D'Logement Problematik ass en Dauerbrenner a setzt vill Mënschen (op an der Koppel, Célibataire, Elleng erzéien, ...) ënner massiven Drock am Alldag.

Eng Rei vu Mënschen si méi vulnerabel, entweder kee Logement ze fannen oder hiert Logement ze verléieren. An eis Jugend huet et och net liicht, wann si net grad aus wuelsituéiertem Elterenhaus kommen.

Ech wollt einfach emol just opmierksam maachen op déi onméiglech, onnéideg a menger Meenung no, schonn diskriminatoresche  Konditiounen déi verschidden Agencen a Privatleit froen, wann si hire "Bien" verloune wëllen.

Mäi Constat : D'Hemmungen si gefall, Krittäre Salon fäeg ... d’Dekadenz erreecht.

Ech hu Folgendes gelies an enger Annonce, opgi vun enger Agence am Süde vum Land (an der drëtt gréisster Staat):

Fir d'Locatioun vun engem Appartement mat engem Loyer vun 1.400 Euro pro Mount fir +/- 117 m2 steet bei de Konditiounen déi déi zukünfteg Locatairen erfëlle mussen :

Conditions : "2 CDI avec période d'essai accompli".

Lo thematiséieren ech emol nach net all déi aner, an der Annonce ernimmte Konditiounen.

D'Vollek kritt erkläert :

- déi nächst Generatioune mussen sech domat ofginn, net méi Propriétaire ze sinn, mee si musse Lounen ;

- elo kennen d'Mënschen, wann se net konkrete Krittären/Konditiounen entspriechen, och emol net méi lounen.

Wat kennt nom Refus vum Recht ze lounen duerch esou Krittären ?

D'Zelten an der Natur ? Iwwernuechten an Gaardenhaisercher vum Noper ? Ah nee ... dat dierf ee jo och net.

Am Kloertext interpretéieren ech dat esou :

Mir hu Mënschen déi z.B an Entreprisen am Kader vun engem oder e puer CDD'en, déi sëllege Congé'e ersetzen. Et sinn dat z.B  Dispensen, Congé de maternité, Congé parental, Laangzäit Congé de maladie , ... Et ginn der jo ëmmer méi gefuerdert an gefërdert. Net ëmmer, bis seelen, ginn et awer Perspektiven an den Entreprisë wou en hëlleft, op e CDI.

Des Mënsche kréien d'Recht op Locatioun verweigert, obwuel si éierbar a wichteg Aarbecht leeschte fir den Aarbecht/- a Wuelstand System oprecht ze erhalen. Dass anerer Mënschen hirem perséinleche Besoin a Worklife Balance nokomme kënnen an d'Entreprisë mat de Konsumenten, um Enn hir Servicer kréien.

Ech froe mech, wou do déi Responsabel vun der Chance Gläichheet intervenéieren bei esou Publikatiounen ?

Ech sinn der Meenung : Wien an der heiteger Zäit denkt, dass en duerch esou Methode säi Loyer ëmmer sécher era kritt, ass fir meng Begrëffer immens naiv oder schrecklech domm.

Schlussendlech, ginn  et dann zum Gléck op der anerer Säit e puer Propriétairen, déi hiert d'Logement an d'GLS (Gestion locative sociale) ginn ! E grousse Bravo a Merci u si.

Remark :

Dëse Lieserbréif engagéiert mech als Privatpersoun a reflektéiert exklusiv meng perséinlech Meenung.

Jean-Paul BLESER

Dippech