Et schéint wei wa mir, den Syndikat aus dem Neiduerf, mat eise Fuerderungen, zu dësen onnëtze Projet vun enger Bréck iwwert de Neiduerf net méi alleng do stinn. Wei mir gesinn hunn huet “Natur an Ëmwelt “hier Bedenken och massiv ugemellt.

An hirem Schreiwes kritiséieren si :

- Dass de Besch riets a lenks vun dem Neiduerf zerschnidde gëtt
- Dass ënnert dëser Bréck éiwege Schued um Besch gemaach géif ginn
- Dass de Waasserhaushalt verännert gëtt an déi Beem déi nach do stinn Problemer kréien
- Dass des Konstruktioun negativ Auswierkungen op Deieren an dem Besch wäert hunn, well hiren intakte Liewensraum zerstéiert gëtt
- Dass et negativ fir eise Klima ass well vill Beton a Makadam verbraucht gëtt deen sech am Summer vill op hetz, an des Hetzt laang späichert wat e regelrechte Klima killer ass
- Dass Leit aus dem Neiduerf an och déi Leit beim Zou an Ofgang vun der Bréck ee ganz groussen Verloscht um Liewensqualitéit mussen erleiden
- Dass et eng gréisser Liichtverschmotzung ass déi hei toleréiert gëtt

Wei dir gesitt sinn dëst Fuerderungen, déi vir eis net nei sinn, fir iech sécher och net. Dir hutt iech mat ärem oniwwerluegten Kreatioun ‘s Wut einfach iwwert all ons Fuerderungen ewech gesat, vun dem Resultat vun enger Ëmfro déi mir gemaach haten guer net ze schwätzen. Mir hunn héieren vun engem Schäffen, dass de Präis den dir op der Presentatioun gesot hutt net méi stemmt, mä laut senge Wieder géif de Präis mindestens em 50% méi héich ginn. Fannen dass dir hei är Kollegen an dem Gemengerot hannert Liicht gefouert hutt mat falschen Zuelen. Net nëmmen déi 27 Leit an dem Gemengerot mä och déi ganz Populatioun aus der Stad.

Wann een sech déi Käschten vun dësem Projet ukuckt dann iwwerschléit dëse Projet nach méi de Vëloswee op dem Belval. Hei leie mir bei iwwer 150.000€ pro Meter. Ass dëst eng responsabel Verwendung vun de Gemenge Finanzen respektiv vun eise Suen.

Wou ass déi Käschte Notzen Analyse? Esou eng hutt dir guer keng gemaach. Hei gëtt wierklech just aus der Heft geschoss, a nëmmen dass een oder zwee Leit bei verschiddene Veräiner gutt do stinn.

Et kann dach net sinn dass Leit an dësem Land einfach näischt méi ze soen hunn an dass déi Responsabel sech behuelen ewéi wann se nach an der Zéit vun Feudalhären hänke bliwwe wären.

Dir sidd déi dach, déi vun Offenheet an Transparenz schwätzt, mä dëst schéine just eidel Wieder ze sinn. Firwat gëtt bei esou Projeten net Populatioun aus der Stad oder de concernéierte Quartieren em hier Meenung gefrot, oder hutt dir Angscht virun der Meenung vun de Leit.

En Awunner aus dem Neiduerf huet Leit gezielt déi mat dem Vëlo duerch de Neiduerf fueren dat waren der tëschent 18 an 20 Auer 4 bis 6 Stéck. Dëst elo héich gerechent op 12 Stonnen géifen esou em déi 24 Leit des Bréck benotzen. Awer just nëmmen wann et net Reent. Dat wier dann ongeféier 80€ pro Benotzung.

Kucke mir des Präisser, mussen se sech Fro gefale loossen op hei net einfach Suen zu der Fënster eraus geheit ginn. Hoffen dass de ganze Gemengerot eng 180 Grad Kéier kritt an dëse Projet op Eis leet an sech mol déi Alternativen méi genee ukuckt an net nëmmen op Aussoe vun engem Minister lauschtert.

SIL Neudorf