leider de Minister Meisch hei lues awer sécher ugefaangen all dëst ze ‘demontéieren’ ënnert senger Passioun vun enger Reform. Hei sinn elo dann etlech Jore verluer gaang fir eng nei Struktur, déi nach ëmmer deelweis parallel zu de bestoenden Elterevereenegungen existéiert, opzebauen. Den Här Massen gëtt jo selwer zou, datt hien a seng Equipe virun allem domat beschäftegt war sech erëmzefannen an ze etabléieren. Hei ass  vill Zäit an Energie domat gebonne ginn, amplaz sech méi konkret a konstruktiv an déi villfälteg Problematiken um Terrain mat anzebréngen.

Ech selwer war laang a verschiddenen Elterevereenegungen an och an der FAPEL aktiv. Tëschent den Zeile vun den Aussoe vum Här Massen spieren ech och eng gewëss Frustratioun, déi ech gutt kann novollzéien. Ech wënschen, trotz all menger Kritik, allen Elterevertrieder vill Erfolleg an hirem Engagement. Et gi jo leider ëmmer manner Mënschen, déi sech am Benevolat esou engagéieren, dofir ass et jo och ëmsou méi wichteg hinnen déi beschtméiglech Konditiounen ze erméiglechen.

BODEN Jean

Gonnereng